Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)
Meenung Neiegkeeten

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)

Haislech Gewalt ass besonnesch am Confinement ee Kappzerbrieches a vläicht

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue
Meenung Neiegkeeten

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

Den LAR – am Volleksmond d‘Air Rescue genannt – ass

Kollektivvertrag fir Spidäler ënnerschriwwen
Meenung Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir Spidäler ënnerschriwwen

No laangen, zum Deel heftegen Diskussiounen an divers Manifestatioune, ass

Fir begleedend Sécherheetspersonal an ëffentleche Verkéiersmëttel!

Den LCGB äussert sech zur Maskeflicht

Fir begleedend Sécherheetspersonal an ëffentleche Verkéiersmëttel!

Zënter der Aféierung vun der Maskeflicht an den ëffentleche Verkéiersmëttel gëtt et nach ëmmer zuelräich Fuergäscht, déi sech net un dës zum Schutz vun der Gesondheet aller Mënschen noutwenneg Virsiichtsmoossnamen halen. Zudeem ass ze erwaarden, datt d’Unzuel u Fuergäscht an den ëffentleche Verkéiersmëttel mat den nächste Phase vun der Lockerung steige wäert, besonnesch duerch d’Opnam vum Schoulbetrib an der Erëffnung vu bestëmmte Wirtschaftssecteuren.

Fir den Ängschte vu Buschaufferen, Studenten, Employéen a Bierger entgéint ze wierken, fuerdert den LCGB eng schnell Aféierung vu begleedendem Sécherheetspersonal an allen ëffentlechen Verkéiersmëttel, fir d’Maskeflicht duerchzesetzen, eng Flicht, déi den LCGB zum Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet an zur Vermeidung vun enger zweeter Infektiounswell fir onbedéngt noutwenneg hält.

Tatsächlech hu Buschaufferen zënter der Aféierung vun der Maskeflicht festgestallt, datt eng Rei u Fuergäscht dës Reegelung mëssuecht an d’Chauffeur mat konflikträiche Situatioune konfrontéiert ginn. Dëst ëmsou méi, wou si engem Passagéier weder den Zougang verwieren, nach hien zum Droe vun enger Mask zwénge kënnen. Och wann de Chauffer d’Recht hätt, wiere si dann zuelräiche Problemer hisiichtlech hirer perséinlecher Sécherheet ausgesat.

Wëll begleedend Sécherheetspersonal schonn am Schinneverkéier am Asaz sinn, fuerdert den LCGB, dat selwecht duerch eng groussherzoglech Veruerdnung och fir aner ëffentlech Verkéiersmëttel ze garantéieren, esou laang d’Droe vu Masken obligatoresch bleift. Den LCGB betount, datt d’Sécherheetspersonal éischter eng preventiv Roll spillt, an zukünfteg mat der Ëmsetzung vu méi strenge Moossname betreit kéint ginn.

Matgedeelt vum LCGB

Opmaacherbild: © Chapman Chow / Unsplash

Ähnlech Sujeten Begleedend Sécherheetspersonal, Buschaufferen, Ëffentlechen Transport, LCGB, Maskeflicht, Passagéier, Schutzmask, Verkéiersmëttel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel