Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’EU fuerdert e bessere Recycling fir de Plastik
Kultur Neiegkeeten

yno dating site

Um Dënschdeg huet d’EU-Kommissioun hir Strategie virgestallt, déi dozou soll

best free hookup dating apps
Kultur Neiegkeeten

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer

Beim sougenannten „Anti-IS“ Koalitiounstreffen zu Washington ass et gëschter zum

Editorial: Staatssender verbitt Wahlwerbung op franséisch
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Staatssender verbitt Wahlwerbung op franséisch

Wéi d‘Regierung sech e ganz besonneschen Deal mat der Bertelsmann-Duechter

D’Becheler Sänger beim „ Colette a Fernand Wark Revival“

D’Becheler Sänger beim „ Colette a Fernand Wark Revival“

Et war ee kulturellen Owend zu Mamer am Schlass, deen de Publikum hell matgeholl huet. D’Becheler Sänger hunn eng 10 Lidder virgedroen an dat mat musikalescher Verstäerkung vum „Sang a Klang“ aus dem Pafendall. ënner der Leedung vum Jean Kandel. Dat Ganzt ass um Piano begleet ginn vum Michel Winter.

„Uewenaus am Eiseleck“ , „Komm meng Daifchen“, „Neen déi Schnëss“, De Jangeli“ oder „Mir sinn um Dill“ sinn déi bekannt Lidder vum Colette a Fernand déi haut nach all Mënsch gären héiert. A genau dat huet een dem Publikum um Applaus ugemierkt . Zemools bei de Lidder „Ech drénke gäer mäi Pättchen“ an „D’Hechtercher aus der Stad“ huet de  Publikum ganz begeeschtert matgesongen.

D’Hueflachspatzen vu Stroossen, ënner der Leedung vum Caroline Medernach, mat Begleedung um Piano vum Jeff Schmidt, hunn „d’Fräschen- an d’Footballs Lidd“ gesongen. Mat de passenden Uniforme war dat natierlech och fir d’A eng gelleg Freed.

De Serge Oth, de Chris Fandel an de Vic Hoffmann, hu fir d’Sketscher „Stroossesänger“ an „Besuch vun den Tramwaysmännercher“ dee verdéngten Applaus erhalen. Uschléissend sinn eng Partie Witze vum Michel Schintgen a Paul Galles virgedroe ginn, sou wéi och „Um Fundbüro“.

Bei „ De Bock ass Krank“ an „Bopi, wat méngs du dozou“ war et dunn um Jean Kandel, fir dës Lëtzebuerger Gedichter ze zitéieren, woubäi d’Fabienne Görgen d’Enkelin duergestallt huet. Dobäi muss een awer virun allem den Duett „Rouse vu Lëtzebuerg“ vum Eliane Lothritz a Jean Kandel ervirhiewen, woubäi d’Museker mat immensem Applaus zougesprach kruten. Iwwerdeems hu si – wéi kéint et och anescht sinn – Rousen un de Publikum verdeelt.

Eng Ausstellung vun Dokumenter, Kassetten, Disken a Fotoen huet Erënnerungen un déi onvergiesslech Koppel vum Colette a Fernand erëm opliewe gelooss. Dobäi huet een nees gemierkt datt d’Lëtzebuerger Lidder a Gedichter einfach een Deel vun eis sinn an op kee Fall a Vergiessenheet dierfe geroden!

Ähnlech Sujeten Colette a Fernand, Gedichter, Jean Kandel, Letzebuerger Lidder, Mamer Schlass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel