Search

You may also like

En neie President fir den Nationalen Auslännerrot (CNE)
Neiegkeeten Sport

En neie President fir den Nationalen Auslännerrot (CNE)

Zu Lëtzebuerg bedréit den Undeel vun Auslänner an der Bevëlkerung

Den ACL informéiert: Ëffnungszäite fir Hellegowend a Silvester
Neiegkeeten Sport

Den ACL informéiert: Ëffnungszäite fir Hellegowend a Silvester

De Automobilclub Lëtzebuerg (ACL) deelt senge Memberen an all anere

What the Fakt – Haut ass den Ab-op-d’Woo-Dag
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Haut ass den Ab-op-d’Woo-Dag

Mir wëssen net esou richteg op mir laachen oder kräische

Beaufort Knights: Nei Vestiaire fir eis Äisritter

Beaufort Knights: Nei Vestiaire fir eis Äisritter

No 2 Joer Aarbechten kënnen d’Beaufort Knights houfreg hir nei Vestiairen presentéieren. Mat engem modernen a frëndlechen, awer och un de Sport an un d’Faarwen vun eisen Äisritter ugepasste Stil, ginn d’Matcher an d’Trainingen méi attraktiv gestalt – soubal se dann nees stattfannen.

Eréischt virun e puer Deeg gouf nämlech matgedeelt, datt d’Äishockey-Saison, duerch déi aktuell Evolutioun vun der Pandemie muss pauséiert ginn. Komplett annuléiert ass se awer net, an esou hoffen d’Fans elo op dat Bescht.

KnightsWärend dem Bau (Stand: 11. Juni 2019) – Beaufort Knights / Facebook

Hell Faarwen, gemëscht mat Knights-gréngen Accenten, Holzelementer a genuch Plaz fir sech op d’Spill ze preparéieren, zauberen net nëmmen eis Sportler, mee och d’Fans op de soziale Medien e Laachen an d’Gesiicht. Mat engem professionelle Video sinn déi nei Raimlechkeeten perfekt an Zeen gesat ginn:

E spezielle Merci geet dobäi un HUSSTec S.A., Knaf-Buchler an den Designer Michel Welter. Fir déi handgemoolte Kreatioun vum Knights-Logo war iwwregens de Krishan Der Barbare Schimberg zoustänneg.

KnightsBeaufort Knights / Facebook

Zu gudder lescht bleift just ze soen: Virfreed ass déi schéinste Freed, an esou waarde mir gedëlleg op déi nächst Matcher. GO KNIGHTS!

Related topics Äishockey, Beaufort Knights, Pandemie, Presentatioun, Projet, Saison, Sportler, Vestiairen
Next post Previous post