Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir geschwënn: Fest vun der Drauf an dem Wäin zu Maacher
International Neiegkeeten

https://moien.lu/welkom-dating-site/

De Picadilly war, an d‘Fouer kënnt schonn déi nächst Woch.

ukrainian dating scammers
International Neiegkeeten

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?

21 Punkte fir véier „Themeberäicher“ sollen am Kontext vun der

Léck: E radikaliséierte Mann ermuert dräi Mënschen op oppener Strooss
International Neiegkeeten

Léck: E radikaliséierte Mann ermuert dräi Mënschen op oppener Strooss

E radikaliséierte Mann, deem säin Zil et war Polizisten unzegräifen,

Europawahlen: Begeeschterung gesäit anescht aus

Europawahlen: Begeeschterung gesäit anescht aus

Zanter dem 23. mee gëtt an Europa gewielt an den Owend sollt et da gedoe sinn. Eng grouss Fro begleet dës Walen: Ass et eng Schicksalswahl? An hei gëtt et scho schwéier, well Fakt ass, datt „Europa“ net wierklech an de Käpp vun de leit ukomm ass, a vill Bierger einfach net matmaachen.

Gewosst ass bis ewell just, datt de Populisten an aneren Euroskeptiker vill Chancen zougerechent ginn. Zumindest ass et d‘Siicht vun de sougenannte Volleksparteien a ville Medien, wat net derzou bäigedroen huet, datt méi a virun allem besseren „Inhalt“ an de Wahlprogrammer an/oder op de Wahlveranstaltunge ginn hätt. Esou gëtt Europa „verkläert“ an net „erkläert“ an dat wierkt sech aus.

Dobäi si laut de Sondagen d‘Bierger an Europa vum Gemeinschaftsprojet esou iwwerzeegt wéi säit 35 Joer net méi. An néng Länner géif – laut deene vun der EU-Kommissioun virgeluechten Zuelen – et eng Zoustëmmung vun ëm déi 80%. Wann deem esou ass, erkläert et net firwat an deene meeschte Länner (zumindest do wou een net wiele muss) sech d‘Leit schwéier di matzemaachen.

Et gëtt a ganz Europa keng aner Walen déi esou wéineg Leit motivéiere vun hirem demokratesche Recht gebrauch ze maachen. Esou läit d‘Participatioun un den EU-Wahle beispillsweis an Italien an a Frankräich ënner 50%. Wéinst de Krisen a Konflikter, mee och den Opstand vun der Jugend, déi sech nees fir hir Rechter asetzt (Klimawandel) mécht Hoffnung datt der nees méi matmaachen.

Lëtzebuerg, de gudde Schüler

Zu Lëtzebuerg herrscht Wahlflicht, firwat et kaum Abstentioun gëtt. Traditionell ass de Bierger hei éischter pro-europäesch a fir gewéinlech sinn et déi „Grouss“ déi hir Kandidaten duerchgesat kréien. Dat kéint sech dëst Joer änneren. Den Orban hat e schlechten Afloss op d‘Campagne vun der CSV an d‘Korruptioun a Rumänien hëlleft de Sozialisten net. Et siicht een also no alternativen.

Déi gëtt et wierklech, an et sinn dann och vill Parteien dës Kéier ugetrueden. An hei gëtt et vun allem a muenches héiert sech gutt un. Woubäi een ëmmer bedenke muss, Lëtzebuerg huet mat 6 Mandater net wierklech „Afloss“. Dobäi ass de Lëtzebuerger iwwerzeegt vun de wirtschaftleche Virdeeler an erkennt un, datt d‘EU besser gerëscht ass fir global Problemer ze erfaassen.

E Problem dee bei dëser Wahl vill Bierger stéiert – fir net ze soe beonrouegt – ass d‘Matmaache vun de Briten, déi sech jo längst wollte vun Europa lassgeléist hunn. De Brexit awer zitt sech, an eng Rei britesch Kandidaten hu kloer annoncéiert, datt si sech wäerte queesch stellen. Bei 71 Mandater dierft déi Rechnung opgoen, besonnesch wa gewosst ass datt d‘Brexit-Partei beschte Chancen huet.

mat indymedia/lon

Foto: Peter Be / Pixabay

Ähnlech Sujeten EU-Parlament, EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Populismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel