Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Italien hëlt dem Salvini säin „anti-Migranten“ Gesetz un
Neiegkeeten Sport

Italien hëlt dem Salvini säin „anti-Migranten“ Gesetz un

E Mëttwoch huet Italien e kontroverséiert „Gesetz-Dekret“ ugeholl, mat deem

money
Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung
Neiegkeeten Sport

Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung

Déi däitsch Kanzlerin ass nees zréck op der internationaler Bühn,

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!
Neiegkeeten Sport

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!

E Sonndeg stoung Veianen ganz am Zeeche vun der Noss.

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!

Um Samschdeg Owend hunn d’Beaufort Knights bewisen, datt d’Gléck zeréck op hirer Säit ass. Nom fantasteschen 11-0 géint Olympia Heist, huet d’Lëtzebuerger Ekipp beim Hin an Hier géint Kortrijk Spurs eng weider Victoire ze verzeechnen. D’Resultat 7-5 erméiglecht elo nei Chancen op de Playoff.

Eréischt um 15. Februar hunn d’Knights d’Spëtzt vun der 1. Divisioun vum RBIHF komplett fäerdeg gemaach. Leschte Samschdeg hunn eis Beeforter Ritter d’Spur gehalen an konnten sech géint déi Drëtt-Placéiert an der 1. Divisioun, d’Jonge vun de Kortrijk Spurs duerchsetzen. Ma, et wousst een awer vu vir eraus, datt een et hei mat engem haarde Géigner ze dinn hätt.

Den éischten Drëttel huet wéi erwaart ugefaangen: Haart awer fair huet et ufanks esou ausgesinn, wéi wann d’Spurs de Puck als éischt an de Gol katapultéiere géifen. Am Endeffekt war et dunn awer den Houdremont Ben (#8), deen no 16,52 Minutte fir d’Knights punkten duerft. Dat wollten d’Géigner wuel net laang op sech setze loossen, an esou ass den Devos Arthur (#91) schnell nogezunn, wouduerch et zum Gläichstand koum. Virun der éischter Paus huet sech bei de Resultater näischt méi geännert.

Wa keen deem aneren eppes gënnt

No enger kuerzer Paus fir Sportler a Publikum, déi natierlech nees d’Tribün komplett gefëllt hunn – et muss een déi Bescht schliisslech mat vollem Häerzen ënnerstëtzen, ass den zweeten Drëttel ähnlech verlaf, wéi den Éischten. Hat de Gronlund Kevin (#90) no 24,55 Minutte fir den 2-1 gesuergt, sinn d’Géigner, duerch eng gekonnt Beweegung vum Kronenburg Pieter (#66) nogezunn. Nodeems de Backes Sascha (#9) an der Halschent vum zweeten Deel fir den drëtte Punkt bei den Knights gesuergt huet, war et den Ozolins Valters (#15), dee mol keng 2 Minutten drop fir den 3-3 gesuergt huet.

Et hat ee wuel Gefalen un dësem spannende Spillche fonnt: No 34, 32 Minutte konnt de Welter Benny (#10) dat Ronnt an dat Eckegt befërderen. Wéi der Iech et elo denke kënnt hunn d’Spurs de Beeforter et nogemaach, an esou koum et duerch den Devos Arthur (#91) zum Ausgläich. Kuerz virum Enn – net nëmme vun den Nerven hir, mee och vum zweeten Drëttel – konnt de Backes Sascha (#9) d’Lëtzebuerger Ekipp mat engem Virsprong vun engem Punkt an déi wuel verdéngt Paus goe loossen.

De Publikum huet sech wärend der véierel Stonn mam bekannte Spill „Reise nach Jerusalem“ d’Zäit verséisst. Net nëmmen d’Schnellegkeet, fir nach ee Stull ze ergattere waren hei eng Erausfuerderung, och Zilsécherheet um Äis war gefrot. Et hat ee gutt gelaacht, a mat dëser Freed am Bauch ass et weidergaange mam Spill.

Beaufort Knights

Dës Kéier hunn d’Spurs nämlech net fir den Ausgläich gesuergt. Et war um Mosr Mirko (#97) fir no 46,08 Minutten ee weidere Punkt fir d’Knights anzekasséieren. Ma 3 Minutten drop war een dann awer dem ale Schema verfall, an esou konnten d’Géigner, duerch ee gezilte Schoss vum Van De Putte Amine (#21) dem Resultat vun de Lëtzebuerger nees ee Stéck méi no kommen.

Nach 3 verbleiwend Minutten huet d’Auer ugewisen, wou de Mosr Mirko (#97) ee weideren erléisende Punkt fir d’Knights erspillt huet. Trotz hartnäckege Versich nach opzehuelen, duerft d’Lëtzebuerger Ekipp d’Resultat halen, wouduerch mam Oflafe vun der Zäit an der ganzer Hal Erliichterung, pur Freed an immens Zefriddenheet spierbar war.

Petzi net vergiessen!

Fir d’Spill um 29. Februar géint Leuven Chiefs sidd Dir gefrot: Beim Spill vum kommende Samschdeg ginn d’Fans gebieden Teddybieren an aner Plüschdéiere fir de gudden Zweck mat ze bréngen. Beim éischte Gol vun den Knights dierfen d’Plüschen op d’Äis gehäit ginn. Uschléissend ginn si opgesammelt an der Fondatioun Sarah Grond, déi vum Lëtzebuerger Pucker Spiller a Coach Yves Barthel gegrënnt ginn ass a Famillen ënnerstëtzt, déi ënnert dem Doudesfall vun engem Elterendeel leiden, gespent.

GO KNIGHTS!

Opmaacherfoto: © Luc Meyers

Ähnlech Sujeten Äishockey, Äispist, Backes Sasche, Beaufort Knights, Beefort, Kortrijk Spurs, Match, Mosr Mirko, Puck, RBIHF, Victoire, Welter Benny
Nächsten Artikel Virrechten Artikel