Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chemnitz: Gewalt géint Journalisten ass seelen esou ausgepräagt
International Neiegkeeten

Chemnitz: Gewalt géint Journalisten ass seelen esou ausgepräagt

Bei den Demonstratiounen zu Chemnitz, déi duerch de Mord un

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
International Neiegkeeten

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

angry
Polnesche President Duda leet Veto an
International Neiegkeeten

Polnesche President Duda leet Veto an

Um Méindeg huet de polnesche President Andrzej Duda säi Veto

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn

Ryanair kënnt net zur Rou. No de sëlleche Streiks am Summer, ass elo d‘Kabinnepersonal a fënnef Länner opgeruff, den 28. September d‘Aarbecht néierzeleeën. Den Appell huet um Donneschdeg e Gewerkschaftskollektiv bei enger Pressekonferenz zu Bréissel lancéiert.

Vun dësem Streik, esou dee stattfënnt, wiere betraff: d‘Belsch, Holland, Italien, Spunien a Portugal. No ville Gespréicher mat der Direktioun „huet sech näischt beweegt, näischt. Ryanair hält sech nach ëmmer net un déi lokal an europäesch Legislatioun“, iergert sech den Didier Lebbe, vum belsche Syndikat CNE/LBC, déi dem chrëschtleche Gewerkschaftsbond ugegliddert sinn.

De Gewerkschaftler sot, datt den Opruff zum Streik, deen d‘Kabinnepersonal betrëfft, a bestëmmte Länner op d‘Pilote kéint iwwergräifen. Den Didier Lebbe, den éischten deen sech de Medie gestallt huet, huet och eng „liicht Bedreeung“ an de Raum gestallt, mat där vun engem Streik pro Mount rieds ass. Bei der Ryanair wéilten se emol de Mount d‘Aarbecht néierleeën, bis sech eppes ännert.

Kann dëse Streik scheiteren?

Beim Streik a fënnef Länner de leschten 10. August – matten an der Vakanzenzäit – ware 400 Flich gestrach ginn. Vum Streik affektéiert waren eng 55.000 Passagéier. An engem Communiqué huet de Marketingdirekter vu Ryanair, Kenny Jacobs, deklaréiert, datt d‘Entreprise mat wéineg Ausfäll fir den 28. September rechent. De Marketingdirekter gesäit de Streik elo schonn als gescheitert un.

Ryanair duerchlieft zanter engem Joer en ni do gewieschte Sozialkonflikt. Dausende Flich hu misse gestrach ginn, Streik a veschiddene Länner, an eng endemesch Kontestatioun bei senge Piloten an dem Kabinnepersonal. Datt de Streik sollt en Echec ginn, gehéiert an d‘Kategorie „Wonschdenken“, well et soll de gréisse Mouvement an der Geschicht vu Ryanair ginn.

Zu dësem Streik hunn opgeruff a bedeelegen sech: d‘CNE aus de Belsch, Ultrasporti an Filt-CGIL aus Italien, SITCPLA an Uso aus Spuenien, SNPVAC aus Portugal an den FNV aus Holland. Dës Gewerkschafte fuerdere fir hir Memberen Aarbechtsverträg, déi sech op de Wunnuert vun de Leit bezitt. D‘Italiener hunn um Donneschdeg schonn en Accord ënnerschriwwen, mat deem et soll méiglech ginn, datt d‘Salariéeën en Aarbechtsvertrag no italieneschem Recht erhalen.

Alles muss erzwonge ginn

Laut dem Yves Lambot (CNE), versprécht Ryanair fir 2022, d‘Verännerung vun de Verträg, an national Aarbechtsverträg. „Dat ass vill ze spéit fir eis (…) 2022 muss Ryanair sech de Flichten, esou wéi se vun der EU-Kommissioun gefuerdert ginn, souwisou erginn“.

An engem Bréif un den EU-Kommissiounspresident an d‘Kommissärin fir Soziales, huet de Gewerkschaftskollektiv déi Bréisseler Exekutive opgefuerdert hir „Positioun ze klären“ par Rapport „zur evidenter Praxis vum Sozialdumping bei Ryanair“. An d‘Gewerkschaftler erwaarden sech vum Jean-Claude Juncker an dem Marianne Thyssen eng séier a schrëftlech Äntwert.

De Gewerkschaftskollektiv huet dann och d‘Assistance vun der EU-Kommissioun ugefrot, fir „béide Parteien ze hëllefen, der Fluchgesellschaft an de Gewerkschaften, zu engem Ofkommes ze fannen, deen d‘Mindestufuerderunge fir e Kollektivvertrag erfëllt“. En onofhängege Mediateur wier, esou d‘Gewerkschaften, e gudden Ufank.

Den O‘Leary… keen deen no gëtt

Elo kënnt d‘Annonce vum Streik net ongeleeën, a just een Dag no den neien Deklaratioune vum CEO Michael O‘Leary. Den huet einfach emol klipp a kloer betount, datt hien sech weder vu sengem Personal nach iergendwelleche Gewerkschaften oder engem Streik an d‘Knéien zwénge léisst. E Mëttwoch war et an Däitschland zu engem soziale Mouvement vu 24 Stonne komm…

Hei waren d‘Kabinnepersonal an d‘Piloten dem Opruff vun däitsche Gewerkschaften nokomm, wat zu eng Ausfall vun 150 Flich gefouert huet. Betraff waren hei nëmmen d‘Fluchverbindungen ab an a Richtung Däitschland. Déi däitsch fuerderen nieft Gehaltserhéijung, och d‘Aféiere vun engem Mindestloun, lokal Aarbechtsverträg (a keng iresch) an eng richteg Stonneberechnung.

Generell werfen d‘Mataarbechter vu Ryanair hirer Direktioun vir, eng knaschteg Aarbechtspolitik ze bedreiwen. Déi erzwéngt vum Personal eng Ënnerschrëft ënnert e Vertrag deen zu enger prekärer Aarbechtssituatioun an dem Sozialdumping féiert. Dat weist den O‘Leary vun sech, a behaapt datt seng Pilote besser bezuelt géifen, wei déi vun anere Fluchgesellschaften.

Ausbeutung ass awer d‘Rezept

Bei enger Pressekonferenz zu London, huet den O‘Leary e Mëttwoch bedauert, datt et an der Lescht zu engem Sozialkonflikt an Streik bei Ryanair komm ass. Mee hien hëlt dat anscheinend vun der philosophescher Säit, vu datt et fir den O‘Leary „en Iwwel“ ass, mat deem d‘Entreprise sech muss erëmklappen, fir de Modell „Low-Cost“ ze erhalen. Dofir muss jo iergendeen de Kapp hinhalen.

Déi iresch Fluchgesellschaft, déi keen heel dorausser mécht hiert Personal auszebeuten, huet 2018 e beträchtleche Wuesstem verzeechent. D‘Previsiounen deiten op 1,25 Milliarden Euro hin, an fir d‘Direktioun geet dat net duer, fir dem Personal eng uerdentlech Pai ze bezuelen, oder hinnen en Aarbechtsvertrag unzebidden, deen den Numm och verdéngt hätt.

A well een no baussen och weiderhi wëll brilléieren, hunn se sech bei Ryanair derzou entscheet, d‘Medie vun der Generalversammlung vun den Aktionären (20. September) ewech ze halen. Dat dierft schwiereg ginn, well eng Berichterstattung iwwert de Protest vun de Gewerkschaften, déi do bestëmmt derbäi sinn, ass net ze verhënneren. Do hätt een der Transparenz sollten eng Chance ginn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Gewerkschaften, Kabinnepersonal, Piloten, Ryanair, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel