Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien
Neiegkeeten Sport

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien

Den italieneschen Ausseminister huet um Freidegowend e Projet vu Wien

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft
Neiegkeeten Sport

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft

Laut der Dageszeitung Jamejam sinn am Iran véier Männer an

dislike
Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker
Neiegkeeten Sport

Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker

Datt bei engem Indiespill den Entwecklerteam iwwerschaubar ass, si mer

Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen

Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen
© Shari Pleimelding/moien.lu
Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen
© Shari Pleimelding/moien.lu
Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen
© Shari Pleimelding/moien.lu
Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen
© Shari Pleimelding/moien.lu
Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen
© Shari Pleimelding/moien.lu
Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen
© Shari Pleimelding/moien.lu

E Samschdeg Owend sollt et de leschten Heemmatch fir d’Lëtzebuerger Äishockey Ekipp vun de Beaufort Knights sinn. Mat engem sensationellen 9 zu 3 ass de Weekend fir d’Spiller an hire Coach, den John Bierchen zu Enn gaangen. Dat huet natierlech och missen ausgibeg gefeiert ginn.

Et hätt ee bal kënne mengen, datt ee bei engem Spill an Amerika wier, bei all de Fans, der immenser Stëmmung a virun allem dem schnelle Sport op de Schlittschong. Ugefaangen huet et mam Sange vun der Nationalhymn, bei der sech just kuerz virum éischten Drëttel eng Damm gemellt huet fir ze sangen. Mat enger kräfteger Stëmm huet si hei schonn ee gudden Androck fir de reschtleche Verlaf vum Owend geliwwert.

Elo awer zum eigentlechen Deel, wéinst dem d’Fans op d’Beeforter Äispist, déi iwwregens déi eelst am Land ass, komm sinn. Am Gol vun den Knights stoung am éischten Drëttel mat der Nummer 35 de Michel Welter, den bei dësem Spill net vill ze schaffe sollt hunn, duerch eng gutt Defense an ee Puck, den sech méi op der géignerescher Säit befonnt huet. Kuerz no der 8. Minutt war et den Piro Marco (#4) vun de Red Roosters vu Charleroi, deen den éischte Gol geschoss huet. D’Knights sollten dem Géigner schliisslech ee gutt Gefill ginn, ier dës komplett zerluecht géife ginn.

Knapp 7 Minutte méi spéit hunn d’Lëtzebuerger bewisen, wat si drop hunn. Esou huet de Gronlund Kevin (#90) den éischte Punkt fir d’Beeforter agespillt, nëmmen 2 Minutten drop sollt et dann um Schleimer Brian (#20) sinn, deen d’Ekipp mat engem 2-1 a Féierung brénge sollt. Begleet gouf de Match vun uerdentlechem Getrommel an uféierendem Gejaiz, wat déi ganz Situatioun ëmsou méi spannend gemaach huet. Bis zum Enn vum éischten Drëttel ass allerdéngs kee Gol méi gefall an esou gouf an aller Rou d’Äis nei gemaach fir eng zweet Ronn.

Se sinn ëmsou méi staark aus der Paus erëm komm

Do war den zweeten Drëttel knaps amgaangen, schonns hat den Holtzem Thierry (#83) fir den 3-1 gesuergt. Wärend dräi Minutten hunn béid Ekippen de Puk hin an hir geschoss, ëmmer erëm koum et zu Stierz an vereenzelt goufe Spiller fest géint d’Bande vun der Pist gedréckt, fir esou un d’Ziel ze kommen. Och hei waren d’Knights nees méi schnell an hunn duerch den Mossong Claude (#66) ee weidere Punkt erhalen. Generell ass engem den zweeten Drëttel immens energiegeluede virkomm, wéi wann d’Sportler elo waarm wieren an a Kampfpositioun alles fir hiert Spill géife ginn. Esou huet all Ekipp seng ganz Konzentratioun an d’Abuxéiere vun dem schwaarze „Kéis“ – wann een dat dann esou ëmschreiwen dierf – gesat.

Kuerz nom 4-1 fir d’Beaufort Knights ass et da geschitt: Sportsaccidenter si wuel onvermeidbar, an awer huet de Stuerz vun engem Spiller vun de Red Roosters scho beim Nokucke wéi gedoen. Mat enger immenser Vitesse ass de Sportler mam Kapp no fir an d’Bande geflunn, de Kierper huet – duerch seng Schnellegkeet – een enormen Drock op de Kapp opgebaut. Sou louch hien ouni ze wibbelen um Äis, huet schlussendlech probéiert opzestoen, wat awer net méi fonctionnéiert huet. D’Roosters, sou wéi d’Knights hunn hei Sportsgeescht bewisen an dem verletze Spiller gehollef vum Äis ze kommen a medezinesch versuergt ze ginn.

Trotz dësem uerge Virfall huet de Match misse viru goen. No villem Hin an Hier, schéissen an ofwieren ass kuerz virum Schluss vum zweeten Drëttel de 5. Gol fir d’Lëtzebuerger Sportler gefall. Hei war et nees de Schleimer Brian (#20), deen sengem éischte Gol wuel eng Schëpp wollt drop leeën. Schlussendlech ass et an déi zweet Paus gaangen, bei der d’Fans mat engem Ritterkampf ënnerhale gi sinn. Wien et nach net weess, dem sief gesot, datt d’Maskottchen vun den Beaufort Knights („knight“ ass Englesch fir „Ritter“) een – oh Wonner – Ritter ass, an zwar de Siggi. Do ass et wuel och net aus dem Näischt gegraff, datt et hei zwee Ritter waren, déi ëm Erfolleg an Éier gekämpft hunn.

Déi drëtt Partie sollt sech als immens spannend erweisen. Kënnen d’Roosters de Réckstand nach ophuelen an de Sig mat an d’Belsch huelen, oder ass et un den Knights, fir dësen Heemmatch ze gewannen? Ufanks hat et éischter nom Zweeten ausgesinn, wou den Welter Benny (#10) an der 42. Minutt de Puck bei der belscher Ekipp erageschoss huet. Nujee, et léisst kee gären esou gutt Spillzich vum Géigner op sech setzen an esou hunn d’Red Roosters vu Charleroi mam Dumonceau Edouard (#8) fir hiren zweete Gol a 4 Minutte méi spéit nees duerch d’Nummer 8 fir hiren 3. Gol gesuergt.

Oh, dat geet awer schnell!

Et ware mol keng 10 Sekonne vergaangen, do hat den Mossong Claude (#6) d’Situatioun, an der d’Géigner hir zwee Goler gefeiert hunn a wuel eng Grimmelchen onkonzentréiert waren, ausgenotzt an huet esou de Puck bei de Belsch an de Gol geschoss. D’Fans waren net méi ze bremsen an obwuel emol keng siwe Minutte méi ze spille waren, an deenen d’Roosters wuel kaum de Réckstand ophuele géifen, hunn déi honnerte Leit hir Spiller mat Jubel, Geklapps a Gejaiz ënnerstëtzt.

Wann een nach Zäit huet, sollt een déi awer notzen. Bestëmmt hat och den Holtzem Thierry (#83) sech dat geduecht an huet fir den sensationellen 8-3 gesuergt. A kuerz virum Schluss huet och de Welter Benny (#10) sech bestëmmt gesot, datt een de Puck nach emol schnell beim Géigner erageschoss kritt. Esou hunn d’Beaufort Knights mat engem phenomenalen 9-3 de Match vum Owend gewonnen! Mat dësem super Resultat an der Täsch huet de Coach John Bierchen et sech net huele gelooss dem Siggi säi Schwäert, duerch eng iwwerzeegend Leeschtung wärend dem Spill, un den Nicolas Mossong (#43) ze iwwerreechen. Duerch eng super Defense ass uschléissend dem Ritter säi Schëld un de Vazzoler (#55) gaangen.

Bei dësem leschten Heemmatch huet d’Ekipp senge Fans ee risege Merci ausgedréckt, ier si dann den traditionell ofschléissenden Tour iwwert d’Äis gemaach hunn, bei dem och nach all Fan eng Tapp krut a gratuléieren dierft. Natierlech duerft dëst Resultat net roueg doheem genoss ginn, wouduerch sech eng sëlleche Leit mat de Spiller an der Buvette getraff hunn fir bis spéit an den Owend eran ze feieren

Een iwwerwältegte Coach

Den John Bierchen ass emol nach net esou laang am Land, an trotzdeem gëtt gemunkelt, datt hien d’Äishockey-Zeen zu Lëtzebuerg ëmmer méi populär mëscht. Hien selwer gesäit den Erfolleg awer net nëmme bei senger Aarbecht, mee et läit och an der Hëllef vun zuelräichen anere Persounen. Virun 4 Méint huet hien ugefaangen, seng „Kanner“ – wéi hien se nennt – ze trainéieren an op den Niveau ze bréngen, op dem si mëttlerweil sinn.

Dobäi huet hien sech enorm stolz gewisen an hätt selwer net mat esou engem klore Resultat, engem Ënnerscheed vu 6 Punkten gerechent. Ëm sou méi frou ass hien als Coach, datt dëse leschten Heemmatch de Spiller nach emol vill Courage geliwwert huet, fir déi kommend Matcher. Viru geet et nämlech e Samschdeg, den 2. Mäerz. No enger Defaite zu Louvain-la-Neuve wëllen d’Knights 2019 alles ginn an mat engem Sig Heem fueren. Alleguerten d’Spiller a weider Informatiounen fannt Dir um Site ihcbe.lu .

Ähnlech Sujeten Äishockey, Beaufort Knights, Beefort, Go Knights, John Bierchen, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel