Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Gott an der Welt vergiess?
Neiegkeeten Sport

best dating websites in dubai

Tschetschenien, dat héiert sech un wéi wann et wäit genuch

https://moien.lu/hook-up-restaurant-biloxi/
Neiegkeeten Sport

Youth for Climate – d’Jugend mengt et Eescht!

Um haitege Freideg de Mëtteg ass sech nees fir de

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?
Neiegkeeten Sport

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Écologique hu geruff, Dir

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!

Wéi den Trainer John Bierchen matgedeelt huet, kënnt och am Joer 2020 nees een spannende Programm op d’Ekipp vun de Beaufort Knights an seng Fans duer. Nieft de Matcher sinn et och divers Ännerungen um Site, der Ekipp an dem Equipment, duerch déi den Äishockey zu Lëtzebuerg een neien Niveau erreeche soll.

Ass de Chantier op der Äispist bis eriwwer, da wäerten och d’Heemmatcher eng ganz nei Qualitéit gewannen, sou den Trainer. Bis Mëtt Mäerz kënnen d’Fans vum Äishockey sech iwwert 8 Heemspiller freeën. Hei fannt Dir d’Datumer:

  • De 4. an 11. Januar 2020
  • Den 8., 15., 22. an 29. Februar 2020
  • Den 7. an 14. Mäerz 2020

Ee besonneschen Highlight wäert direkt beim zweeten Heemspill um 11. Januar stattfannen: De „Sharky“, Maskottche vun de Kölner Haie, besicht Lëtzebuerg an wäert de Match mat senge berühmte Breakdance-Performancen um Äis ënnerhalen. Et kéint een et also als eng Aart opreegende Staatsbesuch am wanterlech sportleche Beräich ugesinn.

Hockey

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wat gëtt et nach Neies?

Um Site vun der Beeforter Äispist herrscht momentan nach Chantier. Fir den Uspréch vun de Visiteuren a Sportler gerecht ze ginn an een méi modernt Design anzebrénge ginn nei Vestiairen, Büroen a méi opgeriicht. Wéi den John Bierchen erkläert gi momentan lescht Aarbechten un de Biedem gemaach, et wéisst een awer nach net, wéini d’Infrastruktur sech a sengem neie Mantel fäerdeg presentéiere kéint.

Bei dësen Aarbechten huet natierlech och d’Tribün net dierfen ze kuerz kommen. Et sicht een nach ëmmer no enger permanenter Léisung, mee fir dës Saison wäerten d’Fans op engem Provisorium – an Amerika géif een se Risers nennen – stoen. Et erwaart een nees ee groussen Ustuerm, wouduerch et der ganzer Ekipp immens wichteg war, datt een och vun der hënneschter Rei d’Spiller an Aktioun beobachten an ufeiere kann.

© Beaufort Knights

Dës weideren iwwerzeegt d’Joer 2020 mat senger Online-Iwwerdroung vun de Spiller. Mam Leeë vun engem Ethernet Kabel an der schnellster Internetverbindung gëtt et och de Fans doheem méiglech, de Match a gudder Qualitéit ze verfollegen.

Dobäi kënnt ee sougenannt Video Scoreboard. Duerch dës Tafel kann op der Plaz d’Spill live iwwerdroe ginn, an duerch Réckblécker, Statistiken, Reklammen a weiderem nach méi professionell eriwwer bruecht ginn. Iwwert dës Initiativ freet sech de Syndikat ganz besonnesch an hofft, wéi och bei allen aneren Aarbechten, d’Iddi nach virum Enn vun der Saison ëmsetzen ze kënnen.

Zu gudder Lescht huet den John Bierchen den neie Mediendirekter, de Liam McEvoy virgestallt. An Zukunft wäert hie sech ëm d’Promo-Videoen, d’Festhale vun de spannendste Momenter vun de Beaufort Knights an d’Iwwerdroung vum Spill këmmeren. Bei esou grousse Pläng drécke mir der Ekipp d’Daumen a wënschen de Sportler eng exzellent nei Saison um Äis.

Ähnlech Sujeten Äishockey, Beaufort Knights, Beefort, Heemmatch, John Bierchen, Kölner Haie, Liam McEvoy, Sharky
Nächsten Artikel Virrechten Artikel