Search

You may also like

Istanbul: De Sultan léisst d‘Wahl zum Buergermeeschter widderhuelen
Neiegkeeten Sport

Istanbul: De Sultan léisst d‘Wahl zum Buergermeeschter widderhuelen

Wéi déi staatlech Noriichtenagence an der Tierkei, „Anadolu“ gëschter gemellt

E Klassiker aus dem héijen Norden
Neiegkeeten Sport

E Klassiker aus dem héijen Norden

Hannert der 6. Dier vum Adventskalenner steet de Simon –

Mir sinn Europa! Oder awer och net
Neiegkeeten Sport

Mir sinn Europa! Oder awer och net

Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat

D’Beaufort Knights presentéieren hiren neien Trainer!

D’Beaufort Knights presentéieren hiren neien Trainer!

Enn Juni gouf ugekënnegt, datt de Coach John Bierchen d’Äishockey-Ekipp vun de Beaufort Knights verléisst. Houfreg hu si elo matgedeelt, datt déi éischt Ekipp an der Saison 2020/21 vum Yves Barthels trainéiert gëtt.

De 47 Järegen bréngt iwwer 30 Joer international Erfarung als Spiller op der Mëttelstiermer- a Verdeedeger-Positioun um Äis, Trainer a Schiidsriichter bei den Knights mat. Am Joer 1999 huet hie seng Profikarriär ugefaangen an huet esou bei de Rapids Remich, Tornado Luxembourg an de Puckers Luxembourg matgespillt. Ma, och bei der Lëtzebuerger Äishockeynationalekipp huet den Yves Barthels säin Talent afléisse gelooss, wou hien 2011 souguer Trainer war.

Yves Barthels

Beaufort Knights / Facebook

Fir eis wichteg ze erwähnen ass nach, datt de Papp vun zwee Kanner viru kuerzem aus engem perséinleche Schicksalsschlag d’Sarah Grond Fondatioun gegrënnt huet, duerch déi Kanner a Familljen gehollef kréien, déi entweder een oder béid Elterendeeler verluer hunn.

Freedeg begréissen d’Knights hiren neie Coach. Och d’Redaktioun wënscht him alles Guddes, an datt eis Beeforter Ritter den Erfolleg vun de leschten zwee Joer viruféieren.

Graphic by: Sven Cruchten & Liam McEvoy

Related topics Äishockey, Beaufort Knights, Beefort, Coach, John Bierchen, Puck, Sarah Grond Fondation, Sport, Trainer, Yves Barthels
Next post Previous post