Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère
Meenung

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Den CID – Fraen an Gender ass schockéiert iwwert déi

coollovesurprise
Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall
Meenung

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den

cool
5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt
Meenung

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt

Better Call Saul ass eng groussaarteg Serie. An déi drëtt Staffel

Bedréier an onéierlech Firmen hunn net vill ze fäerten (Lieserbréif)

Bedréier an onéierlech Firmen hunn net vill ze fäerten (Lieserbréif)

D’Police „ka näischt maachen“. Den Telefonsubidder verdéngt nach gutt Geld um Telefonsabo wou fir betrügeresch Aktivitéite benotzt gëtt. De Nummer kann och net ouni Uerteel ofgeschalt ginn (mä et gëtt jo awer och kaum eppes an déi Richtung ënnerholl).

Eng Annoncenzeitung huet mir emol geäntwert, déi Hellseher (Grand Voyant), déi aus menger Sicht mat hiren Annoncen offensichtlech Leit wëlle bedréie, wiere Clienten, déi bezuele wéi all anerer och. „Jo, do kann ee näischt maachen. Einfach nëmme virsiichteg sinn, a wann dach emol eppes geschitt, jo, da gitt wann ech gelift op d’Police“

Iwwregens zënter datt déi nei Dateschutzgrondveruerdnung a Kraaft ass, kann ee mol net méi kucke wiem eng Internetsäit gehéiert, wien de Bedreiwer ass, an iwwert d’Firmeregister kann een och scho laang net méi schnell Informatiounen anhuelen. Bedréier an onéierlech Firmen hu licht Spill.

Éierlech a virun allem jonk Geschäftsleit ginn awer net seele vum Staat mat allerhand Schikane gepéngegt: Dreeungen, d’TVA esou séier wéi méiglech bezuelen ze mussen, Soziallaaschten, déi bei engem Verdéngscht net seelen ënnerhalb dem Mindestloun einfach ze héich a net ubruecht sinn, a nach en iwwerdeierte Membersbäitrag fir d’Handwierkerkummer.

An dat obwuel déi jonk Leit sech eréischt viru Kuerzem selbstänneg gemaach hunn an emol nach net mat zwee Féiss um Buedem stinn. Jo, méiglecherweis zousätzlech nach hire Studenteprêt nieft dem Loyer fir d‘Geschäftsraim oder den Atelier, de Kredit fir eng Wunneng oder de Loyer bezuele mussen? Wéi wann ech gelift soll dat da goen, wann een net d‘Ënnerstëtzung vun den Elteren an de Grousselteren huet?

Grouss Konzerner awer kréien de rouden Teppech ausgerullt, bezuele bal keng Steieren a ginn och bestëmmt net esou ënner Drock gesat. Aner, net esou éierlech Geschäftsleit, oftmools esou genannten „Handwierker”, maachen eng „faillite frauduleuse” a grënne kuerz drop eng nei Firma – natierlech ënner neiem Numm, op enger anerer Adress a vläicht mam Cousin als neie Bedreiwer… Dat gëtt zu Lëtzebuerg jo souwisou kaum iwwerpréift.

Et misst zumindest e Register gi wou schwaarz Schof agedroe kënne ginn a jidderee sollt onageschränkten Zougank zu dësen an och anere Firmendaten hunn. Ausserdeem solle Firmen oder hir Bedreiwer och no enger „faillite” haftbar fir déi Mëscht sinn, déi se ugeriicht hu, well et ginn ëmmer méi Firmen, déi leider nëmmen op Geld aus sinn, awer vun uerdentlecher Aarbecht net vill halen. An elo gi Bedréier an onéierlech Firmen aus Dateschutzgrënn och nach besser wéi jeemools virdru geschützt.

Johnny Theisen

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Bedréier, Ënnerstëtzung, Police, Schwaarz Schof
Nächsten Artikel Virrechten Artikel