Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
E Facebook-Flashmob fir de Fernand Kartheiser
Neiegkeeten

signs you're dating an emotionally unavailable man

Politiker deelen all Dag Artikelen op de sozialen Netzwierker. Mol

drag queen dating site
Neiegkeeten

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“

Haut soll d’EU seng detailléiert Propositioun fir d’Finanzéierung vun enger

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 16. Oktober)
Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 16. Oktober)

All Dag geschéie vill Saachen op der Welt an zu

Beachdref 2018: do muss ech onbedéngt hin…

Beachdref 2018: do muss ech onbedéngt hin…

Säit dem 11. Juli (an nach bis de 5. August) ass am schéine Bëschdref (Gemeng Helperknapp) nees Beachdref-Saison ugesot. E grousse Spaass fir Kanner, alles wat einfach net wëll erwuesse ginn a fir all déi, wou sech ee rouege Moment am erweiderte Frëndeskrees wëlle gënnen.

De groussen „Opening“ haten d‘Organisateuren op Freideg den 13. geluecht, an d‘Erëffnungsfest ënnert de Motto „Hawaii“ gestallt. Datt dann esou ee „besonnesche“ Freideg net mat Ongléck an Zesummenhang ze bréngen ass, huet sech um Wieder gewisen, datt war nämlech einfach beschtens.

Organiséiert gëtt de Beachdref vun der Jugendkommissioun, déi de Spektakel am Numm vun der Gemeng op d‘Bee stellt. All Joer gëtt d‘Aktioun, déi sech iwwert en Deel vun der Summervakanz hinzitt, engem „gudden Zweck“ gewidmet. Den erléis vun der Ouverture ass fir Asbl Trisomie 21.

Um Freideg, Dag vun der Ouverture, konnt een eng Spend maachen, soss war alles Gratis, vum Gedrénks iwwert d‘Iessen, an déi sëllechen Aktivitéiten natierlech och. D‘Kanner aus der Maison Relais, haten sech de Grill gekroopt an hunn fir de gudden Zweck „gebracht a gekacht“.

A well et e richtegt Evenement war, hat sech och d‘Familljeministesch, Corinne Cahen (DP) op d‘Plaz beginn. Si huet de Kanner- a Educatiounsminister Claude Meisch (DP) entschëllegt, deen anerwäerteg beschäftegt war, an, esou d‘Ausso vun der Ministesch, schonn eppes Jalous war.

All zesummen si mir Lëtzebuerg

D‘Ministesch war awer sichtlech begeeschtert, an huet dann och gemengt, datt wann een aus der Stad op Bëschdref kënnt, ee bal wéi an der Vakanz ass. Si bescheinegt der Gemeng dann och eng Politik vun der „best practice“ ëmgesat ze hunn, an e gutt Beispill fir déi sozial Kohesioun ze sinn.

Beachdref

Dee sougenannten „grousse Pull“ huet entspriechend grousse Succès, grad bei deenen eppes méi jonken. Mee och, an dovunner hu mir eis iwwerzeegt, déi Erwuesse fanne bei de summerlechen Temperature gefalen un dësem Baseng. © Jos Bill/Gemeng Helperknapp

De Jean-Claude „Bisi“ Bisenius huet a senger Ried kuerz op den Historique vum „Beachdref“ higewisen, a firwat dës flott Summeraktivitéit esouvill Leit unzitt. Et geet eben net just nëmmen ëm d‘Kanner. Et geet duer Loscht ze hunn huet e flotten Dag hei ze verbréngen.

Als Grupp vu Frënn, mam Veräin oder mat der ganzer Famill, langweil kënnt hei net op. Wien also Bock op Beach-Volley oder Beach-Soccer huet, einfach nëmmen am grousse Waasserbaseng well Chillen, de „living on de Beach Feeling“ genéissen, an dobäi Brong ginn, ass hei richteg.

Flott och, datt sech d‘Gemeng dëst Joer ermontert gefillt huet de Budget eppes ze hiewen. Domatter war et och méiglech 6 Studenten anzestellen, déi sech ëm d‘Aktivitéite këmmeren an de Wënsch vun de Gäscht nokommen. Waasser an Uebst ginn iwwert den Dag gratis ugebueden.

An de Bisi huet dann och nach emol ënnerstrach, datt hei jidderee Wëllkomm ass. A well een net wäit vum Mariendall ewech ass, sinn natierlech och d‘Flüchtlingen agelueden, sech um Beachdref ze bedeelegen. Esou schéi ka soziaalt Engagement sinn…

Waasser an Uebst gëtt et fir lau

Bei eisem Besuch um Sonndegnomëtteg, konnte mir eis (trotz enger klenger Schauer) dovunner iwwerzeegen, datt och alles wéi beschriwwe virstelleg ass. Interessant, an der „Strandbar“ gëtt et esou gutt wéi alles ausser Alkohol, a fir ze fëmme muss een „d‘Spillplaz“ verloossen.

Eis ass awer matgedeelt ginn, datt, de Fall gesat et géif sech e Veräi vun eppes méi „erwuessene jonke Leit“ umelle fir eng Aktivitéit, et hinnen net verbuede gëtt sech „eppes“ matzebréngen. Mir kënne just bemierken, datt et esou eng Flott Plaz ass, do brauch et dat géint den Duscht net.

Beachdref

D‘Susi an d‘Isaline komme gären op de Beachdref. Hei ass richteg eppes lass, et gëtt vill Aktivitéiten an un e gratis Internetaccès ass och geduecht ginn. Wat wëlls de méi? © Martine de Lagardère /moien.lu

Zwee jonker Meedercher hunn eis dann nach eppes ze erziele gehat. D‘Susi (13) fënnt de Beachdref eng gutt Saach, an huet sech um Dag vun der Ouverture iwwert déi vill Aktivitéiten an déi „cool“ Musek gefreet. D‘Knetzel ass dann och der Meenung datt et esouguer eppes besser wéi 2017 ass.

Fir d‘Isaline (12) ass den Austausch mat deenen anere Kanner wichteg, an et schéngt och e puer ganz interessant Gespréicher ginn ze hunn. Mir wëssen elo zudeem, datt bei dësem Wieder, de „grousse Pull“ deen opgeriicht ginn ass, senger Bestëmmung duerchaus gerecht gëtt.

Béid Zatze begréissen, datt et keen Alkohol gëtt an och net dierf gefëmmt ginn. „Zigarette sinn eekeleg an och nach e schlecht Beispill fir Kanner“, ass eng Ausso déi ee sech sollt mierken. Si sinn begeeschtert vum gratis Internet, wat hinnen erlaabt déi gutt Momenter mat aneren direkt ze deelen.

Et feelt un näischt um Beachdref, an ausser der Schwammbox an der gudder Laun muss een net wierklech vill matbréngen. De Site ass all Dag vu 14 bis 21 Auer op, et gëtt Cocktailen zum klenge Präis, Waasser an Uebst kritt een einfach esou. Hei ass Vakanz dann och wierklech Vakanz.

Foto: Bei der Erëffnung vun der Beachdref-Saison 2018, huet d‘Familljeministesch Corinne Cahen den flotte Kader an d‘Engagement vun alle bedeelegten Acteure begréisst. Si ass iwwerzeegt, datt et sech och (oder grad) fir déi Stater lount, op dëser schéiner Plaz en Dag ze verbréngen. © Jos Bill/Gemeng Helperknapp

Ähnlech Sujeten Beachdref, Bëschdref, Corinne Cahen, Helperknapp, Jean-Claude Bisenius
Nächsten Artikel Virrechten Artikel