Mallorca: Helikopter an ULM geroden unenaner, siwe Mënsche stierwen
Op der beléifter spuenescher Baleareninsel Mallorca, si beim engem heftegen
Op der beléifter spuenescher Baleareninsel Mallorca, si beim engem heftegen
Um Samschdeg war de Premier Xavier Bettel bei de Kolleege
Um haitege Welt-Braille-Dag steet déi vum Fransous Louis Braille entwéckelt
Et ass erlaabt driwwer ze streiden, ob fir de Lëtzebuerger statt „Lawn Mower“ op d‘Bezeechnung „Méimaschinn“ oder vläicht méi zoutreffend „Mäh-Maschinn“ hätt kënnen zeréckgegraff ginn, woubäi eist Land jo awer villsproocheg ass, an de Béier och iwwert d‘Grenzen eraus verkaf gëtt. Dat wichtegst ass et jo authentesch ze sinn, a bei „Bare Brewing“ besteet dorunner keen Zweiwel.
Zanter 2017 iwwerrascht eis dës kleng Brauerei mat exzellente Produiten, flotten Iddien an engem ëmmer nees interessanten Design. Mee natierlech geet et an éischter Linn ëm de Béier, an dësem konkrete Fall ëm de „Lawn Mower“. Et ass schonn ee vun den „eenzegaartegsten“, den d‘Kenner als „India Session Ale“, quasi als de klenge Brudder vum „India Pale Ale“ (IPA), kategoriséieren.
Dat huet natierlech ganz vill mam Happ ze dinn. Am Lawn Mower kommen d‘Zorten „Centennial“, „Cascade“ an „Citra“ zum Asaz. Déi suergen an dësem Fall fir ganz fruuchteg Happaromen, wat bei dësem liichte „Kierper“ derzou féiert, datt een e glat mat engem klasseschen IPA verwiessele kéint. En ass dofir awer laang net esou batter, an huet wesentlech manner Alkoholgehalt (3,3%).
De Lawn Mower eegent sech beschtens zur Summerzäit, wou een nawell gäre méi wéi een drénkt. Dat dréckt sech och iwwert déi zitrouneg bis tropesch-Fruucht Nout aus. Et ass dann och een, dee sech iwwer Dësch zerwéiere léist. Fir d‘Frënn vun der asiatescher Kichen: alles wat mat Curry zoubereet gëtt passt! Fir all déi aner: Grill! Woubäi… hir stéiert sech net u vegetarescher Kichen.
Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu