Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann sech Frae bewosst géint Kanner entscheeden
Kultur Neiegkeeten

Wann sech Frae bewosst géint Kanner entscheeden

Dat een am 21. Joerhonnert als Fra iwwer 30 Joer

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…

Also wann ee sech esou d‘Zuelen ukuckt, da kéint een

Mann erschéisst Serveur – D’Iessen huet ze laang gebraucht
Kultur Neiegkeeten

Mann erschéisst Serveur – D’Iessen huet ze laang gebraucht

Honger kann elle sinn, sollt awer net esou eskaléieren, wéi

Alles Guddes, Mamma! Bastelddie fir Mammendag

Alles Guddes, Mamma! Bastelddie fir Mammendag

Mammendag steet virun der Dier – zanterdeem ech d’Buch Mammendag vu Kremart gelies hunn, hunn ech verstane wat dat wichtegst Geschenk iwwerhaapt ass. An dat si keng Blummen a Bijouen. Et ass onbezuelbar an dat wäertvollst iwwerhaapt. Et ass d’Zäit, déi een zesumme verbrénge kann!

Natierlech freet sech all Mamm iwwert eng flott Kaart, déi selwer gebastelt gefale mir nach ëmmer am beschten, se komme vun Häerz an net aus dem Buttek, ma ech kann Iech awer soen, mat zwou lénksen Hänn war dat keng einfach Affär, ma fir Iech hunn ech mech druginn.

Hei hunn ech zwou kleng Basteliddien:

Eng Kaart (fir Zäit ze verschenken)

Dir braucht faarwegt Zeechepabeier, schneit e puer Häerzer aus
Eng Tuschfaarf, oder en Edding
An e bësse Fantasie fir den Text, vergiesst d’Sonndesschrëft net!
Diebelt den éischte Pabeier esou, dass en ewéi eng Kaart ausgesäit.
Pecht Är Häerzer drop, der Fantasie si keng Grenze gesat.

Basteliddien

© Jessica Mersch / Bichergeck

E Lieszeechen

Ech, als Bichergeck freeë mech natierlech iwwer Lieszeechen, et ass e klenge Spleen – där kann een net genuch hunn. Dofir hunn ech spontan nach dëst dobäi geholl.
Dir braucht en faarweg Zeechepabeier oder Bastelpabeier mat Motiver an en alt Buch.
E puer Häerzer erausschneiden – am beschten d’selwecht grouss oder ëmmer méi kléng an alles der Rei no drop pechen.

Et voilà, fäerdeg!

Basteliddien

© Jessica Mersch / Bichergeck

Wann d’Mamma e gréngen Domm huet, kënnt Dir hier villäicht e Blummendëppen dekoréieren, schéin umolen a selwer Blummen eppes dra planzen.

Am Confinement hunn ech vill mat mengem Meedchen gegäertnert, eis Glécksknolle ass erauskomm – déi kritt d’Schwéiermamm als Kaddo.

Eigentlech ass et egal, wat der Mamm geschenkt gëtt, et ass de Geste deen zielt. A sou dacks ewéi meng Kanner mech ëmäermelen, mir einfach esou e Kaffi maachen oder mir eppes aus dem Buttek matbréngen, kann ech soen:

Fir mech ass all Dag Mammendag!
Ech wënschen Iech vill Spaass mam Bastelen an de Mammen e schéinen Dag! Loosst Iech feieren – a wann et Kuch gëtt, iwwerloosst et de Männer oder de Kanner d’Spull ze maachen.

Ähnlech Sujeten Basteliddien, Bichergeck, Kaart, Kreativitéit, Lieszeechen, Mammendag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel