Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng illustréiert Kritik fir e Budget
dating in bethlehem free state

Eng illustréiert Kritik fir e Budget

Den Dout vum Groussherzog Jean huet de politesche Kalenner vun

https://moien.lu/dating-site-lavaplace/
dating in bethlehem free state

acme dating service

Um 28. Mee war d’Martina Holbach, vun der Plattform „Votum

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…
dating in bethlehem free state

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…

Déi fënneft Verhandlungsronn tëscht der EU a Groussbritannien ass alt

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag

Leschte Mëttwoch ass et an de Raimlechkeete vum nationale Conciliatiounsbüro (ONC) zur zweeter Sëtzung, am Kader vun de Verhandlungen zur Erneierung vum Kollektivvertrag am Bausecteur komm.

No laangen Diskussiounen, déi sech op „Gemeinsamkeete“ fokaliséiert hunn, huet d‘Patronat e Schratt hannerzeg gemaach, an ass op seng Revendicatioun fir d‘Extensioun vun der Flexibilitéit vun de Salariéeën aus dem Bausecteur zréckkomm. Tatsächlech fuerdert d‘Patronat eng Erhéijung vun der maximaler Wochenaarbechtszäit.

War déi éischt Reunioun (5. September) nach an enger zimlech „konstruktiver“ Atmosphär verlaf, esou kann den LCGB no dëser leschter Sëtzung nëmmen nach de Kapp rëselen. D‘Attitude déi d‘Patronat un den Dag geluecht huet, entsprécht dann awer deem Bild, dat si säit längerer Zäit fir sech beusprochen: „Mat Gewerkschafte verhandelt een net!“

De LCGB, deen net aus den Ae verluer huet, wien seng Rechter si ze verdeedegen hunn, mécht nach emol däitlech, dat eng weider Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit mat hinnen net ze maachen ass. Si ginn dann och e Schratt méi wäit, a fuerderen d‘Patronat op, den Aarbechter hir deeglech Leeschtung ze valoriséieren.

Ass de Sozialkonflikt ze verhënneren?

Elo ass et dann awer esou, datt d‘Patronat et erwisenermoossen op e Sozialkonflikt wëll ukomme loossen. Si schéngen net nëmme vu sech selwer iwwerzeegt, mee sinn anscheinend och sécher, datt sech kee vun hire Salariéeë wëll op eng „Ausenanersetzung“ aloossen.

Elo steet een dann nees um Ufank, woubäi net ganz. Den Delai vun de 16 Woche wou sech béid Parteien der Conciliatioun mussen zouwennen, sinn Enn Oktober eriwwer. Bis dohinner huet sech den LCGB verflicht mam Patronat ze verhandelen, woubäi déi sech Verhandlungen ëmmer nees verweigeren, an bei den Diskussiounen den zentrale Punkten ausweichen.

De LCGB wäert awer weider seng Memberen iwwert d‘Aktualitéit um lafenden halen, a si och mobiliséieren, fir awer e favorabelt Resultat bei dëse mëttlerweil 2 Joer unhalende Verhandlungen ze erzilen. Ugesiichts der „Lafzäit“ vun dëse Verhandlungen, misst et allerdéngs elo och deem optimisteschste Gewerkschaftler opgefall sinn, datt d‘Patronat net un enger Léisung interesséiert ass.

Ähnlech Sujeten Bausecteur, LCGB, m Gewerkschaften, OGBL, Patronat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel