Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Copyright braucht eng Reform, mee dës Propose geet villen ze wäit
International Neiegkeeten WTF

De Copyright braucht eng Reform, mee dës Propose geet villen ze wäit

Datt déi aktuell Copyright Reegelung reforméiert muss ginn, dorunner besteet

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit
International Neiegkeeten WTF

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft

dislike
US-Politik: Wann der zwee unenee geroden
International Neiegkeeten WTF

US-Politik: Wann der zwee unenee geroden

Washington kënnt net zur Rou. Nodeems sech den Donald Trump

surprise

EU: Déi 27 sinn sech beim Budget fir d‘Zäit nom Brexit net eens

EU: Déi 27 sinn sech beim Budget fir d‘Zäit nom Brexit net eens

Grousse Kino zu Bréissel dëse Freideg an dat fir um Enn festzestellen, datt et méi Differenze gëtt, wéi Zesummenhalt. Dobäi war jo awer gewosst, datt de Brexit en zolidd Haushaltslach géif hannerloossen.

Dës „éischt politesch Diskussioun“, iert d‘EU-Kommissioun am Mee seng offiziell Propose Verëffentlecht, war dann „awer vu manner Konflikt gezeechent wéi ech mer dat erwaart hat“, esou d‘Meenung vum Jean-Claude Juncker, nom Ofschloss vun der Renconter.

An tatsächlech steet d‘EU engem duebele Problem géinteniwwer. Se muss sech am Beräich vum Grenzschutz, Verdeedegung a Migratioun, neien a käschtespillegen Erausfuerderunge stellen. Dat alles ouni Groussbritannien ze finanzéieren, bedeit e Lach vun 10 Milliarden Euro fëllen.

„Wa kee Geld am Haus ass, flitt d‘Léift zur Dier eraus“, esou de Jean-Claude Juncker.

Den EU-Rotspresident Donald Tusk verséchert dann awer, datt „all d‘Staatscheffen si bereet un der Modernisatioun vum Budget a senge Programmen ze schaffen. An vill sinn och bereet no 2020 eppes méi zum Budget bäizesteieren“.

Säitens Däitschland, huet sech d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel schonn am Koalitiounsaccord dofir ausgeschwat. De franséische President Emmanuel Macron huet sengersäits och verséchert, datt Frankräich „bereet ass fir en expansive Budget“.

Op där aner Säit, hunn ee puer Nettozueler (Länner déi méi gi wéi se kréien) awer schonn emol däitlech gemaach, datt een de Lastik net sollt iwwerspanen. Dänemark, Éisträich, Holland a Schweden hunn gemengt, datt si net gewëllt sinn nach eng Schëpp bäizeleeën.

De pluriannuelle Budget vun der EU fixéiert d‘Uewergrenz vun den Ausgaben iwwert e puer Joer. Am aktuelle Kader, deen op den Zäitraum 2014-2020 festgeluecht ginn ass, läit dës Uewergrenz bei 1.000 Milliarden Euro.

Et muss een e Choix maachen

Bréissel huet dann och schonn emol däitlech gemaach, datt ee wäert mussen e Choix maachen. De gréissten Deel vum EU-Budget – ongeféier 70% – gëtt bis ewell fir déi historesch Pilieren opgewannt. Dat sinn: déi politesch Kohäsioun, fir et de méi aarme Géigenden ze erméiglechen „opzeschléissen“, an déi gemeinschaftlech Landwirtschaftspolitik (PAC).

De Brexit an d‘optauche vun neie Prioritéiten „dierf op kee Fall zu Laaschte vun den historesche Politike goen“, esou den Emmanuel Macron.

Zur Iwwerraschung vum Donald Tusk, huet d‘Debatt zur Konditionalitéit, engem Mechanissem dee beispillsweis déi demokratesch Wäerter vun der EU oder d‘Opnam vu Refugiéeën, un d‘Ausbezuele vun EU-Fonge koppelt, net déi grouss Kontroversen ausgeléist.

„Déi eenzeg Saach ass, datt esou eppes op objektive Kritäre muss opgebaut ginn“, ënnersträicht den Donald Tusk. Wéi een dat dann elo awer juristesch néierschreiwe soll, ass bis ewell net gewosst.

Bei dësem Sujet an der Offensive, huet de franséische President gemengt, dat den EU-Budget „net méi soll hierhalen, fir Regierungen ze finanzéieren, déi d‘Grondwäerter, esou wéi se an den Accorde festgehale sinn, net respektéieren“, an „och net geduecht ass eng Politik ze finanzéieren där hir Strategie et ass fiskalen oder sozialen Dumping ze organiséieren“.

„Dat soll een net zwéngend als negativ betruechten, dat kann een duerchaus positiv gesinn“, esou d‘Angela Merkel, déi d‘Iddi verdeedegt, datt déi Länner déi sech méi engagéiere fir Refugiéeën opzehuelen, och entspriechend EU-Fonge sollen zougesprach kréien.

Wien ass de nächste „Juncker“?

Den Ofschid vu Groussbritannien zitt awer och nach en institutionellen Debat mat sech. Dat ugesicht en EU-Wahle vun 2019, an déi drop folgend Bildung vun enger neier EU-Kommissioun.

Déi 27 hunn enger neier Opdeelung vum Parlament, am Prinzip zougestëmmt. Wann déi 73 britesch EU-Deputéiert bis d‘Blat gebotzt hunn, fält d‘Zuel vun de Sëtzer vu 751 op 705. Déi nei Kompositioun vum Plenarsall gëtt am Juni offiziell ugeholl.

Si dann awer och refuséiert hire Choix zum spéidere Kandidat fir d‘Presidence ze beschränken. D‘Propose wien d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker un der Spëtzt vun der Kommissioun soll iwwerhuelen, gëtt eréischt am Hiecht 2019 zum Vott gestallt.

„Den Traité ass ganz kloer wat déi autonom Kompetenz vun EU-Rot betrëfft“, esou den Donald Tusk als direkt Äntwert, op déi rezent Warnung vum EU-Parlament.

Dat verlaangt datt de Kandidat deen d‘Staatscheffen auswielen, e Spëtzekandidat muss sinn, dee vun den europäesche Parteie muss genannt ginn. De Kandidat muss uschléissend eng Majoritéit vun den EU-Deputéierten erhalen, esou de Jean-Claude Juncker.

„Wat an demokratesche Wierder bedeit, datt et eng Hierarchie gëtt déi een net esou schnell vergiesse soll“, esou den EU-Kommissiounspresident, deen naturgeméiss der Usicht ass, datt dës Prozedur fir hien, 2014, ganz gutt funktionéiert huet.

Déi britesch „Illusioun“

No dësem informelle Sommet, war dann nach Zäit e Bléck op d‘Visioun vu de Briten ze geheien, wéi dann déi spéider Relatioun EU-Groussbritannien soll ausgesinn.

„Ech sinn erfreet dierfe festzestellen, datt déi britesch Regierung a Richtung vun enger méi detailléierter Positioun ënnerwee ass. Wann awer dat stëmmt wat d‘Medien esou vu sech ginn, da mengen ech datt déi britesch Positioun op enger Illusioun baséiert“, esou den Donald Tusk.

Eng Deklaratioun déi eise Jean-Claude Juncker zu enger Remark opgemontert huet: „Hutt dir elo är Schlagzeile fir muer?“. Eise fréiere Premierminister huet dann nach eng Pick a Richtung David Cameron, de fréiere britesche Premierminister, ofgesat. Deen huet d‘Handduch misse werfen, nodeems hien de Referendum zum Brexit verluer hat, deen hie selwer verlaangt hat.

„Wou ass de Cameron elo?“, freet de Jean-Claude Juncker d‘Journalisten. „Ech sinn net de britesche Premierminister. Dat wier eng gutt Nouvelle fir Groussbritannien wann ech et wier, mee ech sinn et net“.

Um Donneschdeg hat d‘Premierministesch Theresa May hir wichtegst Minister, fir eng Marathonsëtzung vun 8 Stonnen zesummegeruff. Hei huet si hire Plang fir en Accord „dee fir all d‘Komponente vum Kinnekräich fonctionnéiert (…) an de wirtschaftlechen Echange esou flexibel wéi méiglech soll maachen“ virgestallt.

Op der sich nom Goldiesel

London gëtt un, de Bannemaart an d‘Zollunioun wëllen ze verloossen an der fräier Zirkulatioun vun de Migranten en Enn ze bereeden. Och der Geriichtsbarkeet vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter wëll een ze entzéien.

Am selwechten Ament awer wëll d‘Theresa May en Accord aushandelen, dee d‘Douanestaxen op e Minimum géif festleeën an déi administrativ Demarche soll vereinfacht halen. Woubäi ee gewuer ginn ass, datt sech a bestëmmte Wirtschaftsberäicher, Groussbritannien de Reegele vun der EU wëll ugläichen.

Den Donald Tusk stellt fest, datt Groussbritannien op e neits Bevirdeelegt wëll ginn, an op der sich nom Goldiesel ass. „Vun Ufank un, ass et ee vun de Prinzipie vun der EU zu 27, datt et kee selektive Bannemaart à la Carte ka ginn. Dat bleift och ee vun de Grondprinzipien, dorunner besteet keen Zweiwel. (…) Mir wäerte besonnesch realistesch sinn, wat d‘Evaluatioun vun eisen eegene Propose betrëfft“.

A bei de Verhandlungen ass et kloer, datt déi fundamental Prinzipien: fräie Mënschen-, Déngschtleeschtung- a Wuereverkéier net zur Diskussioun stinn. Do kann e gespaant sinn, wéi déi generell Richtlinne fir d‘Relatioun mat Groussbritannien, déi den 22. a 23. Mäerz virgestallt ginn, sollen ausgesinn.

Dat ganzt onofhängeg op d‘Brite bis dohinner prett sinn oder net. D‘Theresa May sollt den 2. Mäerz déi offiziell britesch Positioun, no enger Reunioun mam Donald Tusk zu London, preziséieren.

mam Marine Laouchez/AFP

Foto: Tëscht der neier Ausriichtung vum EU-Budget nom Brexit, an den illusoresche Virstellunge vu London, wéi déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht soll weider goen, steet och nach d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker um Programm. Do kann ee schonn emol Kappzerbrieches hunn. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Brexit, Donald Tusk, Emmanuel Macron, EU-Budget, Jean-Claude Juncker, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel