Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Munneref: den Treff vun de Numismatiker a Philatelisten
Neiegkeeten

Munneref: den Treff vun de Numismatiker a Philatelisten

Am Casino 2000 zu Munneref war ee Sonndeg nees de

money
Handelskrich: Virum Hannergrond vu Menacen, ginn d‘Waffe poléiert
Neiegkeeten

Handelskrich: Virum Hannergrond vu Menacen, ginn d‘Waffe poléiert

Um Freideg huet sech d‘Rhetorik tëscht den Handelspartner weider entflaamt.

dislike
Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen
Neiegkeeten

Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen

Amnesty International huet haut e Rapport verëffentlecht, an deem eng

Bauerenzentral: „Loosst eis elo net hänken!“

Bauerenzentral: „Loosst eis elo net hänken!“

Datt eis Baueren och an dëse schwieregen Zäiten zolidd derwidder ginn, dat eppes, dat misst een net méi mussen erklären. Mee elo geroden och si lues awer sécher ënner Drock, well hinnen d‘Ofsaz-Mäert ewechbriechen. Ouni Gastronomie, d‘Schoulkantinnen an aneres méi, bleiwen si elo op hirer Mëllech an esouguer dem Rëndsfleesch sëtzen. D‘Bauerenzentral schléit entspriechend Alarm.

Fir d‘Direktesch vun der Bauerenzentral ass d‘Entwécklung dann och wäit méi Schlëmm, wéi dat de Leit dobausse bewosst ass. D‘Josiane Willems weist drop hinn, datt d‘Präisser vun der Mëllech ëm 15% agebrach sinn a een beim Mëllechpolver esou lues awer sécher um Interventiounsniveau – da muss d‘Regierung agräifen – an d‘Molkereie fänken dann och un Liwwerungen ze refuséieren.

Bauerenzentral

© Jagoda Kondratiuk / unsplash

Mëllech a Rëndsfleesch sinn déi zwee wichtegst landwirtschaftlech Produiten, an dat ass ee Beräich dee staark vum Export ofhängeg ass. Deen ass natierlech och staark réckleefeg. Och de lokale Marché ass keng Hëllef a wann ee sech dann och d‘Konkurrenz vun den Importer vun de Mercosur-Länner ukuckt, déi hir Wueren zu Niddregpräisser iwwert de grousse Pull joen, gëtt engem Angscht.

Dat selwecht Bild bitt sech engem beim Kalleffleesch, wärend sech d‘Schwéngefleesch grad nach esou hale kann. Elo gëtt et awer weder bei der Mëllechkou, nach dem Rand ee Knäppchen, mat deem een se kéint Ausschalten. Dat d‘Perte fir d‘Baueren nach net ze beziffere sinn, ass dat eent, mee den Drock op d‘Präisser an déi feelend Ofsazméiglechkeeten ass dat anert. An dat ass net gutt.

De Maart regelt eben net alles

Elo ass natierlech net esou, dat eise Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) sech deem Ganzen net bewosst wier, an huet an dësem Zesummenhang och eng ganz Rëtsch u Mesure ginn, déi eise Baueren an der Kris iwwert d‘Ronnen hëllefe sollen. Déi awer, esou d‘Siicht vun der Bauerenzentral, wiere keng Moossnamen déi sech op déi sanitär Kris bezéien

Laut dem Josiane Willems handelt et sech bei den Entschiedegungen an ënnerstëtzende Mesuren, ëm schonn an de nationalen an europäesche Legislatioune bestoende Moossnamen. Wëll heeschen, datt d‘Landwirt souwisou Usproch op dës „Hëllefen“ hätten. Déi vum Minister annoncéiert Hëllef hätt faktesch näischt mat der Kris ze dinn, obwuel hien déi als Solches duergestallt hätt.

Bauerenzentral

© Laura Anderson / unsplash

Als Beispill zitéiert d‘Direktesch déi versprache 25 Milliounen Euro. Laut der Bauerenzentral handelt sech bei dëser Zomm ëm déi sougenannt Kompensatioun fir Naturschutzmoossnamen an Investitiounshëllefen. Gläiches fir d‘Hëllefen am Krankheetsfall, och dat steet längst am Gesetz, Zudeem kann e Bauer weder op d‘Entschiedegung fir Independanten oder Kuerzaarbecht hoffen.

Si kënnen sech – wann een d‘Liewensmëttelketten net wëll ënnerbriechen – net an d‘Fotell sëtzen a waarde bis de Stuerm eriwwer ass. An dat féiert zu engem weidere Problem, deen nawell och fir vill Gedauschs suergt. Eis Bauere sinn op d‘Saisonsaarbechter ugewisen an déi koumen zuweilen aus dem Ausland. D‘Aktioun „JobSwitch“ wier hei leider och keng Hëllef, kaum een notzt dat.

Nach keng Luucht um Enn vum Tunnel

Fir d‘Bauerenzentral ginn also dem Romain Schneider seng Mesuren net wäit genuch. Zudeem ass de Kredit fir d‘Josiane Willems net wierklech dat wat een eng Hëllef kann nennen. Domadder ginn d‘Problemer vun de Bauere just zäitlech verréckelt. An et stellt sech déi berechtegt Fro, wéi dës Kreditter sollen zréckbezuelt ginn, wann am Kontext vun der Rezessioun d‘Präisser ënnerginn.

Net ze vergiessen, datt wann d‘Molkereien näischt méi kënnen unhuelen, d‘Mëllech muss entsuergt ginn, wat jo elo och net wierklech eng Léisung ass. An dat ass jo och nëmmen e vu ville Problemer mat där d‘Landwirtschaft sech elo erëmschloe muss. A wann et richteg an néideg ass datt hei d‘Regierung de Stéier mat Haare pake muss, esou kann och de Bierger säint derzou bäidroen.

Bauerenzentral

© Annie Sprat / unsplash

Wien – an dat dierft eis jo alleguerte betreffen – ee gudde Maufel mat frësche Produiten, vun Uebst iwwert Geméis bis hin zur Mëllech an dem Fleesch als déi beschten Ernierung unerkennt, sollt sech virrangeg op déi lokal produzéiert landwirtschaftlech Produkter konzentréieren. Dat eleng wäert de Problem net léisen, mee eis Wuere sinn esou gutt, datt ee hinnen net déi kal Schëller weise sollt.

Elo hunn da mëttlerweil och déi europäesch Landwirtschaftsminister eng gemeinsam Erklärung virgeluecht an där et dann heescht dat méi muss ënnerholl ginn. Si gesinn dat wuel méi mam Bléck op d‘Liewensmëttelsécherheet, mee och soss, muss méi geschéien. Et heescht zudeem, datt eng Analys vum Secteur zu Lëtzebuerg géif gemaach ginn. Bis dohinner kaaft lokal, denkt global…

Mam Laure Schlesser an dem Shari Pleimelding

Foto: © Megumi Nachev / unsplash

Ähnlech Sujeten Bauerenzentral, Coronavirus, Covid19, Josiane Willems, Landwirtschaft, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel