Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!
Neiegkeeten

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!

Beim Oberlandesgeriicht zu Braunschweig huet ee Mammutprozess géint Volkswagen ugefaangen.

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii
Neiegkeeten

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii

D‘Lavastréim déi sech lues awer bestëmmt aus dem Vulkan Kilauea

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?

An dësem Stad-Quiz gi mer erëm an de Süde vum

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn

Beem, déi laanscht de Stroosse verschwanne, mussen ersat ginn

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn

Kompensatiounsmoossnamen, wann e Bam, dee laanscht enger Strooss steet, gefält gëtt, mussen och do gräifen. Dat erklären de Minister fir bannenzegt Sécherheet, Etienne Schneider (LSAP), an de Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, François Bausch (déi gréng), an enger Äntwert op déi parlamentaresch Ufro vum André Bauler (DP).

Gäre gëtt jo vun de Beem geschwat, wann et ëm Verkéiersdoudeger geet. Dobäi maachen déi nëmmen e klengen Deel aus: op 25 Verkéiersdoudeger kommen 2017 der 7, déi widder e Bam geknuppt ginn.

D’Beem einfach ewech ze maachen ass dobäi net esou einfach, gëllen d’Alleeën als kulturelle Patrimoine a stinn och deelweis ënner Naturschutz. Do wou Beem laanscht d’Strooss gefält ginn, mussen der och Neier laanscht Strooss geplanzt ginn. Dëst gëllt och fir Beem, déi op geféierleche Plaze stinn. D’Ponts et Chaussée géif dobäi Suerg droen, datt déi richteg Distanz zur Strooss bei der Neiuplanzung fonnt géif ginn, esou d’Ministeren.

Och d’Leitplanke ginn ausgebaut

850 Beem sinn esou an der leschten zwou Saisonen 2016 an 2017 ugeplanzt ginn. Dës Zuel stëmmt fir de ganzen Territoire vum Grand-Duché a limitéiert sech net op Beem, déi laanscht d’Strooss geplanzt gi sinn.

Fir d’Sécherheet ze erhéijen, ginn dofir och méi Leitplanke gebaut. 2017 waren dat, laut de Ministeren, 10.850 Meter. 3,5 Kilometer dovunner déngen och der Sécherung vun dëse Beem. Fir 2018 sollen 8 Kilometer dobäi kommen, 16 Kilometer sinn nach weider a Planung.

 

Ähnlech Sujeten André Bauler, Etienne Schneider, François Bausch, Lëtzebuerg, Natur, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel