Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng konstruktiv Entrevue tëscht CNFL an dem Taina Bofferding
Sport

Viru kuerzem hat d‘Ministesch fir d‘Gläichstellung tëscht Mann a Fra,

Chantier op der A13 tëscht Echangeur Schëffleng a Keel

De Weekend heescht et fir d’Autofuerer, nees eng Portioun Gedold

New York: Eng Gay Pride géint den Trump
Sport

New York: Eng Gay Pride géint den Trump

Um Sonndeg hunn dausende Mënschen an engem Mier u Reebou-Fändelen

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung

Beetebuerger Laf 16. September 2017 © Martine de Lagardère/moien.lu

Organiséiert vu „Spiridon 08 “, ass de Beetebuerger Laf de leschte Samschdeg a neier Form ausgedroe ginn. Vum traditionellen Nuetslaf, deen duerch d‘Uertschaft gefouert huet, war een dëse Weekend zu engem Naturlaf iwwergang.

Natur gëtt beim Veräin iwwerhaapt grouss geschriwwen. De „Spiridon-Bëschlaf“ op der Kockelscheier, deen nach viru fënnef Joer net chronometréiert gouf, huet sech e Numm gemaach. Mëttlerweil huelen hei bis zu 600 Leefer deel an et kommen der Joers méi derbäi. De Nuetslaf hat Spiridon 08 dann och vun den Diddelenger iwwerholl. E Parcours deen op der Strooss duerch d‘Uertschaft gefouert huet. Hei war e Parcours vun zwee Kilometer ze absolvéieren. D‘Organisatioun war allerdéngs ëmmer eppes komplizéiert, wat och mam Verkéier ze dinn hat.

Gutt gelaunt ass d‘Streck schonn hallef gepackt © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat kann ee besser maachen

Et war deemno gutt a richteg sech ze iwwerleeën op a wéi de Beetebuerger Laf sollt weidergefouert ginn. Am Dag ze lafen, dat op engem gemëschte Parcours (Strooss a Bëschweeër) ass déi Optioun, déi dem Veräin als vernënfteg a vertrietbar zougesot huet. Domatter stoung d‘Entscheedung fest an um Samschdeg war d‘Premiere.

Eng Première déi vun de Leefer gären ugeholl ginn ass. 338 Leefer a Leeferinnen haten sech fir déi ënnerschiddlech Strecken ageschriwwen. Gelaf konnt ginn um klenge Parcours iwwer fënnef Kilometer oder fir déi méi Erfueren iwwer zéng Kilometer. Wann sech déi méi „sportlech“ Leefer am Chrono de Bass halen, esou bleift awer de Spaass um Lafen déi grouss Maxime.

Spiridon 08 organiséiert iwwert d‘Joer véier Leef, an dat an éischter Linn fir déi Leit déi d‘Lafen als Hobby bedreiwen. Hei geet et dann och tatsächlech nëmmen drëm, matzemaachen an et gëtt keen ausgelaacht wann hien déi véier mol als leschten ukënnt. Ganz am Géigendeel: wien vun de véier Leef un dräi deelhëlt, ass och ee Gewënner.

Wann et Tut geet et lass. De Paul säi Fils schéckt d‘Leefer op de Parcours © Martine de Lagardère/moien.lu

Mat Tréinen an den Aen

Déi sportlech méi zolidd opgestallte Leefer ginn awer kengeswees vergiess. D‘Leader sinn dann och un hire Maillote gutt ze erkennen. A wann och hei d‘Auer déi grouss Roll spillt, jiddereen ass deem anere frëndlech gesënnt. Wien hei matleeft gehéiert zu enger grousser Famill, den Zesummenhalt ass éierlech a reell.

Spiridon 08 huet dann awer och seng „Premiere“ vum Naturlaf an Erënnerung un de Paul Klonski gestallt. De Paul, Matbegrënner a Sekretär vum Veräin, ass kierzlech no kuerzer Krankheet verstuerwen. „De Veräi war säi Liewen“, erkläert eis de President Gilles Bley, „an de Paul hannerléisst e grousst Lach. Hie wäert awer ëmmer an eisen Häerze matlafen“.

An de Beweis liwwert dann och d‘Facebook-Säit vum Veräin. Vill vun de Memberen déi op besonnesche „Coursen“ mat um Depart sinn, widmen hir Participatioun dem Paul Klonski. Den éischten Depart vum Naturlaf huet dann och de Ralph Klonski ginn, dem Paul säi Bouf. Seng Fra war ëmgi vu Frënn a Bekannten déi si op dësem Dag ënnerstëtzt hunn.

De Beetebuerger Laf zu Éieren vum Veräinssekretär Paul Klonski © Martine de Lagardère/moien.lu

Wou de Veräin säin Numm hir huet

Déi Beetebuerger Fräizäit-Leefer sinn elo net déi éischt an och net déi eenzeg, déi e griichesche Leefer domatter éieren, datt se säin Numm iwwerholl hunn. Ënnert dem Numm Spyridon Loúis 1873 zu Maroússi a Griicheland gebuer, gewënnt de jonke Mann aus äermleche Verhältnesser 1896 de Marathon vun den éischten „neien“ olympesche Spiller.

Den éischte Beetebuerger Laf ass dann awer och gewonne ginn: op de 5 Kilometer setzt sech de Paul Tankam vum Celtic mat 16‘40‘‘ virum Upa Nater Carungal (20‘18‘‘) an dem Maurizio Locatelli (21‘26‘‘) duerch. Als éischt Dame iwwerleeft d‘Caroline Kutten vum CAD mat 24‘12‘‘ d‘Arrivée. D‘Julia Him, och vum CAD war mat 25‘01‘‘ no drun an och d‘Alice Coimbra mat 26‘10‘‘ huet eng schéi Leeschtung gewisen.

Op der grousser Distanz (10 Km) setzt sech bei den Hären de Nicolas Wavet mat 34‘45‘‘ virum Abiel Tesfu (Celtic Dikrech) 34‘56‘‘ knapp awer verdéngt duerch. Op der drëtter Plaz dann de Frank Schweitzer (AS Douanes) mat gudde 36‘50‘‘. Bei den Dame geet déi éischt Plaz un d‘Liz Nepper (Spiridon 08) dat sech mat 40‘25‘‘ virum Gaby Andres (Trispeed Mamer) 40‘53‘‘ behaapte kann. D‘Jessica Schaaf (CA Fola) huet sech mat 41‘18‘‘ och vu senger gudder Säit gewisen.

Galerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beetebuerg, Fräzäit, Gilles Bley, Lafen, Paul Klonski
Nächsten Artikel Virrechten Artikel