Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken
Money Neiegkeeten

funny joke for dating app

No engem Feier an der Industriezon zu Suessem war Läschwaasser

https://moien.lu/how-to-tell-someone-you-dont-want-to-keep-dating-them/
Money Neiegkeeten

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun

Sabotageaktioune kréien d‘Iraner regelméisseg ënnerstallt an elo sollen si sech

Muechtwiessel am Sudan
Money Neiegkeeten

Muechtwiessel am Sudan

Esou séier kann et goen. Am Sudan huet d‘Arméi duerchgegraff

money

Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet

De Lëtzebuerger Satellittebetrib huet ee ganz erfreeleche Bilan virgeluecht a fir datt deem och esou bleift, soll et zu positive Verännerunge kommen, dat besonnesch am Beräich vun de „Netzwierker“.

Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet

Déi Europäesch Satellittegesellschaft (SES) mat Sëtz zu Betzder ass net nëmmen eng vun den innovatiivsten an internationaalsten Entreprisen am Lëtzebuerger Land, si ass tatsächlech och eng vun de profitabelsten. Dat bestätegt sech och am Bilan vun 2019, deen e Méindeg virgestallt gouf.

Als éischt gutt Nouvelle: d‘SES konnt säin Netto-Benefice 2019 ëm 1,3% op 296,2 Milliounen Euro steigeren, obwuel de Geschäftsëmsaz och ëm 1,3% erofgaangen ass – wat en Zesummenhang mat de Video-Aktivitéiten huet, déi zolidd agebrach sinn – a mat 1,98 Milliarden Euro net méi ganz esou zefriddestellend ass. Dëse Geschäftsberäich géif zudeem weider ofhuelen, heescht et do.

Wat d‘Prognose fir 2020 ugeet, esou ass de CEO Steve Collar mat béide Féiss um Buedem bliwwen an huet ee Geschäftsëmsaz an Héicht vun 1,92 Milliarden Euro prognostizéiert, d‘Zil wier et awer déi 2 Milliarde Grenz ze knacken. Bei der Exploitatioun geet de Chef vun engem reduzéierten Iwwerschoss aus (tëscht 1,15 an 1,21 Milliarden Euro). 2019 huet dëse bei 1,21 Milliarde geleeën.

Ee vun de profitabelste Beräicher ass d‘Netzwierk-Aktivitéit, wou de Geschäftsëmsaz (-4,5%) op 734,1 Milliounen ugewuess ass. Dëse Beräich stellt dann elo och 38% vun den Aktivitéite vum Grupp duer, deen 2018 mat 35% ernimmt gouf. Dofir ass de Beräich „Video“ agebrach (-7,8%), mee dee stellt mat engem Ëmsaz vu brutto 1,21 Milliarden nach ëmmer 61% vun den Aktivitéiten.

Säitens dem Aktiëwäert, deen 2019 gelidden huet an och zum Ufank vum Joer net besonnesch gutt do steet, heescht et relativiséieren. Gutt déi 35 Euro déi d‘Aktie 2015 Wäert war, dierft een net méi esou séier erzielen, mee wann e Bedenkt datt se am November un der 10 Euro-Mark gekraazt huet, elo nees bei 17 Euro läit, besteet kee Grond zur Suerg. Woubäi dat de Steierzueler schonn trëfft.

D‘SES huet proposéiert eng Dividend vu 40 Cent pro Aktie auszebezuelen. Dat wiere ronn 10 Millioune fir d‘Staatskeess, also net terribel vill an awer. Zudeem kann een d‘SES net eleng u senge finanzielle Resultater moossen. Déi bewierken an éischter Linn, datt sech d‘SES erneieren an op eng „aner“ Zukunft virzebereede muss. Eng Zukunft an där si der Konkurrenz begéine muss.

SES

De CEO vun der SES, Steve Collar, huet vill Aarbecht virun sech. Hie muss d‘SES erneieren © SES

Wann de Weltraum zu engem vollwäertege Geschäftsraum gëtt

Eng Konkurrenz déi de Satellittebedreiwer vu Betzder awer net nëmmen am Ausland begéine muss, mee zuweilen och um lokale Plang. Ëmmer méi kommerziell interesséiert Acteuren trieden op, an deene muss ee sech stellen. Dofir gëtt et natierlech Pläng an laut de Steve Collar läit eng vun de Léisungen am Ausbau vum Service „Reseau“, dee vun der Aviatioun an der Marine gebraucht gëtt.

Mee och d‘Regierunge brauche weiderhin Daten aus dem Weltraum: esou mëttels de geostationäre Satellitten am mëttleren Orbit, wéi och de Satellitte mat engem variabelen Orbit. Hei ass d‘SES säit 35 Virreider, firwat och dat eng Pist fir de kommerziellen Ausbau duerstellt. Dat erkläert och firwat ee gewëllt ass dësem Beräich eng eege Kapitalstruktur ze ginn. En Numm huet se awer nach net.

Iwwerhaapt soll et zu Verännerungen a klenge Restrukturatioune kommen. Déi operativ Säit vun der Entreprise muss vereinfacht an d‘Innovatioun gefërdert ginn, esou de CEO. Déi bestoend Clienten hunn nei Besoinen, op déi ee muss agoen. Mat de Satellitte vun der Constellatioun OB3 (dat sinn zesummegeholl 20 Eenheeten) wier ee besser opgestallt wéi d‘Konkurrenten.

Interessant dann och dat rezent mat „Orange“ arrangéiert Partenariat. An der Telekommunikatioun ass de Konkurrenzkampf enorm, an den Operateur „Orange“ erhofft sech mat der SES eng besser geographesch Couverture, besonnesch wat seng Aktivitéiten an Afrika ugeet. Do gëtt et ee risege Besoin u mobiller Kommunikatioun an Zougang zur digitaler „Wollek“. Lëtz go Cloud…

Illustratioun: GovSat-1 © Orbital Sciences Corporation

Ähnlech Sujeten Betzder, Bilan 2019, SES
Nächsten Artikel Virrechten Artikel