Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng App fir eis Gesondheet
Kultur Neiegkeeten

Eng App fir eis Gesondheet

Mat der Ëmsetzung vun der europäescher Dateschutzdirektiv GDPR an der

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek
Kultur Neiegkeeten

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek

Wann d‘Sonn ënnergeet an d‘Nuecht sech wéi en Duch iwwert

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt
Kultur Neiegkeeten

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt

En Juli ass um Krautmaart de Gesetzprojet 7311 gestëmmt ginn,

BD-Festival Contern: „De Comic huet mäi Liewe bestëmmt“

BD-Festival Contern: „De Comic huet mäi Liewe bestëmmt“

Wien et dëse Weekend nees op de BD-Festival vu Contern zitt, deen ass och gutt beroden sech dem Charel Bauer seng Ausstellung an der Scheier vum Müller-Lemmer Haff unzekucken.

Eng helle Wull un Devotionalien, Comics aus längst vergiessenen Zäiten a vill Informatiounen zum Entstoe vun enger besonnescher Kultur, kann een hei gesinn, respektiv erhalen. Dat ganzt ass esou interessant, do ass net derlaanscht komm dem Charel Bauer e puer Froen ze stellen.

Natierlech wollte mir vum pensionéierte Spuerkeessbeamte wëssen, wéi et zu esou enger Passioun komme kann. „Mäi Papp huet seng éischt BD, de „Journal de Mickey“ am Joer 1934 kaf. Wéi ech am Alter vun 3-4 Joer ‚grouss‘ genuch war fir op de Späicher ze kloteren, war ech zimlech erstaunt déi ganz Päck vu Comics gesinn, déi sech mir fein a säuberlech ficeléiert presentéiert hunn. Ech hu mir e Pak gekroopt, de Fuedem duerchtrennt an mat grousse Kanneraen d‘Biller gekuckt“.

Bass de bis infizéiert kann der kee méi hëllefen

„Ech konnt jo zu dësem Ament a mengem Liewen nach net liesen, zudeem war den Text op franséisch, mee wat sech mir do offenbaart huet, war faszinant. Meng Elteren huet et gefreet, datt ech mech fir dës Hefter interesséiert hunn, an esou koum et, datt si mir meng éischt Comics an däitscher Sprooch kaf hunn. Domatter war et ëm mech geschitt, et hat mech infizéiert an sollt de Virus ni méi lass ginn, bis haut“.

Contern

De Charel Bauer huet als Erwuessenen „d‘Kand“ sinn net verluer. An dovunner kann ee sech um BD-Festival zu Contern mat eegenen Aen iwwerzeegen. © Luigi de Stephanis/moien.lu

„Chance hat ech dann och nach, well all meng Frënn hunn mir hir Comics, wann si déi da bis gelies haten, vermaach. Si wousste wéi et mir konnt eng Freed maachen. Och meng Kosengen, déi vill däitsch Comics kaf hunn (Falk, Tibor, Sigurd a wat et soss nach ginn huet) déi sengerzäit vum Rudi Wäscher publizéiert goufen“. Op d‘Fro wat hien dann esou am Comic ugezunn huet, huet de Charel eng gutt Äntwert parat: „Et war wat an de Spriechblose gestanen ass…“.

War net wierklech geplangt, huet sech awer gelount

Vum Charel wollte mir dann och nach wëssen, wéi dat ganzt mam BD-Festival entstanen ass. „Et sinn elo 26 Joer hir, do war ech mam Daniel Grün (de Papp vum BD-Festival) zu Angoulême. Den Daniel hat sengerzäit schonn d‘Iddi vun engem ‚Koppelmaart‘, wou d‘Leit ënnert sech d‘Comics tausche konnten. Dat hat Erfolleg, a mir wollten eis do weider Iddie besuergen a Kontakt mat anere Sammler knäppen, fir se op Lëtzebuerg ze kréien“.

„Et war dann awer net esou einfach wéi mir eis dat virgestallt hunn. Déi meeschte Sammler déi mir zu Angoulême ugeschwat hunn, hu Lëtzebuerg net emol kannt. Deenen dann ze erkläre wou Contern geleeën ass, a wat mir do wëlles hunn… nujee loosse mer domatter ëmschreiwen datt et ‚net einfach‘ war. Wéi dann awer kann erkennen, an eise 25. BD-Festival gëtt eis jo och Recht, et huet sech zu gudder Lescht alles erginn, a Contern kennen haut déi meeschte Sammler“.

D‘Zukunft ass geséchert, déi nei „Garde“ ass um wuessen

De Charel ass, wéi een et sech denke kann, als Pensionär net méi dee jéngsten, a mir wollten eis iwwerzeegen, datt d‘Relève assuréiert ass. Do huet de Charel d‘Liichten an d‘Ae kritt an eppes houfreg war hien och. „Ech senken net, datt ee muss ëm de BD-Festival fäerten, d‘Ofléisung ass längst do. Zudeem gëtt ee ganz engagéierte Comité, vill Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Ministèren. Esou laang wéi et d‘Leit interesséiert huet de BD-Festival och seng Berechtegung“.

„Mee och ‚Privat‘ steet déi nei Garde scho ‚Gewier bei Fouss‘. Ech hunn zwee Neveuen: de Lucas (10) an de Linus (5). Wéi ech, hunn sech och d‘Krapperten den Comic-Virus agefaangen, an et sollt een et net probéieren hinnen do eppes virzemaachen. Si begleede mech dann och während der Dauer vun der Ausstellung, a kréien esou och emol e Gefill fir dat wat esou e Festival ausmécht. Wann et da bis esouwäit wäert sinn, sollen si iwwerhuelen, an dës Passioun weiderreechen“.

Iergendwéi huet alles en Ufank…

Natierlech hu mir nom Interview mam Charel och en Tour duerch déi wierklech impressionnant Ausstellung gemaach. Heibäi konnte mir weidere leit begéinen, an eng Damm, déi mat hirer Duechter nieft Frëndin fir déi alleréischte Kéier op Contern komm ass, huet hirer Begeeschterung fräie Laf gelooss. „Et ass déi éischte Kéier datt mir heihinner kommen“, erzielt d‘Catherine, déi mat de Meedercher: Nola Salomé a Juliette, béid 10 Joer jonk, duerch d‘Ausstellung gaangen ass.

Contern

D‘Juliette an d‘Nola Salomé hunn sech op der Ausstellung ëmgekuckt. Wat hinnen hei gebuede gouf, huet hinne méi wéi nëmme gefall. © Luigi de Stephanis/moien.lu

„Mir hate virdrun nach ni vum BD-Festival héieren“, gëtt d‘Catherine oppen zou. „Ech hunn dat virun ee puer Deeg zoufälleg am Internet gesinn. A well ech Comics flott fannen, si selwer Fan vum Gaston Lagaffe an dem Tintin, sinn ech mat mengem Meedchen a senger Frëndin emol virwëtze komm. De Knetzelen hir Virléift gëllt de Comics: Les Sisters, Lou an de Studio Dance“, verréit eis d‘Catherine. Mir wollten awer och de Kanner wëssen, wat si dann um Comic unzitt.

An d‘Äntwert koum prompt an ouni auszewäichen: „Et si Biller dran, datt mécht d‘Liesen net esou langweileg. An et kann ee sech an déi verschidde Personnagen erasetzen“. Jo gutt dann, méi menge mir muss een dann ofschléissend heizou och net soen, oder? Wien also nach näischt „Wichteges“ geplangt huet, sollt sech en Häerz faassen an op de BD-Festival fueren, et lount sech wierklech.

mam Luigi de Stephanis

Foto: © Luigi de Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten BD-Festival, Charel Bauer, Contern
Nächsten Artikel Virrechten Artikel