Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt III: Revendicatioun-Guerilla
list of dating shows 2017

Giel Gileten Akt III: Revendicatioun-Guerilla

De franséische President, Emmanuel Macron, knapps datt hien den enttäuschende

https://moien.lu/tz-dating/
list of dating shows 2017

100 free dating site in netherlands

Um Mëttwoch ass an der Strooss Charles IV zu Lëtzebuerg

Gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitiounen
list of dating shows 2017

Gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitiounen

An engem neie Communiqué vun der grénger EU-Deputéiert Tilly Metz

Beggener Wichtelhaus, Spekulanten a Wunnengsnout

Beggener Wichtelhaus, Spekulanten a Wunnengsnout

D’Ausenanersetzung ëm den Erhalt vum sougenannte Beggener Wichtelhaus am Hierscht 2016 ass villen nach an Erënnerung. Un dëser Plaz sollt deemools eng grouss Residenz vun engem Promoteur entstoen. D’Wichtelhaus ass schliisslech an d’Zousazinventar vun den nationalen Denkmaler ageschriwwen an esou virum Ofrappe geschützt ginn, wat een als Sig fir den Erhalt vun der historescher Bausubstanz feiere kann. No der Klasséierung sollt d’Residenz ronderëm d’Wichtelhaus geplangt ginn.

Mee bis ewell gouf näischt verwierklecht. No de Gemengewahlen ass et roueg ëm dat villäicht eelst Beggener Haus ginn. Säit senger Aschreiwung an d’Zousatzinventar vun den nationalen Denkmaler steet et eidel; et gëtt net beheizt; deelweis stinn d’Fënsteren op a lescht Woch hu souguer d’Pompjeeë missen agräifen, fir ee Feier ze läschen. De Proprietär schéngt et passiv verkommen ze loossen. Waart hie bis et ofbrennt, fir dann awer seng ursprénglech Pläng ze verwierklechen?

Déi Lénk Stad fuerdert d’Gemengeféierung vun der Stad Lëtzebuerg op, géigeniwwer dem Proprietär anzeschreiden, fir datt d’Wichtelhaus a guddem Zoustand bleift, dëst souwuel opgrond vum Artikel 13 vum „Réglement général de police“, wéi och vum Artikel 45 vum Bautereglement. Mir ruffen an Erënnerung, datt souwuel d’Madamm Polfer, wéi och d’CSV virun de Gemengewahle versprach haten, d’Haus ze schützen. Sinn elo am Schäfferot dës Versprieche vergiess? Huet keen de Courage, Verantwortung ze iwwerhuele fir dësen Zäitzeie vun der Stad ze erhalen?

Och de Kulturministère ass gefuerdert. Opgrond vum Gesetz vum 18. Juli 1983 zum Erhalt a Schutz vu klasséierte Gebaier kann d’Ministerin déi noutwenneg Reperatur- an Ënnerhalungsaarbechten ausféiere loossen.

Iwwert de Fall vum Wichtelhaus hinaus stinn all déijéineg Proprietären am Zwielicht, déi hir Haiser als Spekulatiounsobjete mëssbrauchen a se eidel stoe loossen, fir entweder méi Loyer ze kasséieren oder fir se zwecks profitabelem Neibau ofrappen ze loossen. Honnerte vu Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg si momentan onbewunnt, woubäi gläichzäiteg d’Wunnengsnout sech ëmmer weider verschäerft. Ee Skandal!

D’Regierung an d’Gemeng si gefuerdert, fir d’Recht op eng Wunneng géigeniwwer de Spekulanten duerchzesetzen. Et geet ëm d’Vertraue vun de Mënschen an d’Institutioune vum Stad a Gemeng, an domat an d’Demokratie.

Matgedeelt vun déi Lénk Stad – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beggener Wichtelhaus, déi Lénk Stad, Denkmal, Loyer, Lydie Polfer, Neibau, Schutz, Wunnengsnout
Nächsten Artikel Virrechten Artikel