Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)

Sécher mussen déi „Béis” aus dem Verkéier gezu ginn. Et

Carte Blanche: Zesumme liewen zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Carte Blanche: Zesumme liewen zu Lëtzebuerg

Den Titel vum Sondage ass einfach ‘vivre ensemble‘ – zesumme

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung
Neiegkeeten

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung

Déi kathoulesch Kierch ass a bleift dovunner iwwerzeegt, datt Homosexualitéit

Och beim Béier ass et gutt op Nohaltegkeet ze setzen

Déi Käerjenger maache gudde Béier an dees och nawell an entspriechender Quantitéit, firwat och d‘Verantwortung géintiwwer der Ëmwelt en ëmmer gréissere Stellewäert kritt

Och beim Béier ass et gutt op Nohaltegkeet ze setzen

Wa bei deene Käerjenger, also eigentlech der Brasserie Nationale, d‘Engagement fir d‘Natur an d‘Ëmwelt ëmmer wichteg war – schliisslech verschaaft een hei ganz nobel Ingredienten, zu deenen och d‘Waasser gezielt gëtt – esou gëtt reegelméisseg gepréift wou Verbesserunge gutt a richteg sinn.

A Waasser ass d‘Stéchwuert: um Produktiounsstanduert Käerjeng, oder de Volleksmond seet „bei Bofferding“ ass eng nei „Wäschmaschinn“ fir d‘Fläschen ukomm, déi bis zu 30.000 Fläschen an der Stonn verschaffe kann. Mat dëser gewalteger Spullmaschinn brauch et zukünfteg manner Wäschmëttel an d‘Ausspulle vun de Fläschen ass och méi efficace. Si verbrauch däitlech manner Energie, wëll och d‘Temperatur net méi esou héich muss sinn.

Iert een awer d‘Fläschen an d‘Spullmaschinn stécht, muss een se emol mat Béier gefëllt hunn, dee jo wëll gedronk ginn. An och hei gëtt et gutt Nouvellen. D‘Brasserie Nationale huet net nëmmen eng fonkelnolsnei Spullmaschinn geliwwert kritt, nee och eng ganz nei Fläschenoffëllanlag ass zu Käerjeng ukomm. Déi kann da 27.500 Fläschen an der Stonn mat richteg guddem Béier fëllen. Hei gëtt och duerch e prealabele Rinçage vun de Fläsche vill Energie agespuert.

A well sech mat Zuelen den Effort am beschte beleeë léisst: duerch den Asaz vun dësen zwou neie Produktiounseenheete ginn eng 1.500 Kubikmeter Waasser, 25.000 Kubikmeter Gas an nach emol 55.000 Kilowattstonne Stroum agespuert. Dat huet allerdéngs och säi Präis: fir béid Maschinnen huet d‘Brasserie Nationale 4,3 Milliounen Euro investéiert. Dat ass, och wann d‘Geschäfter gutt lafen, fir déi Käerjenger net grad näischt. Dofir ee Prost op d‘Natur!

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Battin, Beier, Bofferding, Brasserie Nationale, Funk-Bricher, Käerjeng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel