Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eisebunnerstreik am Frankräich (erkläert)
Kultur Neiegkeeten

Eisebunnerstreik am Frankräich (erkläert)

D‘Schnellzich (TGV) an d‘Ouigo-Zich sollen ab haut nees „normal“ zirkuléieren,

Äerdbiewen an Albanien: Lëtzebuerg hëlleft mat 100.000 €
Kultur Neiegkeeten

Äerdbiewen an Albanien: Lëtzebuerg hëlleft mat 100.000 €

Nom Äerdbiewen an Albanien um vergaangenen Dënschdeg sinn ronn 900

Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!
Kultur Neiegkeeten

Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!

Si hu laang no him gesicht, an se hunn e

BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!

BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Akine © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Akine © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Lewis Capaldi © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Lewis Capaldi © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu
BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Bastille © Shari Pleimelding/moien.lu

Um Freideg Owend huet déi britesch Band Bastille mat hirer „Still Avoiding Tomorrow“ Tour ee phenomenale Concert an der Rockhal ofgeliwwert. Mat Musek vum Akine a Lewis Capaldi als Astëmmung war d’Gesamtkonzept perfekt an esou konnten d’Fans mat Bastille de Kampf géint d’Zäit untrieden.

Den Ufank huet d’Akine gemaach, wat de Publikum mat dreemerescher Musek an eng aner Welt gezunn huet. Esou skeptesch, wéi een dach onbekannte Gruppen am viraus ass, huet dat jonkt talentéiert Meedchen, zesumme mat sengen zwee Bandkollegen eis de Géigendeel bewisen a jiddwereen am Sall begeeschtert! Wéi kann een dem Akine säi musikalesche Stil elo am beschte beschreiwen? Mir géifen et als Kombinatioun aus kloerem emotionalem Gesang mat enger gewësser Energie an experimenteller, deelweis elektronescher Begleedung betitelen. Esou kënnt et wéi een neie Genre an der Popwelt eriwwer, deem een awer iwwert Stonnen nolauschtere kéint. Ëmsou méi schued war et, wou d’Akine säi lescht Lidd vum Owend ugestëmmt huet. Mee wien weess, vläicht besicht d’Band eis deemnächst jo erëm?

A weider geet et, an dat mam schottesche Singer-Songwriter Lewis Capaldi. Bekannt ass de Museker bei eis virun allem duerch säin Hit „Bruises“. Schonn nom éischte Lidd huet ee missen zouginn, datt dësen iwweraus sympathesche Kärel ee mat senge Lidder emotional immens beweegt. Esou kënnt ee sech bal vir, wéi wann ee grad mat dobäi wier, datt dem Sänger d’Häerz gebrach gëtt an hien eis seng Gefiller matdeelt. Dotëscht gëtt een awer ëmmer nees zum grinse bruecht, andeems den buedemstännegen an immens éierleche Lewis Capaldi sech mam Publikum ënnerhält.

Och wann de Museker äusserlech vläicht net dem Idealbild vun engem Star entsprécht, sou kann engem säin Ausgesinn bei sengen immense Lidder dach och komplett egal sinn. A soe mir emol sou, säi klenge Bauch an d’Optrieden, wéi wann hien den eegenen Noper wier den d’Gittar auspéckt an einfach sengt mëscht de Museker ëmsou méi sympathesch! Et sollt net fir d’lescht sinn, dat souwuel d’Akine, wéi och de Lewis Capaldi un dësem Owend d’Bühn betrieden, mee dozou spéider méi.

Den Dag vu Muer vermeiden

D’Tour vun der britescher Rock-Band Bastille stoung ganz am Zeeche vun der Zäit. Ëmmer erëm ass am Hannergrond an iergendenger Form eng tickend Auer gewise ginn, sou datt et engem bal virkoum, wéi wann et de leschte Concert virum Weltënnergank wier. D’Briten hunn dobäi vun der éischter bis zur leschter Sekonn esou richteg ofgeliwwert!

Dobäi huet de Grupp ëm den Dan Smith sech och immens Gedanken iwwert d’Bühnebild gemaach. Ufanks konnt een, duerch d’Verhülle vun der Bühn duerch ee wäisst Duch, just Schieter erkennen, déi duerch verschidde Beliichtungen all Sekonn anescht gewierkt hunn. Dobäi ass natierlech d’Zäit gelaf an den Text vum éischte Lidd ass, an der Schrëftaart vun engem ale Videofilm iwwert déi ganz Längt gelaf. Schliisslech sinn awer och hei d’Hülle gefall an esou konnt een Bastille endlech gesinn!

D’Wierkung vum Bühnebild huet domat awer net ofgeholl, am Géigendeel. Schonn eleng bei de Biller a Videoen am Hannergrond, der Beliichtung an der dréibarer ronner Bühn an der Mëtt huet immens vill Aarbecht dra gestach. D’Méi huet sech awer gelount an esou huet d’Kombinatioun aus dem Visuellen an der Musek vu Bastille een eenzegaartegt Meeschterwierk erginn.

Besonnesch emotional ass et beim Lidd „World Gone Mad“ ginn. Mëtteg op der dréibarer Bühn stoung ee Kanapee an eng al Luucht. An dësem Dekor huet de Sänger d’Akine nees opgeruff an esou hu si de Song, den vun Hoffnungslosegkeet a Verzweiwlung handelt, zesummen virgedroen. Wéi schonn ugedait sollt awer och de Lewis Capaldi nach emol op d’Bühn geruff ginn, an zwar beim bekannte Lidd „Bad Blood“. De Song, mam selwechten Titel wéi den Deput-Album vun der Band, ass no Pompeii eent vun de populäerste Wierker vu Bastille. An esou hunn och all d’Fans den Text kannt an d’Museker begleet.

Nieft esou gefillsbetounte Momenter huet den Owend awer och kräfteg gefeiert misse ginn! Virun allem beim Cover vun „Of the Night“ huet de gesamte Sall matgedanzt, jiddwereen ass ronderëm gesprongen an huet beim Refrain matgesongen. Dëst war allerdéngs och de Fall bei méi neie Lidder, wéi beispillsweis der Kooperatioun mam Marshmello, wou de Song „Happier“ entstanen ass, oder och bei „Grip“, woubäi Bastille zesumme mam Seeb ee richtegen Nummer 1 Hit kreéiert huet!

Als Fazit kann een näischt anescht soen, wéi datt, op allefalls fir mech perséinlech, e Freideg ee vun de beschte Concerten gespillt ginn ass. Déi räichhalteg Auswiel aus gefillsbetounter Musek vum Akine a Lewis Capaldi am Zesummespill mat Bastille hunn een ideale Programm gebueden, vun dem ee just hoffe kann, datt an Zukunft weider ähnlech Optrëtter zu Lëtzebuerg gebuede ginn!

Ähnlech Sujeten Akine, Bastille, Concert, Den Atelier, Lewis Capaldi, Musék, Rockhal, Still Avoiding Tomorrow
Nächsten Artikel Virrechten Artikel