Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

#VakanzDoheem am Schifermusée: Egal wéi schifs du bass, si sinn Schifer!
Neiegkeeten

#VakanzDoheem am Schifermusée: Egal wéi schifs du bass, si sinn Schifer!

De Schifermusée zu Maartel erlaabt dem Visiteur en Zäitsprong an eng

Sozialwahlen 2019: OGBL erfëllt d‘Erwaardungen net an d‘ALEBA kritt d‘Kéier
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: OGBL erfëllt d‘Erwaardungen net an d‘ALEBA kritt d‘Kéier

Wann een op den éischte Bléck unhuele sollt, datt am

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !
Neiegkeeten

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !

Wéi Dir et sécherlech aus der Press erfuer hutt, ass

Bauhärepräis OAI 2020: D’Stad Lëtzebuerg hat iwwerzeegend Projeten

Bauhärepräis OAI 2020: D’Stad Lëtzebuerg hat iwwerzeegend Projeten

E Méindeg huet den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI) op d’Iwwerreechung vum Bauhärepräis OAI 2020 invitéiert. Méi wéi 250 Projete goufen agereecht an an 9 Kategorien ënnerdeelt. D’Stad Lëtzebuerg ass fir 5 Projeten ausgezeechent.

Fir säi Projet vum sozialen an generatiounsiwwergräifende Wunnraum an der Mühlenbacher Strooss konnt d’Stad Lëtzebuerg an der Kategorie „kollektive Logement“ iwwerzeegen an esou de Bauhärepräis OAI 2020 ofstëbsen. Och de Panoramalift vun der Uewerstad an de Pafendall huet iwwerzeegt an de Spezialpräis an der Kategorie „Accessibilitéit“ kritt.

Dobäi komme jeeweils eng Mentioun an der Kategorie „Konscht- an Infrastrukturwierker“ fir de Skatepark Péitruss an d’Waasserschlass um Ban de Gasperich.

D’Buergermeeschtech Lydie Polfer weist sech immens houfreg iwwert dës Auszeechnungen an de verschiddenste Beräicher. „Dës Präisser a Mentioune beweisen d’Qualitéit vun eisen Architektur- an Infrastrukturprojeten a bedeiten eng Unerkennung vun de Beméiunge vun der Stad als Bauhär. All Projeten, déi un dësem Owend e Präis kruten, ënnerscheede sech duerch hir eenzegaarteg Architektur déi sech gläichzäiteg perfekt an eist urbaant Ëmfeld vun der Haaptstad integréiert.“

Folgend Projeten huet d’Stad Lëtzebuerg als Bauhär agereecht gehat:

  • Kategorie „Kollektive Logement“:
    • Sozialen a generatiounsiwwergräifende Logement (44,, Rue de Mühlenbach, Lëtzebuerg-Eesch) (Laureat)
    • Residenz mat 4 Sozialwunnengen am Pafendall (11, val des Bons-Malades, Pafendall)
  • Kategorie „Banneschten Amenagement“:
    • Rehabilitatioun an Transformatioun vun der aler Moschterfabrik (Muerbelsmillen) am Pafendall
  • Spezialpräis „Accessibilitéit“:
    • Panoramalift Pafendall-Uewerstad (Laureat)
  • Kategorie „Konscht- an Infrastrukturwierker“:
    • Skatepark Péitruss (Mentioun)
    • Waasserschlass Ban de Gasperich (Mentioun)
    • Panoramalift Pafendall-Uewerstad (Mentioun)
  • Kategorie „Gebai mat edukativem, kulturellem oder sportlechem Notzen“:
    • Precoce a Spillschoul mat Foyer mat Solardaach (19, rue Charles IV, Belair)
    • Städtesch Crèche (20, rue d’Orval, Belair)
    • Ausbau vum Schoulgebai (25, rue Antoine Meyer, Hollerech)

Alleguerten d’Laureaten fannt Dir op bhp.lu/laureat-projects.

Opmaacherfoto: De Panoramalift vun der Uewerstad-Pafendall © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Accessibilitéit, Auszeechnung, Bauhärepräis OAI 2020, Kollektive Logement, Logement, Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils, Pafendall, Panoramalift, Péitruss, Skatepark, Sozialwunneng, Stad Lëtzebuerg, Waasserschlass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel