Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir eng pedagogesch sënnvoll a kandgerecht Reouverture vun der Schoul
Kultur Neiegkeeten

Fir eng pedagogesch sënnvoll a kandgerecht Reouverture vun der Schoul

déi lénk deelen d‘Bedenken an d‘Reserve vun de Gewerkschaften aus

Superdreckskëscht: En Offallspezialist mat sozialer Vocatioun
Kultur Neiegkeeten

Superdreckskëscht: En Offallspezialist mat sozialer Vocatioun

Um Superdreckskëscht-Standuert vu Kolmer-Bierg lant alles un Offall dat fir

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee
Kultur Neiegkeeten

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee

Et geet ëmmer dem giele Feil no Richtung Santiago de

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 4 Herbergen déi offiziell Plackett vum Label „Bed+Bike“ iwwerreecht. Si stieche besonnesch ervir duerch den Accueil vum Cyclotourismus, andeems si hir Servicer an Infrastrukturen un d’Besoine vun de Vëlosfuerer upassen.

Wien de Label „Bed+Bike“ dréit offréiert dem Client eng sécher Plaz fir de Vëlo ofzestellen, sou wéi Geschir, fir esou kleng Reparaturen ze maachen. Donieft erhält een hei spezifesch touristesch Informatioune fir de Cyclotourismus, sou wéi een ideale Muereskaffi fir d’Vëlosfuerer! Folgend Herbergen hunn de Label erhalen:

  • Péitche Lauer Ecolodge & Brasserie zu Useldeng
  • Hôtel Heintz zu Veianen
  • Hôtel Wemperhardt
  • Hôtel Carlton zu Lëtzebuerg

D’Kritären, déi een erfëlle muss, erméiglechen et de Vëlosfuerer u si ugepassten Infrastrukturen a Renseignementer ze erhalen. Am Joer 2011 ass de Label am Grand-Duché agefouert ginn, an dat an enker Kollaboratioun mam Ministère, sou wéi der Lëtzebuerger Vëlos-Initiative (LVI). Bis ewell hunn zu Lëtzebuerg ganzer 92 Herbergen de Label „Bed+Bike“.

Bei der Zeremonie haut de Moien huet de Lex Delles kommentéiert: „D’Fërderung vum aktiven Tourismus, virun allem dem Cyclotourismus, ass eng vu menge Prioritéiten. Op der enger Säit ass et wichteg d’Infrastrukturen zu Gonschte fir d’Vëlosfuerer ze entwéckelen an esou de Reseau vun de Vëlospisten auszebauen an de Locatiounssystem fir Vëloen auszeweiten. Op der anerer Säit muss een touristesch Etablissementer dozou bréngen hir Offere méi un de Cyclotourismus upassen. De Label „Bed+Bike“ stëmmt mat dëser Strategie iwwereneen.“

Déi komplett Lëscht zu den Etablissementer mam Label „Bed+Bike“ fannt Dir ënnert www.bedandbike.lu.

Opmaacherbild: Gruppefoto mam Tourismusminister Lex Delles an der Mëtt © MECO

Ähnlech Sujeten Bed + Bike, Cyclotourismus, Herberg, Lex Delles, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel