Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Burkaverbuet als EU-Direktive?
Money Neiegkeeten Stories

Burkaverbuet als EU-Direktive?

Nodeems den europäesche Geriichtshaff an der leschter Woch entscheet huet:

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung
Money Neiegkeeten Stories

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung

Et ass ee vun, wann net esouguer deen éischte Chrëschtmaart,

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!
Money Neiegkeeten Stories

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!

Am Kader vun den Ëmbauaarbechten am Rond-Point Irgäertche wäert d’Brëtelle

money

D‘Spuerkeess an de Bierger: Wéi steet et ëm d‘Vertrauen?

Eng Privatentreprise ass eng Privatentreprise, Punkt... an do huet sech d‘Regierung erauszehalen

D‘Spuerkeess an de Bierger: Wéi steet et ëm d‘Vertrauen?

Si schéngt zolidd beméit sech schlecht duerzestellen an et muss een der Spuerkeess zougestoen, dat mat ganz vill Bravour duerchzezéien. „Banque et Caisse d‘Epargne de l‘Etat“ (BCEE) esou gouf se emol genannt, dës éierewäert Staatsentreprise wou dem Conseiller nach Vertraut ginn ass, well et ee Beamte war, deen – haut onvirstellbar – d‘Bierger beroden an net beduckst huet.

Haut ass d‘Spuerkeess net emol méi drun interesséiert dem Client e Service ze ginn. Si hätt et gären datt d‘Leit zwar hir „Servicer“ notzen, d‘Aarbecht vun dësem „Service“ awer méiglecht selwer erleedegen. Dat erfëllt ee puer Zwecker: zum enge brauch ee manner Personal (dat ass gutt fir de maximale Profit), de Client bezilt awer weider a wien al a gebriechlech ass soll gefällegst stierwen.

Dat ass – nodeems d‘BCEE-Direktioun d‘lescht Woch bekannt gemaach huet alt nees bal eng Dose Filialen zouzemaachen – net nëmme méi d‘Meenung bei ville Bierger, jo esouguer am politeschen Dschungel gëtt elo iwwer déi eigentlech staatlech Komponent an dëser „Institutioun“ nogeduecht. Dat huet zu enger helle Wull parlamentaresche Froe gefouert, déi eng ongewinnt Tournure kruten.

Et ass wuel net fir d‘Éischt, datt d‘Spuerkeess sech onwirtschaftlechem Ballast entleedegt an de Schalterclient ass wuel net wierklech e Verloschtgeschäft, mee eigentlech brauch een deen net. Et léisst sech mat Finanzroulette a Privatbanking méi verdéngen. Dat ass jo u sech, wann een den Aktionäre verbonnen ass, och genee de Wee deen ee sech vun enger Bank virstellt. Et geet ëm de Goss…

Maximale Profit

Bei der Spuerkeess gëtt et dann elo awer nëmmen een Aktionär: dat ass de Lëtzebuerger Bierger a Steierzueler, dee vum Pierre Gramegna, senges Zeeche Finanzminister, representéiert gëtt. Dat allerdéngs wéi schonn ënnert de Virgänger méi schlecht wéi recht. Den Haaptaktionär huet awer net d‘Recht Fuerderungen ze stellen? Genee dat ass et wat de liberale Minister dem Land erkläre wëll.

„Ech sinn net verantwortlech fir déi kommerziell Strategie vun der Bank“ esou de Pierre Gramegna deen nach drop hiweist, datt entspriechend dem Gesetz, hien, respektiv säi Ministère, nëmmen déi generell Aktivitéite vun der Bank iwwerwaacht. Eng Bank iwwregens déi een a kengem Fall dierf als ëffentlech Déngschtleeschtung betruechten, mee als autonoomt ëffentlecht Etablissement.

Dat ass voll déi rhetoresch Veraarschung, well nach ëmmer vertrëtt de Finanzminister d‘Interesse vun de Bierger, an net déi vun enger Privatentreprise vun där hie selwer behaapt, net matschwätzen ze dierfen. An d‘Bierger sinn déi eigentlech Aktionären… net de Minister, net säi Ministère a scho guer net d‘Regierung. Si hunn net d‘Mandat vum Bierger kritt d‘Besëtzverhältnisser nei ze uerdnen.

Mee de Pierre Gramegna ass net aus der Rou ze bréngen. Hien erkläert, datt d‘Bank autonom ass a sech der Konkurrenz erwiere muss. D‘Administratioun an d‘Gestioun wier engem Verwaltungsrot uvertraut ginn, an deen huet en Direktiounscomité agesat, dee no liberal-wirtschaftleche Kritären d‘Geschäfter vun der Bank ze dirigéieren huet. Zudeem ass et eng „systemesch Bank“…

Ëmmer déiselwecht Froen

Wann ee Versteesdemech fir de Minister huet, deen zanter 2016 méi oder wéineger ëmmer op déi selwecht Froen äntwere muss, esou ännert et näischt um Fait datt ëmmer méi Agencen hir Dieren zou maachen, an nieft dem Risk vun Aarbechtsplazofbau, gëtt versicht d‘Besëtzverhältnisser vun der BCEE ze verschleieren. Mee et ass esou praktesch deenen aneren d‘Schold ze ginn.

An dat trëfft jo och op d‘POST Lëtzebuerg zou. De „Fournisseur de la Cour“ huet eng ähnlech verbriecheresch Ausriichtung wéi d‘Spuerkeess, wann et ëm d‘Filialen an de Service um Client geet. Béid privatiséiert Betriber setze massiv op d‘Digitalisatioun vum Client, an esou och de Pierre Gramegna, dee well festgestallt hunn, datt ëmmer manner Leit an d‘Agence ginn a léiwer Klicken.

Dofir war et da gutt, datt déi vun der Spuerkeess dozou och eng Meenung hunn. D‘BCEE géif eng nei Proximitéit schafen an hätt nach ëmmer dat enksten Agence-Netz am Land. Et misst een awer dem Fait Rechnung droen, datt d‘Aktivitéiten an den 11 Agencen iwwert déi lescht 5 Joer ëm gutt d‘Hallschent zréckgaangen ass, firwat d‘Decisioun se zou ze maachen noutwenneg a richteg ass.

Zudeem géifen d‘Leit et virzéien op déi Agencen ze goen, déi no un hirer Aarbechtsplaz sinn, firwat et méi Agencen am urbane Raum gëtt. An da géifen déi meescht leit och nach nëmme wéinst engem Virement oder Versement kommen, net awer fir sech „beroden“ ze loossen oder e Prêt opzehuelen. A Virement respektiv Versement sollten d‘Leit mëttlerweil eegestänneg vun doheem aus maachen.

Méi sozial ass keen am Land

Beim Regruppement vun de Filiale géif zu gudder Lescht awer de Client als Gewënner do stoen. Aus ville klengen Agence géif eng Rei grouss Kompetenzzenter entstoen, firwat dann och nëmmen déi Filiale mat enger „entspriechend kritescher Mass“ déi voll Palett vu Servicer ubidde kënnen.

All d‘Agence bidden e Service vun 9 bis 17 Auer un, an et kann een beim Conseiller e Rendez-vous maachen, dat an engem Zäitraum vu 7 bis 19 Auer. Zudeem géif de neie Servicezenter „Spuerkeess direkt“ vergläichbar Déngschtleeschtungen ubidden, wéi eng physesch Agence, esou d‘BCEE där een eigentlech de „Marketingnobelpräis“ misst iwwerreechen. Leider gëtt et dësen nach net…

Spuerkeess direkt, bitt d‘Proximitéit iwwer den Telefon un, an ouni datt de Vertrieder vun der Bank et kéint beleeën oder erklären, gëtt behaapt, datt 95% vun de Leit begeeschtert sinn. 95% vu wéi vill Clienten? Wien huet de Sondage gemaach? Wat huet d‘BCEE fir dës „neutral“ Enquête bezuelt?

Egal, well wichteg ass et, op dat soziaalt Engagement vun der Spuerkeess anzegoen. Si bitt esou all deene Leit, déi et mam Web-Banking net esou hunn, si bei hiren Demarchen esoulaang ze begleede bis se endlech kapéiert hunn an et selwer kënnen. Klengt gutt, woubäi dat an de seelenste Fäll an den Agence gemaach gëtt. Dofir gëtt et den „Internet Banking & Me“ plus d‘Tutorials.

Last not least, esou verweist d‘Spuerkeess nach op den Asaz vun hirer „Brigade Mobile“ déi ee voll ëmfängleche Service an deene Regiounen ubitt, wou et kaum Awunner gëtt. Eigentlech wollt d‘Spuerkeess dëse Service och längst agestallt hunn, mee nujee… Bleift nach festzehalen, datt och wann d‘Politik kee Matsproocherecht huet, d‘BCEE déi nächst Agencen eréischt 2024 zoumécht.

Illustratioun: © Andreas Heimann / unsplash

Ähnlech Sujeten Aktionär, BCEE, Chamber, Filialen, Krautmaart, Privatentreprise, Spuerkeess, Vertrauen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel