Search

You may also like

Problemer an der Schoul? Da muss an der Vakanz geléiert ginn
International Neiegkeeten Stories

Problemer an der Schoul? Da muss an der Vakanz geléiert ginn

Wärend sech d‘Gewerkschaft SEW/OGBL schonn emol däitlech géint d‘Nohëllef am

dislike
Trump Immigratiounsdekret geriichtlech bestätegt
International Neiegkeeten Stories

Trump Immigratiounsdekret geriichtlech bestätegt

Den ieweschte Geriichtshaff an den USA huet um Méindeg dem

Banksy: Sea-Watch kritt “pink” Ënnerstëtzung
International Neiegkeeten Stories

Banksy: Sea-Watch kritt “pink” Ënnerstëtzung

De Streetart-Kënschtler huet der däitscher Organisatioun Sea-Watch e Schëff zur Séinoutrettung

Huet d‘EU-Kommissioun bei de Vaccine versot?

Huet d‘EU-Kommissioun bei de Vaccine versot?

Zu Bréissel sinn d‘Technokraten an déi politesch Acteure gläichermoossen an der Defensiv. An dat huet natierlech mat der Covid19-Pandemie ze dinn. Esou gëtt der EU-Kommissioun elo vu gewësse „Kreesser“ zum Virworf gemaach, si hätt net genuch Vaccine bestallt. Dat ass jo net emol verkéiert, woubäi de Problem hei éischter vun de Memberlänner an Impfstoffhiersteller erbäigefouert gouf.

Politesch Acteure, d‘Medien an all d‘Experten aus de sozialen Netzwierker déi bis heihinner alles wat „Vaccin“ betraff huet, stramm kritiséiert hunn well alles ze séier an net ausräichend gepréift gi wier, hunn nei „Usätz“ fonnt. Elo geet et drëms, datt net séier genuch geimpft gëtt an et ginn nees Uspillunge gemaach, datt et net genuch Dose vum Vaccin fir all Mënsch gëtt. Mee ass deem esou?

An esou Fäll ass et jo dat einfachst, einfach mam Fanger op Bréissel ze fannen. Dat dréit natierlech net zu engem bessere Versteesdemech ënnert de Länner bäi. Hei gëtt ganz bewosst déi Europäesch Unioun bei de Bierger diskreditéiert, an dat zu engem Zäitpunkt wou den Zesummenhalt eigentlech méi wichteg wéi jee ass. An Zäite vu grousser Nout, hunn Egoisten a Populisten hir Stärestonn.

Et muss dann hei elo drop higewise ginn, datt grad am Kontext vun der Impfstoff-Uschafung d‘EU kengesfalls versot huet, den Géigendeel ass de Fall. Fir eng Kéier, wou déi oft zu Recht kritiséiert Handlaanger vun Industrie a Wirtschaft eppes richteg maachen… Also fir alleguerten déi wou sech nach am Grëff hunn: „Bréissel huet hei absolutt näischt, mee guer näischt, eleng decidéiert!“.

Emol eppes Grondsätzleches

Ganz am Ufank, wou et éischt Diskussiounen zu den Impfstoffer ginn huet, hat sech an der Unioun eng sougenannt „Impfallianz“ gebilt. Dozou hu gehéiert: Däitschland, Frankräich, Italien an och Holland. E Schratt dee wuel drop hindeit, datt et mam Zesummenhalt an der Unioun net wäit hir ass, a beim Beholl vu Polen an Ungarn, wuel och kengem wierklech ze verdenken. An awer sinn ëmmer méi Länner dëser „Allianz“ bäigetrueden, firwat een et de Kommissioun konnt iwwerginn.

An zu dësem Zäitpunkt hat d‘EU-Kommissioun längst éischt Investitiounen an Entreprisen ageleet, fir Fuerschung, Entwécklung an d‘Hierstellung vun den Impfstoffer ze beschleunegen. An dat ass jo och hire Job: Déngschtleeschter vun de Memberlänner an deenen hire Bierger. Fakt ass, datt d‘EU selwer net „direkt“ Vaccine kaf huet, mee d‘Memberlänner an eegener Verantwortung decidéiert hunn, wéi eng Impfstoffer si wëllen, a wéi vill dovunner si wëllen. D‘EU ass quasi de „Grossist“.

Wichteg a richteg war et un der Iddi festzehalen, datt déi 27 Memberlänner zesumme bestellen. Et sollt jo net zu engem „Impfnationalismus“ kommen. Mat Zesummenhalt huet dat allerdéngs och nees näischt ze dinn, hei huet déi „pur Nout“ d‘Fiedem am Hannergrond gezunn. An esou konnt zimmlech iwwerraschend an esouguer zäitno ee Konsens fonnt ginn. Et gouf also festgehalen, datt d‘Impfstoffer no engem festgeluechte Schlëssel vun den Awunnerzuele géife verdeelt ginn.

Eng Bestellung, eng Rechnung…

Nodeems dat da gekläert war, huet d‘EU-Kommissioun mam Accord vun de Memberlänner, mat sechs Hiersteller Verträg ofgeschloss. Dat mécht Sënn, well esou gouf net alles op ee Vaccin gesat, zudeem jo bei Vertragsofschloss net gewosst war, wéi een Impfstoff sech géif duerchsetzen an och zougelooss géif ginn. Et huet derzou bäigedroen, datt d‘EU Präis a Quantitéit verhandele konnt.

Eng gemeinsam europäesch Strategie bitt eng staark Verhandlungspositioun um Weltmaart. Esou konnt sech d‘EU-Kommissioun ronn 2 Milliarden Impfdose sécheren, déi de ronn 450 Milliounen EU-Bierger zur Verfügung gestallt ginn. Haut ass gewosst, datt de Vaccin vu Pfizer/Biontech dës Course gewonnen huet, och wann aner Hiersteller elo ufänken op de Konkurrent opzeschléissen.

Mee et geet beim Impfstoff (egal vu wiem dëse kënnt) och ëm Sécherheet a folgerichteg d‘Haftung, déi bei enger „Noutfallzouloossung“ vun de respektive Staate muss iwwerholl ginn. Bei enger „konditioneller“ Zouloossung läit d‘Haftung grondsätzlech beim Produzent. An den Drock op d‘EMA (Europäesch Medikamentenagence) bleift mat bereetstoende Vaccine weiderhin héich.

Esou stinn als nächst „Kandidaten“, den Impfstoff vu Moderna an dee vun AstraZeneca op der Lëscht. Dee lescht genannten hätt – wann en dann zougelooss gëtt – de Virdeel, net mussen opwänneg gekillt ze ginn, wéi dat bei Pfizer/Biontech a Moderna de Fall ass. Et ass och méi bëlleg a kéint vum Hausdokter verofreecht ginn. Mee et stellen sech dann awer nach vill Froen…

Onverständlech Kritik

Datt sech d‘EU-Kommissioun elo bezunn op d‘Akafstrategie verdeedege muss, huet awer och mat der Aart a Weis ze dinn, wéi een dat mat der éiweg beschwuerener Transparenz ëmgeet. Asiicht an de „wéi sinn d‘Verträg zustane komm?“ gëtt et natierlech keng, dat ass alles streng geheim. Dat awer verhënnert net d‘Erkenntnis, datt och gréisser Bestellungen net zu méi séieren Impfunge vun de Bierger gefouert hätt. Et muss een jo d‘Produktiounscapacitéiten an dësem Fall berécksiichtegen.

Esou sollt ee schonn dovunner ausgoen dierfen, datt genuch Impfstoffer bestallt goufen, an datt all Mënsch deen de Vaccin wëll, dësen och iergendwann deemnächst sollt kréien. Dat natierlech ëmmer entspriechend de Prioritéiten. Prioritéiten iwwregens, déi och esou zimmlech iwwerall eenheetlech sinn. A well schwéier dru geschafft gëtt de Vaccin hierzestellen, nei Produktiounsstanduerter an der Unioun um entstoe sinn, sollt een eppes Gedold opbréngen a säin Ëmfeld zur Impfung motivéieren.

Natierlech ass et einfach ze soen: „Si hätte méi bei Pfizer/Biontech bestelle sollen!“, mee dann hätt et déi ginn, wou der EU-Kommissioun virgeworf hätten ze vill ze riskéieren. Bréissel ze kritiséieren datt leedeglech déi duebel bis dräifach erfuerderlech Meng bestallt ginn ass, ass de falsche Wee an et hätt hei souwisou dann d‘Kritik ginn, datt een eng riseg Verschwendung verursaacht hätt. Wei och ëmmer, et gouf emol eppes wierklech richteg ugepaakt, dat sollt een einfach esou akzeptéieren.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Hakan Nural / unsplash

Related topics Bestellung, Covid19-Impfstoff, Covid19-Vaccin, EU-Kommissioun, EU-Memberlänner, Kritik
Next post Previous post