Search

You may also like

Giel Gileten Akt XVI: Ma wou waren se dann?
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XVI: Ma wou waren se dann?

Nom leschte Samschdeg hat ee sech erwaart, datt de Mouvement

Plastikstuten: Den hallefhäerzege Schratt vun der Regierung!
Kultur Neiegkeeten

Plastikstuten: Den hallefhäerzege Schratt vun der Regierung!

Dräi Deeg viru Sylvester léisst den Ëmweltministère via den Informatiounsdéngscht

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn
Kultur Neiegkeeten

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer

Buurschter Schlassbéier – Eenzeg der Traditioun verflicht

Buurschter Schlassbéier – Eenzeg der Traditioun verflicht

Wat wier eist schéint Ländchen ouni seng Buergen a Schlässer? An dat eleng ass ee gudde Grond, sech engem a klengster Stéckzuel produzéiertem Béierchen unzehuelen. Heibäi handelt et sech ëm de Buurschter Schlassbéier, an sidd iech gewëss: säin Numm ass Programm.

Entwéckelt a vun der Brauerei „Den Heischter“ zesummegeneelt, wou de Braumeeschter Stephan Schütz all Regëster vun der Braukonscht ze zéie versteet, ass d‘Buurschter Schlassbéier ee ganz sëffege Pleséier vun héchster Qualitéit. Nieft dem strikten anhale vum a Bayern 1516 opgestallte Rengheetsgebuet, ginn nëmmen déi nobelst a wäertegst Ingredienten hei verwennt.

Wa mir vun der Heischter Brauerei schwätze muss een net méi op déi exzellent Waasserqualitéit verweisen, an eigentlech sollt een och net méi mussen iwwert den Happ, Malz an d‘Hief hierfalen. Dat awer ass et, alles zesummegeholl, wat ee richteg gudde Béier ausmécht, an do léisst sech de Chef Benny Wallers op keng Kompromësser an. Nëmmen dat Bescht kënnt hei an d‘Fläsch.

Dat ass net nëmme gutt esou – an dir wäert dat wuel och nom éischte Schotz scho kënne selwer beuerteelen – mee schlicht eng Grondsazerklärung. Entweder richteg oder guer net! Esou ongeféier muss ee sech d‘Aarbecht an der Brauerei „Den Heischter“ virstellen. De Chef a säi Braumeeschter studéiere gäre Rezepter sinn och oppe fir Mënschen déi „sech“ en eegene Béier vergënne wëllen.

Esou huet et sech erginn, datt eng etlech „Event-Béier“ entstane sinn a mëttlerweil deen een oder anere Gastronom drop hält, zesumme mat den Heischter quasi eng eege Mark entstoen ze loossen. Esou ass dann och de Buurschter Schlassbéier entstanen. Et ass een helle Béier, dee ganz nom Münchener Rezept aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert entsteet, an als „Bayrisch Helles“ bekannt ass.

Zesumme mam béimesche „Pilsner“ (1842) huet sech dësen ënnergäresche Genoss an Europa eng Renommée geschafen an ass eigentlech net méi ewech ze denken. Vill vun den industriellen Zorte kommen allerdéngs net emol am Usaz un dat originaalt Rezept drun. Grond: et muss ëmmer, genee datselwecht sinn. Beim artisanale Béier awer sinn et d‘Nuancen an d‘Konscht déi d‘Wierk schafen.

Mam Buurschter Schlassbéier, huet dem Benny säi Braumeeschter e gutt Produkt hiergestallt. Esou engem stréigiele Béierche begéint ee seelen. A wat fir bayresch Béiergäert gutt ass, kann dem Buurschter Schlass nëmme Recht sinn. Domadder hu mir dann elo och schonn déi zweet Dier vum Béieradventskalenner opgestouss. Muer gëtt d‘Woch gedeelt, an déi drëtt Iwwerraschung virgestallt.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Bayresch Hell, Béieradventskalenner, Buurschter Schlassbéier, Den Heischter, ënnergäresche Béier, La Punta
Next post Previous post