Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?
Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?

Dës Kéier geet et wäit bis an den Norde vum

Kritt den US-President seng léifste Spillsaach entzunn?
Neiegkeeten Sport

Kritt den US-President seng léifste Spillsaach entzunn?

Den amerikanesche President wënscht sech eng gréisser Uwennung vun der

Schwéngspescht: Nach eppes fréi fir Entwarnung ze ginn
Neiegkeeten Sport

Schwéngspescht: Nach eppes fréi fir Entwarnung ze ginn

Si hunn et den Ament net einfach: de lëtzebuergesche Landwirtschaftsminister

D’Beaufort Knights schloen d’Spëtzt mat 11-0!

D’Beaufort Knights schloen d’Spëtzt mat 11-0!
© Martine de Lagardère/moien.lu

No zwou Néierlage bei de leschte béide Spiller, hätt et vergaangene Samschdeg bei de Beaufort Knights net besser kënne lafen: Mat engem phenomenalen 11-0 konnten d’Lëtzebuerger Spiller d’Spëtzt vun der éischter Divisioun vum kinneklech-belschen Äishockeyverband RHIBF, also d’Ekipp vun Olympia Heist schloen.

Freedentréinen op der enger Säit, laang Gesiichter op der anerer Säit. Mat dësem fantastesche Resultat hätte wuel och d’Knights net gerechent, wann ee bedenkt, datt Olympia Heist d’Tabellespëtzt fir sech beusprocht an bei 14 Spiller ganzer 99 Goler virweise kann. Ugefaangen huet de Match op der Beeforter Äispist awer mat engem anere rasante Sportler: Den Dylan Pereira, Lëtzebuerger Porsche Supercup Fuerer, duerft mam Aschéisse vum Puck d’Spill alauden.

Ma, fir déi Belsch waren déi éischt 10 Minutte vum éischten Drëttel uerg hiergaangen, sou datt si direkt 4 Strofen akasséiere konnten. Gutt fir d’Knights, déi dës Zäit hätten notze kënnen. An awer huet den Houdremont Ben (#8) eréischt bei 11,10 Minutten dat Ronnt an dat Eckegt bugséiert. Nodeems de Spiller vun den Knights et virgewisen huet, war et um Backes Sascha (#9) fir eng knapp Minutt méi spéit och de Puck ze versenken. Mat der Hëllef vum Mossong Claude (#66) an dem Weyders Natan (#88) konnt de Schleimer Brian (#20) schliisslech fir den drëtte Punkt op der Lëtzebuerger Säit suergen. Den éischten Drëttel hat nach Potential, an esou huet de Mosr Mirko (#97) ee fantasteschen 4-0 virun der Paus erausschloe kënnen.

Net noloossen!

Och am zweeten Drëttel hunn d’Knights de Fouss um Gas behalen. An der 26 Minutt huet de Mosr Mirko (#97) sengem leschten Erfolleg nach een drop gesat a fir de 5-0 gesuergt. Emol keng 10 Minutte méi spéit war et de Gronlund Kevin (#90) fir nach een drop ze leeën. Lues awer sécher huet et bei Olympia Heist zu den Oueren eraus gedämpt, esou eng Néierlag wollt ee sech net ginn. D’Spill huet sech ëmmer weider zu engem offensiven Gekämpfs entwéckelt, wouduerch d’Belsch ganzer 9 Strofen am zweeten Drëttel akasséieren duerften.

Dem enge säi Leed ass awer bekanntlech dem anere seng Freed (jo mir dréien et elo ëm). No 36,32 Minutte war et de Welter Benny (#10), deen de Puck bei de Géigner versenkt huet, ier emol keng 2 Minutte méi spéit och den Mossong Claude (#66) nogezunn ass an den zweeten Drëttel mat engem freedegen 8-0 ofschléissen duerft. Gefëllt mat Euphorie, wéi och schonn enger Aart Virfreed op d’Victoire vum Owend – dëst Resultat kéint de Géigner jo wuel onméiglech ophuelen – ass ee sech op der Tribün gären ee Patt siche gaangen, schonn eleng fir op d’Knights unzestoussen.

Si sinn gutt, immens gutt

Fir Olympia Heist ass de leschten Drëttel esou weider gaangen, wéi d’Partie virdrun opgehalen huet. Op hirer Säit koum ëmmer méi een onsportlecht Verhalen ervir, oft genuch hu si d’Lëtzebuerger aggressiv attackéiert, wat fir si mat 8 Strofen ausgaangen ass. Knapp eng Minutt nom Ufank vum 3/3 huet de Backes Sascha (#9) de Puck bei de Belsch erageschoss. Fir den 10-0 huet uschléissend de Schleimer Brian (#20) gesuergt, ier 3 Minutte viru Schluss de Mossong Nicolas (#43) nach eng Schëpp drop geluecht huet.

Op der Beeforter Äispist hält een dëst Spill wuel als rabiaatsten, awer am Endeffekt och freedegste Match an Erënnerung. Momentan trennen déi 4 Ekippen, déi ëm déi lescht Plaz an der 1. Divisioun kämpfen, just een eenzege Punkt. Um kommenden 22. Februar hofft een d’Néierlag vum 4-2 géint Kortrijk Spurs nees gutt maachen ze kënnen. Motivatioun huet een elo op alle Fall gesammelt, a mir hoffen, datt et fir d’Beaufort Knights genau esou erfollegräich weider geet!

GO KNIGHTS!

Vergiesst net d’Billergalerie uewen ze kucken © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten 11-0, Äishockey, Beaufort Knights, Erfolleg, Go Knights, John Bierchen, Mosr Mirko, Mossong Nicolas, Olympia Heist, Puck, RBIHF, Schleimer Brian, Victoire, Welter Benny
Nächsten Artikel Virrechten Artikel