Search

You may also like

Lëtzebuerg zelebréiert den 18. Januar dat chinesescht neit Joer
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg zelebréiert den 18. Januar dat chinesescht neit Joer

Den Institut „Konfuzius“ vun der Universitéit zu Lëtzebuerg organiséiert de

Nei Covid19-Mesuren och an der Belsch
International Neiegkeeten

Nei Covid19-Mesuren och an der Belsch

No der Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot, huet d‘Premierministesch Sophie Wilmès

E besuergte Premier… an dem Wirtschaftsminister ass et och net fir ze laachen
International Neiegkeeten

E besuergte Premier… an dem Wirtschaftsminister ass et och net fir ze laachen

D‘Videokonferenze fir d‘Journaliste schéngen sech an enger Endlosschläif verfaangen ze

Sanktioune géint Wäissrussland sinn duerch

Nodeem Zypern beim EU-Sommet säi Veto zeréckgezunn huet, kënnen endlech Moossname géint de Regime vu Minsk ergraff ginn. De Charles Michel, EU-Rotspresident, huet um Freidegmuere bestätegt, datt 40 wäissrussesch „Offizieller“ vun de Sanktioune betraff sinn.

Sanktioune géint Wäissrussland sinn duerch

Et war eng laang Nuecht a wann een dem EU-Rotspresident gleewen dierf, da sollen déi géint de wäissrussesche Regime verhaange Sanktiounen direkt – also ab haut de Moien – a Kraaft gesat ginn. Nodeems sech an der Nuecht konnt gëeenegt ginn, soll elo ee schrëftlecht Verfare fir de fërmleche Beschloss op de Wee bruecht ginn, esou de Charles Michel nom éischte Sëtzungsdag.

Mat der Strofmoossnamen, wëll Bréissel zousätzlechen Drock op déi wäissrussesch Regierung ausüben a gläichzäiteg en Zeeche vun der Solidaritéit mat de Bierger aus der leschter europäescher Diktatur setzen. Zanter der Presidentschaftswahl vum 9. August, wou deen zanter 26 Joer un der Muecht festgeklammerten Alexander Lukaschenko gefuddelt soll hunn, gëtt am Land protestéiert.

Sommet(v.l.n.r.) EU-Kommissiounspresidentin, Ursula vun der Leyen; EU-Rotspresident, Charles Michel. © European Union

Véierzeg wäissrussesch Honoratioren, deenen eng Bedeelegung un der méiglecher Wahlfälschung an der Staatsgewalt géint Demonstranten ënnerstallt gëtt, si vun de Sanktiounen direkt betraff. Net betraff ass de President vu Wäissrussland, well datt déi diplomatesch Beméiunge fir d‘Beendegung vum Konflikt stéiere kéint. D‘Ursula von der Leyen huet begréisst, datt dëse Punkt gekläert ass.

D‘Tierkei beim Ganzen net vergiessen

Zypern a Griicheland haten der EU-Kommissioun mam Veto gedreet, falls déi sech net méi kloer géintiwwer der Tierkei positionéiere géif, bezunn op de jéngste Sträit ëm Äerdgasquellen an der Ägäis. Si krute Satisfaktioun, woubäi och dovunner auszegoen ass, datt dat déi lafend Gespréicher mat Ankara eppes wäert beaflossen. Sanktioune géint d‘Tierkei schéngen elo awer gräifbar.

Sommet(v.l.n.r.) Alexander de Croo, Premierminister vun der Belsch; Xavier Bettel, Premierminister vu Lëtzebuerg; Mark Rutte, Premierminister vun Holland. © European Union

Iwwer weider Schrëtt am Kontext vum Sträit ëm d‘Ressourcen am orientalesche Mëttelmier, soll dann och beim EU-Sommet am Dezember berode ginn. Frankräich hält fest, datt sollt den Dialog ënnerbrach ginn, restriktiv Mesure virgeholl ginn. Och Wien fuerdert eng däitlech méi haart Linn a wëll op en Neits, datt déi onséileg Bäitrëttsgespréicher tëscht EU an Tierkei bäigeluecht ginn.

Dobäi ass d‘Lëscht vun de Problemer tëscht Tierkei an EU impressionnant laang an de Bréisseler Chefdiplomat fuerdert sengersäits och en Ëmdenken. De Josep Borrell: „Mir sinn eis iwwert déi méiglech Konsequenzen am kloren, sollt et keng Fortschrëtter ginn. Beim Sommet muss mir eis Bezéiungen zu Tierkei nei definéieren. Mir hunn de Wendepunkt erreecht, zréck gëtt et net méi“.

Wien de Mond voll huet intervenéiert net

Datt sech d‘Staats- a Regierungscheffen den leidege Sujet „Tierkei“ als Dessert beim politeschen Nuetiesse gehalen hunn verwonnert net. D‘Lëscht mat de Problemer géif een dedicacéierte Sommet rechtfäerdegen an mam Krich tëscht Armenien an Aserbaidschan, ass elo nach ee Problem derbäi komm. An ëmmer ass et de Sultan vun Ankara, dee mat der gefëllter Bensinskan ronderëm leeft.

Sommet(v.l.n.r.) Mette Frederiksen, Premierministesch vun Dänemark; Alexander de Croo, Premierminister vun der Belsch; Xavier Bettel, Premierminister vu Lëtzebuerg. © European Union

An domadder net genuch: egal op Flüchtlingen, Nordafrika, Äerdgas, Grenzschutz oder säin Agräifen an de Sträit ëm Berg-Karabach, de Recep Tayyip Erdogan bestëmmt ëmmer méi déi europäesch Aussepolitik. Dat ass weder gutt nach gescheit, mee den tierkesche President weess, Europa ass ee Sammelsurium vu privaten Interessen, firwat hien sech bal alles erlabe kann.

Ob a Libyen, Syrien oder elo der Regioun Berg-Karabach, d‘Tierkei notzt verstäerkt seng Arméi an Milizen (deenen ënnerstallt gëtt fir den islamesche Staat gekämpft ze hunn) fir seng aussepolitesch Ziler ëmzesetzen. Op d‘Anhale vun internationale Reegelen an/oder Gesetzer gëtt dobäi natierlech keng Récksiicht geholl. Mee sech beim Iesse lamentéieren eleng, kënnt der Situatioun net entgéint.

mat indymedia/bru/nic/tlv/ath

Foto: De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel, huet sech zum Optakt vum EU-Sommet en allgemengen Iwwerbléck gegënnt. Zu sengen Interventioune beim Nuetiessen ass zur Stonn nach näischt gewosst. © European Union

Related topics EU-Sommet, Sanktiounen, Tierkei, Wäissrussland, Xavier Bettel, Zypern
Next post Previous post