Search

You may also like

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima
Neiegkeeten

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima

Um Méindegmueren hunn d‘Ministeren Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna (DP)

En Telefonsgespréich mat Folgen
Neiegkeeten

En Telefonsgespréich mat Folgen

Nodeems nei Virwërf opkomm sinn hunn d‘US-Demokraten éischt Moossnamen ergraff,

Nach ëmmer kee Fortschrëtt beim Brexit
Neiegkeeten

Nach ëmmer kee Fortschrëtt beim Brexit

Mëtt Juni hat et intensiv Gespréicher tëscht dem brittesche Premierminister

Naasst Gemupps: De Beeforter Aqua Park huet d’Hënn glécklech gemaach

Naasst Gemupps: De Beeforter Aqua Park huet d’Hënn glécklech gemaach

D’Buedduch war placéiert, d’Schwammbox souz a mat engem gewiifte Sprong goung et an de Basseng. Ma, esou ähnlech huet et e Sonndeg och am Aqua Park zu Beefort fir d’Muppen ausgesinn. Um Hondsdag louch de Fokus nämlech ganz op de Véierbeener!

Wärend weder um Stauséi, nach um Baggerweier zu Rëmerschen Hënn am Waasser erlaabt sinn, an ee sech scho guer net mam Mupp an d’Schwämm traut, huet een zu Beefort bei summerlechem Wierder een immensen Erfolleg erlieft.

Aqua Park

Zur Verfügung gestallt vun enger léiwer Lieserin

Esou geet dat!

Ugebuede goufen dräi Zäiten zu jeeweils 2,5 Stonnen, an deenen ëmmer 200 Individue vun der spezieller Offer profitéieren duerften. Säin Ticket huet een am viraus misse reservéiere, an de Spaass huet 1 € pro Been, respektiv Patt kascht. Fir déi néideg Sécherheet ze garantéiere war d’Matbrénge vum Impfpass vum Hond mat aktueller Tollwutimpfung, sou wéi eng gëlteg Haftschutzversécherung obligatoresch.

Wie gewollt war sech selwer och ofzekillen, deen duerft op Eegeverantwortung mat sengem léifste Véierbeener an d’Waasser. Datt all Hondsbesëtzer sech ëm de gudde Beholl vu sengem Hond an d’Ewech-Maache vu sengen Ausscheedunge këmmere misst – Tute goufen op der Plaz zur Verfügung gestallt – versteet sech scho bal als selbstverständlech.

A fir all déijéineg, déi sech elo Suergen ëm d’Gesondheet vun den Déiere maachen: Den Aqua Park zu Beefort huet matgeduecht a kee Chlor am Waasser genotzt. D’Ekipp verséchert, datt ee bis zur nächster Saison mat Propretéit a Qualitéit punkte kann an all Bassenge, sou wéi d’Filtere gebotzt ginn.

Aqua Park

Zur Verfügung gestallt vun enger léiwer Lieserin

Puren Amusement

Wärend sech am Waasser zuelräich Waasserrate fantastesch beschäftege konnten, duerften op enger ofgespaarter Wiss d’Muppe fräi ronderëm lafen, hirer Energie lassginn an déi eng oder aner Hondsbekanntschaft maachen.

Fir eng ofgerënnt Offer ze bidde gouf et natierlech och eppes fir de klengen Honger an de Wëssensduuscht. Eng Rei Info-Stänn, sou wéi een Ënnerwaasserfotograf hu fir e super Erliefnis a schéin Erënnerunge gesuergt.

Den Erléis gëtt iwwregens un e Lëtzebuerger Déierenheem gespent. Ma, mir, a bestëmmt och d’Muppen, géifen sech ob weider Hondsdeeg freeën. Vläicht ermuddegt dës Aktioun och aner Schwämmen, fir en ähnlecht Erliefnis ze bidden.

Aqua Park

Related topics Aqua Park, Beefort, Chlor, Fräizäitaktivitéit, Haftschutzversécherung, Hondsdag, Impfpass, Kacktuuten, Léngt, Mupp, Schwämm, Schwammen, Spaass, Tollwut, Véierbeener
Next post Previous post