Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert
Neiegkeeten Sport

Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert

Um Mëtternuecht war et zu Berlin endlech esouwäit: d‘Sondéierungsgespréicher sinn

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt
Neiegkeeten Sport

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt

Dee vun der Kielener Kulturkommissioun organiséierte Kultur- a Konschtfestival, huet

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!
Neiegkeeten Sport

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!

Vun deene villen Anime-Adaptéierungen, déi een sech am Joer 2017

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé

De SC Beetebuerg vergëtt onglécklech d‘Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé

Op et dem 1. Mee selwer, dem gudde Wieder oder am Endeffekt de Coupe-Match war, dee gëschter eng ronn 350 Spectateuren op den Terrain Camille Polfer ugezunn huet, dat dierf jidderee fir sech ausmaachen. Et war allerdéngs schonn eng flott Kulisse fir d‘Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg bei den Dammen.

Vun Ufank un war ze erkennen, datt d‘Damme vum Racing net gewollt waren hirem Géigner d‘Chance zum Spillopbau ze ginn. E Fait dee sech erkläert duerch eng geziilten a zimlech „pecheg“ Manndeckung: esou goufe d‘Spillerinne Senada Ceman (31) an d‘Lea Pizzimenti (8) zolidd vun de Spillerinne Cinara De Mata (14) an vum Emma This (21) an der Gitt gehalen. Beetebuerg hat déi éischt 25 Minutten entspriechend Krämpes an d‘Spill ze kommen.

Hale mir dann hei nach fest, datt den Terrain „komplizéiert“ ze spille war – et dierf een en als „knubbeleg“ nach am beschte beschriwwen hunn – an béid Equippen hiert bescht ginn hunn fir sech mat der Situatioun ze arrangéieren. De Racing, taktesch gutt ënnerwee, huet d‘Raim kleng gehalen an war zolidd am Mëttelfeld opgestallt. Beetebuerg huet no Léisunge gesicht, an esou waren déi éischt 30 Minutten zimlech ausgeglach.

Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Eng gréisser Chance gouf et fir de Racing an der 24. Minutt, déi d‘Elodie Martins (17) – déi bescht Spillerin vum Dag – sech op der rietser Säit mat Vitesse a gekonntem Dribbel duerchgesat huet, e lénkse Schoss awer wierklech knapps iwwert d‘Lat gesat huet. Ab der 30. Minutt huet ee gemierkt, datt d‘Manndeckung vum Racing un d‘Substanz gaangen ass, wouduerch d‘Lea Pizzimenti nees méi Fräiraum erhalen a seng Leeschtung ofruffe konnt.

Fir Beetebuerg ass et dann „endlech“ no vir gaangen, an et sollt dann och zu richteg gudde Goalchance kommen. Esou an der 30. Minutt: d‘Lea Pizzimenti bréngt mécht eng super Pass un d‘Oceane Testard (25) dat aus gudder Positioun (leider) laanscht de Goal schéisst. En Otemzuch méi spéit, an der 33. Minutt, huet d‘Anouchka Besch (11) eng weider gutt Chance verpasst, wéi hire Schoss duerch eng géigneresch Defensivspillerin an de Corner ofgefälscht gouf.

E bësse Gléck kann net schueden

Déi zweet Halbzeit ass aus spillerescher Siicht eppes „flaach“ ausgefall, den Terrain engersäits, an déi aggressiv Strategie vum Racing hu bei béide Mannschaften hiren Tribut agefuerdert. Beetebuerg wuel nach ëmmer beduecht den Ënnerscheet ze maachen, huet net méi richteg an d‘Spill era fonnt. De Racing hat dat clever hikritt, an wann déi ganz Offensiv sech net eleng op d‘Elodie Martins verlooss hätt wier et fir den SC Beetebuerg nach eppes méi sauer ginn.

Als Beispill d‘Aktioun vum Elodie Martins an der 65. Minutt. Hei iwwerleeft d‘Spillerin ganzer véier Géigner mat engem esou gekonnt, wéi séieren Dribbel, fir op de Penalty-Punkt ze flanken, wou d‘Xara Courbin (9) dëse „gëllene“ Ball net verwäerte konnt, an déi Beetebuerger sech nach emol ganz gutt aus der Affär zéie konnten. An dat wier dann eigentlech och déi eenzeg wierklech ernimmenswäert „Aktioun op de Goal“ vun der zweeter Halbzeit.

Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Mee et sollt dann awer nach e Goal falen, an deen iwwerraschenderweis net op där Säit déi ee sech erwaart hat. Géint Enn vum Match, d‘Kraaft huet op béide Säiten eppes nogelooss, koum et zum Eclat: 83. Minutt, en zentralen, net wierklech iwwermotivéierte Schoss vum Emma This war hei vum Lena Krier (1) falsch ageschat ginn. Dat kritt de Ball net richteg ze faassen, dëse „rëtscht“ duerch d‘Been, an den SC Beetebuerg fält aus der Coupe.

Mat dësem Goal „zu spéider Stonn“ huet d‘Moral vum SC Beetebuerg verständlecherweis gelidden, woubäi si weider op dësem weiderhi schwieregen Terrain alles versicht hunn. Mee Fussball, ob bei den Hären oder den Dammen huet seng eege Gesetzer. E brauch heiansdo net vill fir e Match ze entscheeden. Béid Equippe wousste wat um Spill stoung, an de Racing huet seng Chance besser notze kënnen.

Kommentar:

D‘Victoire vum Racing ass net onverdéngt. Si konnten duerch eng taktesch kompakt Leeschtung begeeschteren. Mat hirer „Allzweckwaff“ Elodie Martins (17) konnten si déi Beetebuerger Verdeedegung a Schach halen. Déi Beetebuerger haten um 1. Mee net hire beschten Dag erwëscht, an den Dram vum Doublé ass dohin. Si konnte fir eng Kéier net hir Akzenter setzen, mussen sech awer elo och näischt virwerfen. Elo heescht et sech op den Titel konzentréieren.

Stëmmen zum Spill

D‘Anouchka Bësch, dat sech zum Spill geäussert huet, war nom Match natierlech den Tréinen no. D‘Enttäuschung war him an den Aen ofzeliesen: „Esouvill Aarbecht déi duerch en ongléckleche Goal net belount gëtt, datt ass batter. Et muss een sech awer och agestoen, net déi beschten oder zumindest gewinnte Leeschtung ofgeruff ze hunn. Mir waren net effizient, haten doduerch och wéineg Goalchancen, an hunn et verpasst déi wou mir haten, ze verwäerten“.

Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Fir d‘Elodie Martins – déi zumindest fir eis als Spillerin vum Dag gëllt – ass mat dësem Resultat de Beweis erbruecht ginn, datt de Racing alles wéi net dout ass. „Mir haten eis virum Match en taktescht Konzept opgestallt, un datt sech déi ganz Equipp wuertgetrei gehalen huet. An och wann et um Enn e gléckleche Goal ass, d‘Resultat um Enn geet an d‘Rei“.

Opstellung vun den Equippen:

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 16 Kim Nilles, 18 Marie-Amelie Albrand, 9 Sadine Correia, 12 Tamara „Tammy“ Aniset, 6 Sarah Witry, 8 Lea Pizzimenti, 31 Senada Ceman, 20 Kate Thill, 11 Anouchka Besch, 25 Oceane Testard. Reserven: 14 Lucia Ruiz Rojas, 17 Sheila Hoja, 88 Amenis Correia. Trainer: Daniel Nunes Ferreira

Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

RFCUL (Racing FC Union Luxembourg): 13 Andrea Burtin, 5 Kaia Fukino, 14 Cinara Da Mata, 9 Sara Courbin, 7 Andreia Silva Machado, 8 Oceane Lopes Monteiro, 17 Elodie Martins, 10 Raquel De Oliveira, 23 Julie Wojdyla, 21 Emma This, 2 Claudia Veloso Da Silva. Reserven: 11 Sarah Wirtz, 20 Gabriele Kristjansdottir, 6 Helen Duvoux, 16 Elisa Martini. Trainer: Serge Bix

Foto: © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Coupe de Luxembourg, Dammefussball, Racving, RFCUL, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel