Search

You may also like

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen
Neiegkeeten

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen

  Den nationale Rapport zu den Drogen an der Ofhängegkeet

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?
Neiegkeeten

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Während sech um Virowend vum Nationalfeierdag de Gros vun den

USA-Iran: Eng gezéckte Waff erschwéiert den Dialog
Neiegkeeten

USA-Iran: Eng gezéckte Waff erschwéiert den Dialog

Wéinst dem Dissens tëscht den USA an dem Iran ass

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann och Dir all Dag ee Stéck Lëtzebuerg an all senge Facetten drénke wëllt, dann hätte mir do genau dat Richtegt fir Iech! Hannert all Dier vum Béier-Adventskalenner 2020 erwaart Iech een an der Heemescht gebrauten artisanale Béier, deen an der kaler Joreszäit net nëmmen d’Gemitt, mee och d’Häerz erwiermt.

Alkohol ass mat Mooss ze genéissen, mee géint ee Béier den Dag ass jo näischt anzewennen. Esou gëtt Iech ab dem 1. Dezember bis Helleg Owend all Dag op een Neits ee gëllene Genoss aus Happ a Malz gebueden. Ob donkel Séil, helle Charakter, fruuchtegen Nogôut oder och ee kräftegen Ofgang, hei gëtt direkt 24 Mol ee puert Erliefnis gebueden!

Nieft dem kulturellen Deel stécht all eenzelt Land duerch seng ganz eegen artisanal Produiten ervir. Wien déi räich national Diversitéit u këstlechem artisanale Béier hautno kenneléieren, sech vum gelongene Goût an den exklusiven Notte verzauberen oder och säin eegene flëssege Lexikon beräichere wëll, dee mécht mam Béier-Adventskalenner 2019 alles richteg. Hannert all Dierche verstoppt sech jeeweils een anere Béier, sou wéi eng Beschreiwung zum alkoholesche Gedrénks, déi op eiser Säit oder och op Lëtzebuerger Béier Adventskalenner noliese kënnt.

Iwwerraschung, Iwwerraschung!

Als Kaddo un eis Lieser verlouse mir 3 x 1 Béier-Adventskalenner am Wäert vu jeeweils 89 € op eiser Facebook-Säit. Matmaachen ass dobäi ganz einfach:

  • Gitt Facebook-Fan vu Moien.lu an dem Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
  • Hannerloosst een „Domm erop“ beim Beitrag vum Gewënnspill
  • Kommentéiert mat engem Béier-Emoji a markéiert déi Persoun(en), déi bestëmmt och Freed mat dësem speziellen Adventskalenner hätten
  • Deelen ass kee Muss, awer gäre gesinn

Ausgeloust gëtt e Méindeg, de 25. November 2020. Mir wënsche vill Gléck!

D’Konditiounen fannt Dir HEI.

Prost gesot!

Den originelle Béier-Adventskalenner ass fir 89 € op diverse Plazen ze kréien:

  • Friterie “beim Francis” (35, Route de Luxembourg zu Luerenzweiler);
  • 100% Lëtzebuerg zu Gréiwemaacher;
  • Topaze zu Miersch;
  • Boissons Wallers zu Heischent;
  • Cannathèque an der Stad Lëtzebuerg;
  • Béierhaascht zu Käerjeng;
  • An de Geschäfter vum Pall-Center;
  • Ruppert zu Uewerdonwen;
  • Millebières zu Buerglënster;
  • Op Bestellung mat gratis Heem-Liwwerung iwwer www.letzshop.lu
    Är Reservéierung vun dësem schmocke Stéck gëllt, soubal de Betrag op de Konto LU660019 5255 9066 000 vu La Punta bei der Spuerkeess agaange sinn

D’Unzuel un Béier-Adventskalenneren ass begrenzt, dofir gëllt et schnell zouzeschloen! Wéi kéint een zu 24 Mol purer Freed nee soen?

(Sponsored Story)

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Gewënnspill, Happ a Malz, Kaddo, La Punta, Lëtzebuerger Béier
Next post Previous post