Fest vun der Natur

Et dauert net méi laang, da fënnt den 18. an 19 Juni, jeeweils vun 14 bis 18 Auer, d’Fest vun der Natur zu Kockelscheier statt.

Zu dësem Zweck gëtt dat komplett Gelänner vum Haus vun der Natur an ee grousst Familljefest verwandelt. Ronn 3.000 Visiteuren, kënne sech intensiv mat der Nohaltegkeet befaassen.

Et geet ëm Beien, Hunneg a Schof – d’Déiere vun den Bauerenhaff kënnen ënner Opsiicht gefiddert ginn.

Dës weideren ginn Naturprodukter ugebueden. Iwwer 50 thematesch Verkafs- an Informatiounsstänn stinn iech zur Verfügung. Och fir d’Kanner ass gesuergt. Et Spilleck a Kanneraktivitéiten wäerten si op Trap halen a keng Langweil opkomme loossen.

Och fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

D’Entrée, déi iwwregens nëmmen 2 Euro kascht, ass zugonschte fir Projeten vun natur&ëmwelt. (Kanner ënner 16 Joer bezuelen näischt.)

All weider Informatioune fannt dir hei.

Dernières nouvelles