Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen
https://moien.lu/ambivalent-dating/ scrabble dating site

cryptocurrency dating site

De Poopst Franziskus huet 4.000 vun der Gesellschaft ausgeschlosse Mënschen

skiing singles dating
https://moien.lu/ambivalent-dating/ scrabble dating site

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!

D’Gesetzesännerung zum Taxiwiesen huet net nëmme positiv Aspekter mat sech

Jeunesse Jonglënster muss sech den Dammen aus dem Süde geschloe ginn
https://moien.lu/ambivalent-dating/ scrabble dating site

Jeunesse Jonglënster muss sech den Dammen aus dem Süde geschloe ginn

Dräi wichteg Punkte fir den SC Beetebuerg an eng moralesch

Beaufort Knights: Iwwer 400 Petzien an eng weider Victoire!

Beaufort Knights: Iwwer 400 Petzien an eng weider Victoire!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Fir d’Fans vun de Beaufort Knights war d’Spill vum leschte Samschdeg wéi Balsam fir d’Séil, fir d’Spiller vun der Lëtzebuerger Ekipp ass et déi drëtt konsekutiv Victoire bei den Heemmatcher. Um Äis konnten d’Knights sech mat Schnellegkeet, Geschéck a Passioun fir de Sport duerchsetzen an ee fantastesche 6-4 géint d’Chiefs Leuven erzilen.

De Kampf ëm déi zwou lescht Plaze fir de Playoff gëtt elo nach méi intensiv. Souwuel d’Beaufort Knights, wéi och d’Kortrijk Spurs, Géigner vum Heemmatch um 22. Februar, konnten noutwenneg Punkten erspillen, fir den Dram oprecht ze halen. Nodeems Olympia Heist an Herentals Toekomstteam sech scho jeeweils déi 1. an 2. Plaz fir d’Playoffs séchere konnten, sinn et elo nach 4 Ekippen – d’Kortrijk Spurs, d’Mechelen Future Golden Shark, d’Leuven Chiefs an d’Beaufort Knights – déi sech qualifizéiere kënnen. Dobäi kënnen déi restlech zwee Weekender vun der regulärer Saison nach esou munch Ännerung mat sech bréngen…

Elo awer mol zum Spill vum 29. Februar. Datt all Guddes ëmmer am Dräierpak kënnt, hu wuel och d’Knights sech hannert d’Ouere geschriwwen a konnten sech soumat géint de Géigner duerchsetzen. Dobäi war am Ufank d’Gléck op der Säit vun den Chiefs. Kuer no der 8. Minutt war et nämlech den Van Egdom Michael (#24) dee mat Ënnerstëtzung vum Nilsson Jonas (#71) den éischte Punkt akasséieren duerft.

Beaufort Knights

© Shari Pleimelding/moien.lu

De Puck an de Gol, de Petzi op d’Äis

D’Fans vun de Beaufort Knights sinn dem Opruff, ee Petzi op de Match matzebréngen, brav nogaangen. Beim sougenannten Teddy Bear Toss huet ee gespaant op den éischte Gol vun der Lëtzebuerger Ekipp gewaart, fir dann d’Plüschen op d’Spillfeld ze jummen. Majo, an der 14. Minutt huet de Gronlund Kevin (#90) fir den erléisenden 1-1, an de Startschoss vun der Aktioun mat Häerz gesuergt. Iwwer 400 Petzien – an alle Gréissten, Formen a Faarwen – huet et gereent a gi gespent un d’Sarah Grond Foundatioun, déi sech ëm Famille këmmert, wou een Elterendeel gestuerwen ass.

Beaufort Knights

© Shari Pleimelding/moien.lu

Bei dëser ergräifender Aktioun ass wuel net nëmme bei den honnerte Fans d’Motivatioun weider geklommen, mee och bei den Knights goung et steil Bierg erop. Mol keng 4 Minutten nom éischte Gol huet de Weyders Natan (#88) fir ee weidere Punkt gesuergt. Et wollt een et wierklech spannend halen, an esou koum et, emol keng hallef Minutt virum Enn vum éischten Drëttel, nach zum 3-1 duerch ee gezilten Treffer vum Backes Sascha (#9).

Spannung bis an déi déck Zéif!

Gënne wollt ee sech näischt: An der 23. Minutt huet de Willemot Toon (#11) d’Chiefs op der Träppchen nees klamme gelooss. De Mosr Mirko (#97) huet hinnen et nogemaach an mat Hëllef vum Backes Sascha (#9) an dem Gronlund Kevin (#90) schliisslech fir den 4-2 gesuergt. Kuerz no der 30. Minutt huet de Van Egdom Michael (#24) säin zweete Gol vum Owend geschoss, mol keng 5 Minutten drop dunn nach een. Mat engem Gläichstand vu 4-4 ass et an d’Paus gaangen.

Beaufort Knights

© Shari Pleimelding/moien.lu

Kee Wonner also, datt d’Nervositéit op béide Säiten ëmsou méi spierbar ginn ass. Den hartnäckege Kampf um Äis huet sech bal eng véierel Stonn gehalen. Ganzer 15 Minutten, an deenen een dem Hin an Hir um Feld nokucke misst, d’Knights kräfteg ugefeiert an d’Domme gedréckt huet. Ausbezuelt huet sech den Äifer dunn endlech an der 54. Minutt, wou de Welter Benny (#10) d’Lëtzebuerger a Féierung bruecht huet. Kuerz virum Schluss wollt hien et nach emol wëssen a konnt fir de 6-4 suergen.

Mam Oflafe vun der Zäit ass bei de Fans a Spiller d’Erliichterung spierbar ginn. Fir eng weider Victoire goufen d’Beaufort Knights mat uerdentlechem Jubelen a Getrommel gewierdegt. Esou kann et weider goen!

Den nächsten Heemmatch, dës Kéier géint d’Antwerp Phantoms, fënnt e Samschdeg, de 7. Mäerz 2020 um 19:30 Auer statt.

GO KNIGHTS!

Vergiesst net d’Billergalerie uewen unzekucken © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Äishockey, Äispist, Backes Sascha, Beaufort Knights, Beefort, Chiefs Leuven, Go Knights, Gronlund Kevin, John Bierchen, Mosr Mirko, Playoff, Puck, RBIHF, Sarah Grond Fondation, Sport, Teddy Bear Toss, Welter Benny
Nächsten Artikel Virrechten Artikel