Search

You may also like

Méi parlamentaresch Kontroll iwwert d‘Arméi
Kultur Neiegkeeten

Méi parlamentaresch Kontroll iwwert d‘Arméi

Et sinn elo 13 Méint hir datt de François Bausch

En Ahoi fir de Schëffsmodellbau
Kultur Neiegkeeten

En Ahoi fir de Schëffsmodellbau

E ganze Weekend laang konnt een sech zu Monnerech am

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert

Et ass dem däitsche Museker säin éischten DDR-Optrëtt am Kader

YASSI – dee mat Ofstand frëndlechste Portugis

YASSI – dee mat Ofstand frëndlechste Portugis

Et geet nees op Chrëschtdag zou, a vill Mënschen am Land hu sech scho fir dat drëtt Joer a Folleg ee Béieradventskalenner vu La Punta kaf. Haut da soll déi éischt Dier opgemaach ginn. Hannert dëser verstoppt sech de YASSI – ee klassesche Pils, an dësem Fall awer ee mat Charakter, a gebraut mat Ingredienten aus der biologescher Landwirtschaft.

Hiergestallt gouf de YASSI exklusiv fir La Punta vun der „Postscriptum Brewery“ zu Trofa (dat ass ee flott duerf a Portugal) an enger Brauerei, déi sech integral der Produktioun vun artisanalem Béier verschriwwen huet. De Chef hei, dat ass de Pedro Sousa. Deen ass eigentlech Ingenieur, mee zanter 16 Joer huet hien aus senger Passioun e Beruff gemaach, an dat war eng wierklech gutt Decisioun.

Frësch aus dem Frigo, Stopp erof an en Ament ootme gelooss, da mat Stil an ouni Hetz de gëllene Glanz vun engem aussergewéinleche Pils (Bio a Glutefräi) an d‘Glas lafe loossen. Gutt dat ass wuel keng zwéngend Viraussetzung, mee hannert all Dier steet nëmmen eng Fläsch, an ze zelebréiere gëtt et jo den Ament soss éischter wéineg. Denkt un d‘Schaumkroun, d‘Aen drénke bekanntlech mat.

Eng Saach wëlle mir op kee Fall verstoppen, an déi betrëfft den Numm an den d’Ausgesinn vun der Etikett: De YASSI-Béier ass dem Fils vum Luisa, der Gerante vu La Punta gewidmet. De Yasiel – esou heecht de Kärel eigentlech – ass passionéierten DJ zu Bologna a suergt ënnert dem Kënschtlernumm YASSI fir de richtege Beat bei de Partien.

Strikt no Rengheetsgebuet

An e Béier – an dat gëllt beim Pils besonnesch – gehéiert Happ, Malz, Hief a Waasser, zumindest wann ee sech un d‘Reegele vum Rengheetsgebuet hält. Richteg ass elo och, dat dëst Reglement keng Reegele fir den Ubau vum Happ virgëtt. Hei kéint eppes vill Planzeschutzmëttel an/oder vill Dünger genotzt ginn. Fir de YASSI ondenkbar, an och wann d‘Häerz gëlle glänzt, hien ass „gréng“.

Biologesch bis an déi lescht „Spruddel-Blos“… dat dréit enorm zum Goût vun dësem am Respekt vum „gewosst wéi“ gebraute Pils bäi. Seng ënnerschiddlech Geschmaachsnoute sinn wesentlech méi intensiv, wéi dat bei den industrielle Pils esou de Fall ass. Hien ass en éierleche Kadett deen et sech verdéngt huet genoss, statt geschott ze ginn; an ee coolen Ambassadeur vun der Braukonscht.

Zesumme mat enger Salzbretzel oder enger hausmaacher Schwaarzbroutschmier, déi dann awer mat guddem Schmant grousszügeg bestrach ass (Botter, Bio-Tomaten a Bio-Zwiwwele dinn et och) an et ass bal en Owesiessen. Mam YASSI huet een en agreabele Begleeder um Feierowend, ee wou et sech lount d‘Zäit fir ze genéissen ausgibeg ze notzen. Ideal an Zäite wou een néierens hin dierf…

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Bio-Pils, La Punta, Pedro Sousa, Postscriptum Brewery, YASSI
Next post Previous post