Search

You may also like

Ankara huet en neit Drockmëttel entdeckt
Kultur Neiegkeeten

Ankara huet en neit Drockmëttel entdeckt

Et wier ee keen Hotel fir IS-Kämpfer, huet gëschter den

Accueil vu Flüchtlingen: D’Propositioune vum LFR
Kultur Neiegkeeten

Accueil vu Flüchtlingen: D’Propositioune vum LFR

Et ass wéineg wahrscheinlech, datt an de kommende Jore manner

Anti-Plastik Campagne: D’Beluga II setzt den Anker zu Réimech!
Kultur Neiegkeeten

Anti-Plastik Campagne: D’Beluga II setzt den Anker zu Réimech!

No fënnef Joer ass d’Greenpeace-Schëff Beluga II nees zu Lëtzebuerg

Beata Szalwinska: Eng renomméiert Pianistin begeeschtert Europa!

Beata Szalwinska: Eng renomméiert Pianistin begeeschtert Europa!

D’Beata Szalwinska, eng renomméiert Pianistin déi zu Lëtzebuerg wunnt, huet a leschter Zäit een immense Succès a ganz Europa erlieft. Klassesch Musek presentéiert d’Musekerin a senger ganzer Pruecht, wat een deemnächst op zwee neie villverspriechenden Alben erliewen dierf.

Mat senger staarker, temperamentvoller Perséinlechkeet bréngt d’Beata Szalwinska eng individuell Approche an déi klassesch Musek. Déi talentéiert Artistin mat polnesche Wuerzele lieft säit Joren zu Lëtzebuerg an huet seng Diplomer an renomméierte Schoulen, wéi beispillsweis der Museksakademie Frédéric Chopin an der École Normale de Musique de Paris Alfred Cortot, gemaach. Mat engem super 1. Präis beim 11. Tournoi International de Musique zu Tamines an der Belsch, konnt d’Beata Szalwinska seng Karriär op een neien Niveau erhiewen.

Beata Szalwinska

© Beata Szalwinska

No diverse Festivaller an Däitschland, Frankräich, der Belsch, Lëtzebuerg, Holland, Finnland a Polen ass et fir d’Pianistin op New York gaangen. No engem formidabele Concert an der Carnegie Hall, zesumme mam russesche Basssänger Alexander Anisimov, huet den talentéierten Duo ee Kontrakt mat Hanssler Classic ënnerschriwwen, fir Gesang an Piano-Transkriptioune vum Rachmaninov opzehuelen.

Fir den 150. Gebuertsdag vum philharmoneschen Orchester vun Ettelbréck huet d’Beata Szalwinska Blue Rhapsody vum G. Gerschwin, a Presenz vum Groussherzog an der Groussherzogin, interpretéiert. Gefollegt gouf den Optrëtt vun enthusiastesche Kritiken.

Ee villsäitegt Talent

D’Musekerin wëll net eleng am klassesche Beräich agestuuft ginn. Niewebäi inspiréiert hatt sech nämlech och un argentinescher Musek a Folklor. Mat Léift zum Jazz an zum Flamenco, sou wéi der Léift zur Fräiheet, der Individualitéit an dem eegenen Entwécklergeescht, kombinéiert d’Beata Szalwinska verschidde Stiler a Genren. Ee richtegen Artist – sou d’Pianistin selwer – muss nämlech zu all Präis den eegene Wee an de perséinlechen Ausdrock fannen.

Als Grënnerin vum Quintett Aconcagua, dee sech mëttlerweil zum grousse Grupp mam Numm Beata Szalwinska’s Aconcagua Project entwéckelt huet, interpretéiert d’Musekerin de Repertoire vum Astor Piazzolla. D’Artistin selwer erkläert, datt all Kreateur seng Ëmgéigend genau observéiere muss, wëll d’Inspiratioun kann zu all Moment kommen a sech op déi onerwaartsten Aspekter am Liewe bezéien. Aus dësem Grond ass si nieft der musikalescher Säit och nach Ambassadrice vun den Lëtzebuerger Doktere vun der Welt.

Aktuell preparéiert d’Beata Szalwinska sech op zwou nei Opnamen: „Le monde d’Astor Piazzolla“ an ee Solo-Album mat neien Transkriptioune vum renomméierte Pianist Frederic Meinders.

Mat de musikalesche Wierker an der Passioun zu dësem artistesche Beräich hofft d’Beata Szalwinska ee breede Publikum unzespriechen a mat interessanten a beweegenden Performancen ze begeeschteren. Der Pianistin hire Wonsch ass et, d’Häerzer vun der Ëffentlechkeet unzespriechen an seng Visioun vun der musikalescher Schéinheet ze deelen.

Related topics Astor Piazzolla, Beata Szalwinska, Beata Szalwinska's Aconcagua Project, Flamenco, Jazz, Musék, philharmoneschen Orchester vun Ettelbréck, renomméiert Pianistin
Next post Previous post