Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen
is ricky stenhouse dating anyone

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen

„D‘Palestinenser wäerte kee Friddensplang dee vun den Amerikaner virgeluecht gëtt

https://moien.lu/speed-dating-hamm-2018/
is ricky stenhouse dating anyone

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck

De Match, deen e Samschdeg um 19:30 Auer ugepaff ginn ass, huet sech

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn
is ricky stenhouse dating anyone

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn

De spuenesche Riichter, deen sech mat der Enquête zur versichter

Bei der POST ass nach ëmmer Sand an der Mechanik

Entrevue tëscht Postgewerkschaft a Wirtschaftsminister (nogereecht)

Bei der POST ass nach ëmmer Sand an der Mechanik

Den 29. Abrëll hat de Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) a senger Qualitéit als zoustännege Minister fir „POST Luxembourg“ eng Delegatioun vun der Bréifdréiesch Gewerkschaft empfaangen, fir iwwert déi bestoend Problemer an der Entreprise ze schwätzen.

D‘Gewerkschaft huet eng ganz Rei vu Problemer ugeschwat, déi fir hire gréissten Deel mat der Rekrutementspolitik vu „POST Luxembourg“ ze dinn haten. Tatsächlech stellt d‘Entreprise zanter Jore bal exklusiv Salariéeën zum Nodeel vun den Agenten ënnert dem ëffentleche Statut an. Dat mam Argument „Käschten anzespueren“.

Et ass evident, datt d‘Bréifdréiesch Gewerkschaft mat dëser Approche net kann averstane sinn, wëll et an de grondleeënde Gesetzer iwwert d‘Aufgabe vun de Staatsorganer de faméisen „soit/soit“ gëtt, also d‘Astellung vu Salariéeën an Agente vum ëffentleche Recht an dat am Sënn vun der Gläichbehandlung, wat bis dato faktesch net de Fall ass.

D‘Gewerkschaft refuséiert kategoresch d‘Interpretatioun vum „soit/soit“ als Fräibréif fir 100% Salariéeën an 0% Agente vum ëffentleche Recht anzestellen. Et géi iwwregens ganz aner Käschte-Gruppen déi besonnesch „deier“ sinn. Esou beispillsweis am Beräich vun der Informatik. Et wier eng fatzeg Ongerechtegkeet d‘Spuermoossnamen eleng um Réck vum Personal auszedroen.

Um Terrain bereeden dës Problemer zolidd Schwieregkeeten am Alldag. Agenten déi, déi selwecht Aarbecht an enger Equipp leeschten, hunn ënnerschiddlech Aarbechtskonditiounen a Gehälter. Dat wierkt sech op d‘Stëmmung aus a féiert zu „Stéierungen“ am Dagesgeschäft. Zudeem sinn d‘Leit esouwuel frustréiert wéi demotivéiert.

An esou kann d‘Gewerkschaft dann um Enn vun der Entrevue awer nach zefridde feststellen, datt de Wirtschaftsminister och der Usiicht ass, datt de Mediatiounsaccord – deen den 2. Juni 2017 tëscht der Bréifdréiesch Gewerkschaft, der CGFP an der Regierung ënnerschriwwe gouf – muss ëmgesat ginn.

D‘Bréifdréiesch Gewerkschaft begréisst et och, datt sech Minister fir d‘Bäibehale vum „Service Universel Postal“ bannent POST Luxembourg ausgeschwat huet. Dat wier eng gutt Entscheedung op nationalem Niveau, och wann de Gesetzprojet nach ëmmer keng Mindestlafzäit enthält. Ofschléissend gouf et nach eng Rei Erklärungen zum POST-Kapitel am Koalitiounsaccord.

Matgedeelt vun der Bréifdréiesch Gewerkschaft, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Bréifdréieschgewerkschaft, Etienne Schneider, Post Lëtzebuerg, Wirtschaftsminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel