Search

You may also like

money
China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung
International Neiegkeeten

China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung

Zu Peking huet gëschter de sougenannte Seidestrooss-Sommet ugefaangen, wou während

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt
International Neiegkeeten

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt

Better Call Saul ass eng groussaarteg Serie. An déi drëtt Staffel

Votum Klima – Klimaschutz huet keng Vakanz!
International Neiegkeeten

Votum Klima – Klimaschutz huet keng Vakanz!

De Votum Klima huet d’Regierung dozou opgefuerdert, keng weider Zäit

Wat sech ab haut bei eise belschen Noperen ännert

Wat sech ab haut bei eise belschen Noperen ännert

D‘Reprise an der Belsch war schonn e Sonndeg agelaut ginn. Zanter gëschter dierf een nees bis zu véier Leit a sengem Haushalt empfänken. Dat ënnert anhale vun der Distanz, firwat d‘Regierung recommandéiert, dës „Treffen“ an de Gaart oder op de Balcon ze verleeën, esouwäit dat dann och méiglech ass. Haut kënnt et dann zur „Phas 1B“ an déi betrëfft déi wirtschaftlech Aktivitéiten.

Et ass och bei eise belschen Noperen eng virsiichteg Reprise an eng Rei Secteuren dierfe leider nach net matmaachen: dat bezitt sech awer haaptsächlech op Beruffsaktivitéiten, bei deenen den direkte Kontakt mam Client inevitabel wier. Schéinheetsinstituter, Pedicure, Coiffeur & Barber, Tattoo & Piercing, Massage, Wellness & Sauna, mee och d‘Spillhalen a Wettbüroe bleiwen zou.

Fir d‘Wochemäert ass et och weiderhi schwéier, an eigentlech sinn se generell verbueden, woubäi et hei ee puer Ausname gëtt. An deene Géigende wou et kaum oder guer keng Liewensmëttelbutteker gëtt, oder wou d‘Distanz zu engem Supermarché ze grouss ass, dierfen d‘Buergermeeschter jee no Besoin een op der Verkaf vu Liewensmëttel beschränkte Maart ënner Oplagen autoriséieren.

Caféen a Restaurante musse weider zou bleiwen, touristesch Attraktioune bleiwen och nach bis op Weideres gespaart a kulturell Evenementer wäert et dëse Summer leider keng kënne ginn. Hoteller an Herbergen dierfen nees Zëmmer verlounen, mee Restaurant, Reuniounssäll a Fräizäitgestaltung bleiwen zou. Och den Zougang zu de Stränn bleift ageschränkt, oh wann Aktivitéite méiglech sinn.

Sport a Fitness, esouwäit dës Aktivitéiten dobausse bedriwwe ginn an et net zum physesche Kontakt kënnt, ass dann elo nees a gréisserem Ëmfang méiglech. Esou dierfen dann och déi dësen Oplagen entspriechend Infrastrukturen, nees opgemaach ginn. Allerdéngs: Cafeteria an/oder Duschen dierfen nach net genotzt ginn. Et geet also lues virun, an am grousse Ganze schéngt et ugeholl ze ginn.

Wat elo d‘Geschäfter betrëfft: maximal 1 Client pro 10 Quadratmeter Geschäftsfläch, an et dierf een net länger wéi 30 Minutten am Buttek bleiwen. Eng Mask oder soss ee Gesiichtsschutz gëtt zwar net virgeschriwwen, mee wäermstens recommandéiert. D‘Patrone muss sech un d‘Richtlinnen halen déi an déi an der Circulaire vum Inneministère enthale sinn, fir hir Mataarbechter ze schützen.

mat indymedia/bru

Foto: Am ëffentlechen Transport gëllt d‘Maskeflicht generell an och d‘Distanze musse vun de Leit zwéngend agehale ginn, soss ginn se verbaliséiert. Datt et de Wee op d‘Schaff net wäert erliichteren, grad an de Ballungsgebidder oder der Haaptstad, dees ass ee sech scho bewosst, mee vill Optioune gëtt et, bezunn op d‘Raumugebuet jo leider och net. Am Metro vu Bréissel ass een elo virbereet. © Xinhua

Related topics Belsch, Coronavirus, Covid19, Deconfinement, Reprise
Next post Previous post