Search

You may also like

surprise
G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo
Neiegkeeten Sport

G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo

Um Freideg huet zu Taormina a Sizilien de G7 Sommet

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

Terroralarm an Thailand
Neiegkeeten Sport

Terroralarm an Thailand

Während dem Sommet vun den Ausseminister vun den ASEAN-Staaten zu

Basketball: Logik a Kloerheet

Basketball: Logik a Kloerheet

Wärend d’Männer wéinst der Nationalmannschaft nach pauséieren, goung et bei de Frae am Basketball erëm richteg zur Saach!

Gréng viru Corona

Keng Panik, et gëtt een net gréng duerch Corona. Héchstens gréng viru Suergen wéinst Corona. Virun allem dann, wann de Grün Corona huet. De feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Nationalsport Thomas Grün gouf kuerz viru senger Urees bei d’Zeam vum Coach Ken Diederich positiv op de Coronavirus getest ginn. Dëst ass am Kontext vun Tester mat senger Mannschaft aus Tréier passéiert.

Déi FLBB-Auswal wäert deemno bei hirer Rees an de Kosovo op de Grün verzichte mussen. Dat ass eng batter Nouvelle fir d’Ambitioune vun der talentéierter Lëtzebuerger Nationalmannschaft!

Toppspill? Éischter net!

Wa Plaz 3 a Plaz 4 openeen treffen, neigt de Journalist zum Grëff an den Titeltirang. “Toppspill” kléngt gutt, ass awer net ëmmer de Fall. Och wann d’Tabell net litt, heiansdo verzitt sech d’Realitéit e bëssen. A wärend d’Basketball-Dammen vun Ettelbréck an Diddeleng an der Tabell de Spëtzenduo joen – an zwar Hand an Hand – sou war um Terrain am Gläichschratt näischt méi dovunner ze gesinn.

Wärend déi éischt dräi Véierel mat +1, +5 a +4 nach knapp fir Diddeleng ofgeschloss goufen – den T71 ass den Ettelbrécker am leschte Véierel mat 28:14 fortgelaf. Si sinn op e Gesamtresultat vun 81:57 komm!

Spëtzenleeschtung? Ma Logic!

Wie mécht am Total-League vun den Dammen eigentlech déi meeschte Punkte pro Spill? Ma, d’Logic! An déi meeschten Assists? D’Logic! An déi meeschte Steals? Jo, mir widderhuelen ons …

Datt Walfer vun uewe gréissen däerf, ass net onbedéngt logesch, huet awer vill mat Logic ze dinn.

Déi 28-Järeg US-Amerikanerin huet mat hirem 79-72 Erfolleg vun hirer Mannschaft iwwer Basket Esch 22 Punkten, 7 Assists an 13 Rebounds bäigesteiert. Do wär souguer de Lebron James houfreg!

Kellerkand bleift am Donkelen

Sparta Bartreng zielt aktuell fënnef Punken aus fënnef Spiller. A mat der Amicale aus Steesel war de Weekend eng Mannschaft aus dem Tabellemëttelfeld op Besuch. Eigentlech ass dat e Grond zur Hoffnung. Opkomm ass dovunner allerdéngs keng: schonn am éischte Véierel konnt Steesel a Féierung goen. Am Laf vum Spill sollten Bartrenger mat engem Defizit vu 34 Punkte verléieren. Si waarden zanter der leschter Saison op en Erfolleg.

Text vum Daniel Baltes / mental.lu

Opmaacherbild: © Tommy Boudreau / Unsplash

Related topics Basketball, Diddeleng, Ettelbréck, FLBB, Ken Diederich, Mental, Thomas Grün
Next post Previous post