E chargéierte Regierungsrot
Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider
Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider
Esou lues ginn engem dach tatsächlech d’Iddien aus, wat een
[onionbuzz quiz-id=114][/onionbuzz] De Kanton Esch-Uelzecht ass vun der Populatioun hier
Zu Bayonne (Südwest-Frankräich) huet e Mann vu 84 Joer bei enger Moschee ëm sech geschoss an dobäi zwou Persoune blesséiert. D‘Police huet de Mann verhaft, de franséische President huet d‘Dot veruerteelt a vun engem hannerlëschtegen Ugrëff geschwat.
Laut éischten Erkenntnisser vun der Präfektur, soll de Mann versicht hunn d‘Dier vum Gebietshaus a Brand ze stiechen. Heibäi ass hie vun zwee 70 järege Männer iwwerrascht ginn, wourop hin hien op si geschoss huet. Uschléissend huet de Mann en Auto a Brand gestach. Et heescht, datt den Täter eng Gasfläsch am Auto hat a bei der Moschee Brandbeschleuneger fonnt goufen.
Säitens den Autoritéiten heescht et weider, datt béid blesséiert Persounen sech am Spidol befannen. Hiren Zoustand wier „eescht awer stabil“. Fir d‘Ermëttlungen net ze behënneren, huet d‘Police d‘Awunner opgeruff sech vun der Moschee ewech ze halen an d‘Ofspärungen ze beuechten.
Vum Täter ass bis ewell gewosst, datt et e Mann vu 84 Joer ass, an d‘Police verweist op Kontakter zur rietsradikaler Zeen. Weider heescht et, datt de Mann am Joer 2015 fir de „Front National“ (haut Rassemblement National) kandidéiert hätt. Hie wier awer vun der Partei awer ausgeschloss ginn.
D‘Presidentin vum Rassemblement National, Marine Le Pen, huet sech no der Dot op Twitter zur Dot positionéiert. Hei heescht et, datt et „sech hei ëm en onvertrietbaren Akt handelt deen de Wäerter vum Mouvement géif widderspriechen“. Ob an a wéi engem Mooss de „politesche Programm“ vum RN de Mann ka beaflosst, respektiv zur Dot animéiert hunn, léist sech net soen.
Den Inneminister Christophe Castaner huet sengersäits d‘Dot och veruerteelt an der moslemescher Communautéit seng Solidaritéit a Ënnerstëtzung zougesot. Nach um Virmëtteg hat den Emmanuel Macron sech mat Vertrieder vum Daachverband fir de moslemesche Glawe getraff.
mat indymedia/par