Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

A wann een einfach de Parking bei der Gëlle Fra géif ofschafen?
Neiegkeeten

A wann een einfach de Parking bei der Gëlle Fra géif ofschafen?

De Verkéiers- an Nohaltegkeetsminister huet gëschter drop higewisen, datt déi

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op
Neiegkeeten

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op

No villem Hin an Hier, mee och sécherlech fir Neiwahlen

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?
Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt

Mam chrëschtleche Selbstverständnes, esou wéi dat d‘ADR gesäit, besonnesch wann et ëm de Schutz vum Liewen an der Dignitéit vum Mënsch geet, schéngt d‘CSV esou seng Schwieregkeeten ze hunn.

Eng Ausso déi sech dorops bezitt, datt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, bei der Debatt iwwert d‘Entwécklungshëllef eng Motioun deponéiert huet, mat där d‘Regierung opgefuerdert gëtt, Programmer ze ënnerstëtzen déi sech ëm de Schutz vum Liewen an der Gesondheet vun de Mammen an de Kanner am Ëmfeld vu Schwangerschaft a Gebuert beméien.

D‘Motioun fuerdert dann awer och, datt keng national oder international Programmer sollen ënnerstëtzt ginn, déi d‘Ofdreiwung guttheeschen. Zudeem hält d‘ADR an senger Motioun dru fest, datt d‘Rechter vun den Eltere bei demographesche Programmer an der Familljeplanung misste respektéiert ginn.

Fuerderungen, esou d‘ADR, déi aus de Länner deenen d‘Entwécklungspolitik zerguttst kënnt, selwer ze héieren ass. Gehéiert ginn ass datt awer net an der Chamber, wou wéi gewinnt, d‘Motioun vun der ADR verworf ginn ass.

Bei der ADR gesäit een et „sportlech“: „Déi lénks-ideologesch Parteien hu selbstverständlech géint d‘Liewen a fir d‘Ofdreiwung gestëmmt. Mee och d‘CSV huet dës Motioun verworf a weist domatter endgülteg, datt hir Spëtzt net méi weess wat den „C“ heescht a wat fir eng Verantwortung dat bedeit“.

Et geet ee bei der ADR esouguer nach ee ganz Schratt méi wäit. Esou gëtt féierende Vertrieder vun der CSV ënnerstallt, datt ee sech scho méi laang mam Gedanke géif droen, den „C“ duerch „Centrum“ ze ersetzen. Dat just well sech d‘CSV scho laang net méi fir chrëschtlech Wäerter asetzt.

Well net ka sinn wat net dierf sinn, fuerdert d‘ADR déi „Chrëschtlech Sozial Vollekspartei“ op, sech vun hirem „C“ ze trennen an domatter wéinstens d‘Konsequenzen aus hirem politesche Verhalen ze zéien. Op sech elo politesch eppes géif Ännere wann, et zukünfteg nach just „SV“ heescht, kann een elo nach un de Fuerderunge vun der ADR erkennen.

Bei de chrëschtlech-sozialen dierft ee wuel och éischter net iwwert d‘Propose vun der ADR nogeduecht hunn. Och wann ee sech sollt agestoen, datt d‘CSV scho reng aus Prinzip géint d‘Motiounen, Gesetzprojeten oder wat vum ADR soss nach virgeluecht gëtt, stëmmt. Den „C“ dierft eis also erhale bleiwen.

Ähnlech Sujeten adr, CSV, Fernand Kartheiser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel