Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Méi sécher gëtt d‘Welt esou net
Neiegkeeten

Méi sécher gëtt d‘Welt esou net

D‘Ofkommes „Open-Skies“ ass eigentlech en Accord tëscht der NATO an

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
Neiegkeeten

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier

Wien de Weekend iwwer net wousst, wat en drénke sollt,

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert
Neiegkeeten

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Während sech Amerika vun den Iwwerschwemmungen déi den Orkan Harvey

Staatsentreprise musse sozialverdréiglech agéieren

Rëmelenger Bierger stäipen de KPL-Protest géint d‘Schléissung vun der Spuerkeess-Agence

Staatsentreprise musse sozialverdréiglech agéieren

Et war ugekënnegt an et gouf och duerchgezunn: de Protestpiquet virun der Agence vun der BCEE zu Rëmeleng. Si ass eng vun den eelef Agencen, déi den Direktiounscomité vun der Spuerkeess mam Accord vum Verwaltungsrot wëll ofschafen. Net genuch Clienten, ze vill Aarbecht an net genuch Profit, sinn d‘Argumenter déi engem Staatsbetrib net wierdeg sinn.

An esou huet d‘KPL, am Géigesaz zu de Gewerkschaften an de soss ëmmer em Sozialgerechtegkeet beméite Parteien, decidéiert dës ekonomesch wéi sozial Sauerei kloer an däitlech ze denoncéieren. Hei gëtt alt nees mat Ligen a falsche Virgaben dem Bierger en ëffentleche Service muedebëtzeg gemaach, wuel net direkt vun, mee awer de facto, och mat der Ënnerstëtzung vun der Regierung.

KPL

„A Wierklechkeet gehéiert d‘BCEE dem Staat zu 100%. D‘Regierung ernennt och Membere vum Verwaltungsrot. An iwwerhaapt entscheeden d‘Besëtzer (Aktionäre) wou et laang goe soll, esou datt een dovunner ausgoe muss, datt d‘Regierung gréng Luucht fir d‘Schléissung vun den 11 Agence ginn huet“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Deem ka sech déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) als ausserparlamentaresch Oppositioun entgéintstellen an och wann hir Fuerderung un d‘Regierung, déi am Optrag vum Bierger de gudde Fonctionnement vun der Spuerkeess ze assuréieren huet, net wäert behäerzegt ginn, esou ass d‘KPL decidéiert de Klassekampf op de Stroosse weiderzeféieren. An si sinn do net eleng ënnerwee…

Zum Protestpiquet haten sech trotz eeklege Wiederkonditiounen eng ronn 150 Leit afonnt. Vill si vu Rëmeleng gewiescht, mee och aus den ëmleienden Uertschafte war Ënnerstëtzung ugereest. An déi waren sech séier Eens: „D‘Spuerkeess vu Rëmeleng muss erhale bleiwen!“. Och Vertrieder vum Rentner- & Invalideverband, déi sech besonnesch fir hir Memberen asetzen, hu Presenz gewisen.

Et geet ëm wäit méi wéi wirtschaftlech Interessen

Empfaange goufen all dës Sympathisante vum kommunistesche Schäffen, Eddes Peiffer, dee sech op de Buergermeeschter Henri Haine verloosse konnt (dat ass ee vun de Signataire vum béise Bréif un d‘Direktioun an d‘Regierung) an zudeem vun de Conseilleren André Theisen an Francine Lang-Laux (allebéid CSV) bei dëser Aktioun ënnerstëtzt ginn ass. An den Eddes Peiffer huet aleedend an d‘Geschichtsbuch gegraff, a kloer gestallt datt et d‘Spuerkeess hei schonn iwwer 100 Joer gëtt.

An den Eddes Peiffer huet der Spuerkeess zu Recht virgeworf, keng Récksiicht op déi berechtegt Besoine vun den Awunner vun an ronderëm Rëmeleng ze huelen. Et géif der Spuerkeess eenzeg an eleng ëm de Profit goen. De President vun der KPL, Aly Ruckert, huet sengersäits nach emol drop higewisen, datt d‘BCEE bannent fënnef ee Benefice an Héicht 1,1 Milliarden Euro gemaach huet. An dat jo erwisenermoossen „mat“ deenen Agencen déi elo als „iwwerflësseg“ verkläert ginn.

Verréckt ass d‘Entscheedung vum BCEE-Direktiounscomité sécher net, dofir ass se asozial an steet zudeem am krasse Widdersproch zu den eegenen Aussoen, déi se sech net emol ze schued sinn, an hire Publikatiounen dem gekniechte Client schwaarz op wäiss ze ënnerbreeden. Sozial ass wat Mënsche matenaner verbënnt, sozial ass wann ee Mënschen op hirem Liewenswee begleet. Eng Doktrinn déi et viru laanger laanger Zäit och bei der Spuerkeess sollt ginn hunn, hinnen elo abhande komm ass.

Et géif héich Zäit nees zur Vernonft ze fannen

Den Aly Ruckert huet et dann och net verpasst dem Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an dem Recht vun der Regierung virzewerfen, d‘Bierger am Land (an zuweilen och vill Frontalieren, déi d‘Servicer vun der Spuerkeess notzen) fir domm ze verkafen. Dee behaapt sech jo tatsächlech drop, datt d‘Regierung sech net dierft an d‘Strategie vun der Spuerkeess amëschen.

Begrënnt gëtt dës Argumentatioun, mam Sproch „D‘Spuerkeess ass en autonomen Etablissement Public“. Fakt awer ass, datt weder déi offiziell Texter d‘Regierung aus der Verantwortung huelen, nach ee Gesetz dem Haaptaktionär verbitt seng (an dësem Fall dat vun de Bierger) Interessen ze verdeedegen. Et sollt een hei dovunner ausgoen, datt d‘Regierung d‘Schléissunge selwer wëll…

KPL

De Buergermeeschter Henri Haine fillt sech vun der Regierung am Stach gelooss, huet awer net wëlles d‘Flënt an d‘Kar ze geheien. Hie wäert zesumme mam Eddes Peiffer an dem ganze Gemengerot weider fir den Erhalt vun dëser wichteger Bankfilial am Staatsbesëtz kämpfen © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir de Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine (LSAP) ass dat ganzt eng grouss Frechheet. Hie stäipt déi aner zéng Buergermeeschter, déi sech ënnert der Leedung vum Réiser Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP) zesummegeschloss hunn, fir am Kader vun hire Méiglechkeeten, Oppositioun géint d‘Entscheedung vum Direktiounscomité ze maachen. Eng Entrevue mat de Concernéierten Acteuren hu si schrëftlech ugefrot, an et dierfte Sträitgespréicher ginn, déi konstruktiv sollte sinn.

Et gouf vill luef fir d‘Aktioun vun der KPL. Den Henri Haine huet sech Geleeënheet net entgoe gelooss fir un enger Handvoll Beispiller nozeweisen, wéi d‘Gemengeverwaltung – wann déi Initiativen am Interessi vun de Bierger ergräife wëll – vun alle Säiten hir drangsaléiert a behënnert gëtt. Dan dat besonnesch wann ëffentlech Déngschtleeschtungen ofgebaut ginn.

„Mir fillen eis vun der Regierung verlooss“ esou de Buergermeeschter enttäuscht. Solidaritéit gouf et och aus dem Escher Gemengerot. Den Onofhänge Conseiller (also eigentlech de Vertrieder vu Volt) Dan Codello sollt dat lescht Wuert hunn. Hien huet d‘Bierger am Land opgeruff sech géint dës Schléissungen ze wieren a sech den Erhalt vun ëffentlechen Déngschter anzesetzen.

Déi weider Aktioune vun der KPL

De Protest virun der Spuerkeess-Filial zu Rëmeleng war just den Ufank vum Mouvement deen elo vun der KPL initiéiert ginn ass. Et wier net vu Muttwëll – et muss jo net direkt Member ginn – wa sech méi Bierger, déi de Sënn an Zweck vun dëser Initiativ erkannt hunn, um Protest géife bedeelegen. Et ass nees un der Zäit sech fir seng Rechter an Fuerderungen ëffentlech ze maachen.

Déi nächst Aktioun ass fir en Donneschdeg 12. Mäerz zu Esch-Lalleng geplangt. Mir wäerten iech nach Zäiteg den Detail zum Protestpiquet matdeelen. Et wier awer net verkéiert, wann dës Kéier och d‘Gewerkschaften sech géifen uschléissen…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Agence-Schléissung, Aly Ruckert, BCEE, Eddes Peiffer, Henri Haine, KPL, Rëmeleng, Rentner an Invalideverband, Spuerkeess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel