Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!
caravan hook up extension https://moien.lu/oslo-hookup/

https://moien.lu/actresses-dating-hockey-players/

Fir Fridden, Demokratie, sozial a global Gerechtegkeet! Déi weltwäit Oprëschtungsspiral

kerri dating mason
caravan hook up extension https://moien.lu/oslo-hookup/

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss

Et gi wéineg Schrëftsteller, deenen hire Numm esou bekannt ass,

Nationale Commemoratiounsdag 2018
caravan hook up extension https://moien.lu/oslo-hookup/

Nationale Commemoratiounsdag 2018

Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech

Heescht et deemnächst beim Notaire: „en français s.v.p.“ ? (Kommentar)

Heescht et deemnächst beim Notaire: „en français s.v.p.“ ? (Kommentar)

Den 12. August war op der Facebooksäit vu „Wee2050 / Nee2015“ ze liesen: „D‘Regierung plangt de Beruff vum Notaire opzemaachen, fir Auslänner a fir Leit déi kee lëtzebuergesch kënnen!“. Dat wier nawell krass…

Notaire

A wéi wann et där „schlechter Nouvellen“ net scho genuch wieren, beim Wee2050 geet een och dovunner aus, datt d‘Regierung d‘Police och fir reng franséischsproocheg Beamte kéint zougängeg maachen. Datt et esouwäit ka kommen ass allerdéngs net emol mat den Hoer erbäigezunn. D‘Police grad wéi d‘Arméi huet zolidd Krämpes all déi Leit ze rekrutéieren déi si eigentlech wéilten hunn.

Woubäi et net wierklech u Kandidate feelt, mee um Bildungsniveau. A bei der Bildung huet een da schonn de Krees gemaach an et ass ee nees bei den Notairen ukomm. Wann ee keng Loscht huet sech iwwert d‘Educatiounspolitik vum Minister Claude Meisch (DP) ze streiden – wat duerchaus verständlech wier – well et jo awer och fir d‘Lëtzebuerger Alternative gëtt, gëtt do awer eppes…

De Beruff vum Notaire fir Auslänner opzemaachen heescht jo eigentlech iwwersat, datt et där net genuch gëtt. Wann ee sech dann och nach kann drop verstännegen, datt een zimlech eppes an der Klatz muss hunn, fir dëse Beruff ze léieren, ergo en Notaire „keen Dommen“ ass, da sollt ee vun dësem erwaarden dierfen, datt hien eis Sprooch och léiert a gebraucht. Mee wat maache falls net?

Eigentlech kann een do nëmmen e gudden Androck an en dommst Gesiicht maachen. Nodeems am medezinesche Beräich och säitens de politesch Verantwortleche kee Wäert drop geluecht gouf, datt en Dokter der Landessprooch muss mächteg sinn, gouf eppes wéi e Prezedenzfall geschafen. An dir dierft mir gleewen, datt ass ee wäitaus gréissere Problem wéi beim Notaire. Och juristesch…

Wann et eigentlech an der Natur vun der Saach läit, datt de Notaire seng franséisch Grammaire muss beherrsche well déi ganz Legislatioun an de Sprooch vum Voltaire verfaasst ass, an hei am Land kee Ustalte mécht d‘Gesetzer an der Landessprooch ze verfaassen an de lëtzebuergeschen Text dee gültege wier, esou gesäit datt am Gesondheetssecteur eppes anescht aus, och rechtlech.

Virun enger Operatioun beispillsweis ass den Dokter gehalen de Patient voll ëmfänglech iwwert d‘Natur vum Agrëff an déi méiglech Risiken opzeklären. Dofir muss de Patient dann och säin Accord ginn, schrëftlech versteet sech. Dat sinn, wann de Patient den Dokter net verstanen huet a gewësser Mooss erzwongen Ënnerschrëften. An dat wäert sech net méi änneren, dat ass elo esou.

Wat d‘Police ubelaangt, esou dierft d‘Regierung, de Fall gesat et géif där „Pläng“, esou wéi se vum Wee2050 ugedeit ginn, sech do schwéier doen. Zum engen ass dat mat der CGFP an de Police-Gewerkschaften net ze maachen, an och um Krautmaart, dierft et dofir (nach) keng Majoritéit ginn.

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Lëtzebuergesch, Notaire, Wee2050
Nächsten Artikel Virrechten Artikel