Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?
Neiegkeeten

Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?

Déi sougenannte „Migratiounskris“ an alles wat domatter zesummenhänkt, fänkt u

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den Delhaize ee weidere

dislike
Macron schonn am éischten Tour bestätegt
Neiegkeeten

Macron schonn am éischten Tour bestätegt

Ee Mount no sengem Anzuch an den Elysée, ass den

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!

Um 4. Mee gëtt S.R.A. de Grand-Duc Jean begruewen. Aus dësem Grond muss ee sech op eng Rei Ännerunge beim ëffentlechen Transport, de Parkingen an dem Loftverkéier gefaasst maachen.

Parking

  • Vu 6:00 bis 23:00 Auer ass de Parking „Place de l’Eruope“ um Kierchbierg gratis
  • D’Parkingen Théâtre, Royal-Hamelius a Monterey sinn de ganzen Dag vum 4. Mee op
  • De Parking um Knuedler ass fir Abonnenten an d’Ëffentlechkeet um 4. Mee vu 7:30 bis 14:00 Auer zou
  • Beim Parking Saint-Esprit ass den Acces um 4. Mee vu 7:30 bis 14:00 Auer verbueden, d’Sortie a Richtung Tunnel R. Konen ass zu all Moment méiglech
  • D’Stad Lëtzebuerg wäert sech ëm d’Beschëlderung këmmeren

Zuch

  • D’CFL informéiert datt d’Aarbechten op den Zuchstrecke Sanweiler-Contern a Lëtzebuerg-Dummeldeng, déi eigentlech um 4. a 5. Mee virgesi waren, verréckelt ginn. Am Kader vum Méigleche gi provisoresch Transportmëttel ageriicht.

Ëffentlechen Transport

  • Vun Donneschdes, den 2. Mee um 18:00 Auer bis Samschdes, de 4. Mee um 18:00 Auer ass d’Rue Notre-Dame, d’Rue du Fossé, d’Côte d’Eich, d’Rue de l’Eau, d’Rue de la Boucherie an d’Rue du Marché-aux-Herbes duerch d’Tribunen gespaart
  • Um Samschdeg, de 4. Mee vu 6:00 bis 18:00 Auer wäerten d’Rue Aldringen, d’Rue Notre-Dane, de Boulevard F. D. Roosevelt, d’Place de la Constitutioun, d’Rue de l’ancien Athénée, d’Rue de la Congrégation, d’Rue du Fossé, d’Côte d’Eich, d’Rue du Marché-aux-Herbes, d’Rue de la Boucherie, d’Rue Sigefroi, d’Rue de l’Eau, d’Rue Large, d’Rue de la Corniche an d’Rue du St. Esprit gespaart sinn. An de selwechte Stroossen a Plazen ass et ab Freides, den 3. Mee ab 18 Auer bis Samschdes, de 4. Mee um 18:00 Auer verbueden ze stationéieren.
  • Duerch de Mäertche vun der Oktav wäert d’Place de la Constitution vu Freides, den 3. Mee ab 18:00 Auer bis den 29. Mee Owes gespaart sinn.
  • P+R Bouillon: D’Linn 17 zirkuléiert tëscht 8:03 an 15:03 Auer all 10 Minutte vum P+R Bouillon Richtung Stad-Zentrum, de Retour geet all 10 Minutte bis 15:10 Auer an uschléissend all 10 Minutte bis 19:10 Auer. Um P+R Bouillon kënnen d’Visiteuren och d’Linnen 1/125 a 15 notze fir an den Zentrum oder op d’Gare ze kommen. Dës Busser fueren all 15 bis 20 Minutten
  • P+R Lëtzebuerg-Sud: D’Linn 21 zirkuléiert tëscht 7:48 an 11:08 Auer all 10 Minutten tëscht dem Houwald, P+R Lux-Sud Quai 3 a Quai 1 an dem Zentrum (Arrêt Monterey). De Retour geet all 10 Minutten bis 14:58 Auer an uschléissend all 20 Minutte bis 19:58 Auer. Parallel kann een och d’Linn 29 vum P+R Lux-Sud Quai 2 bis bei de Garer Quartier (all 30 Minutten ’19 an ’49) notzen.
  • Duerch Späerungen an de Stroossen entfalen d’Arrêten F. D. Roosevelt Quai 1, Cathédrale, Gruef a Kasinosgaass vun de Linnen 19 an 32 vum 2. Mee 18:00 Auer bis de 4. Mee. Als Ersatz gëllt den Arrêt Hamiliues (Linn 19 an 32) a Forum Royal (Linn 32).
  • Um 4. Mee steiert de City Shopping Bus d’ Arrêten F.D. Roosevelt Quai 1, Cathédrale, Gruef a Kasinosgaass net un. Als Ersatz gëllt den Arrêt Rue Beaumont
  • Op de wichtegen Arrêten wäert Iech Personal zur Verfügung stoe, fir d’Notzer vun den ëffentlechen Transportmëttel ze guidéieren an ze informéieren.
  • D’Stad Lëtzebuerg wäert sech ëm d’Beschëlderung këmmeren

Begriefnis

Flugaktivitéiten an Drone-Flich

  • Am Kader vun de Trauerfeierlechkeete vum Groussherzog Jean de 4. Mee 2019 huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op Basis vun der nationaler Reglementatioun decidéiert, all Flugaktivitéite souwéi och all Drone-Flich vun 6:00 bis 22:00 Auer an der Uewerstad bis eng Héicht vu 750 Meter ze verbidden.

Nationalbibliothéik

  • D’Nationalbibliothéik (BnL) ass um Freideg, den 3. Mee duerch Preparatioune fir d’Begriefnis ausnamsweis zou. Weider Informatiounen ënnert www.bnl.lu.

Wichteg Informatioun fir jiddwereen, deen keng Plaz méi an der Kathedral krut

Ähnlech Sujeten Begriefnis, Bus, CFL, Grand-Duc Jean, Kathedral, Parking, Transport, Verkéier, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel