Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!
Neiegkeeten

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!

Um groussherzoglechen Haff kann haut direkt duebel gefeiert ginn. S.A.R

Polen am Sträit mat Bréissel
Neiegkeeten

Polen am Sträit mat Bréissel

Iergendwann geet et duer an et muss een duerchgräifen. No

dislike
War Machine geet einfach net wäit genuch
Neiegkeeten

War Machine geet einfach net wäit genuch

War Machine huet eng eenzel Szen, déi am Fong de

Beim OGBL gëtt alt nees vu Streik geschwat

Beim OGBL gëtt alt nees vu Streik geschwat

Wann den 1.Mee op ee 27.Abrëll fält

Et ass schonn eng bosseg Moud déi sech am Land breet mécht. Esou brécht déi gréisst Lëtzebuerger Gewerkschaft einfach mir näischt, dir näischt, mat de Geflogenheeten an de President André Roelgen hält seng 1.Mee Ried einfach emol den 27.Abrëll. Domadder ass den Dag vun der Aarbecht awer elo net ofgesot, dee gëtt wuel nach gefeiert, an der Abbaye Neimënster, ganz traditionell.

Allerdéngs huet dësen 1.Mee ee neie Slogan an heescht elo „Fest vun der Aarbecht an de Kulturen“. Ee grousst Dëppefest ebe wou sech nach just am Randberäich mam eigentleche Sënn vun dësem Dag beschäftegt gëtt. Et schwätzt sécherlech näischt dergéint dat eng Gewerkschaft och kulturell Aktivitéiten ubitt an sech fir d’Reussite Partner sicht déi dat garantéiere kënnen. Wat dat allerdéngs historesch betruecht nach mat Aarbechtskampf ze dinn huet misst engem nach erkläert ginn.

Et gouf awer nees kierperbetount op d’grouss Tromm geschloen

Vollt Haus fir den OGB-L Meeting am regionalen Kulturzenter “Opderschmelz” zu Diddeleng (Foto. OGB-L)

Am Virfeld zum 1.Mee waren d’Membere vum erweiderten Nationalkomitee vun der gréisster Gewerkschaft also leschten Donneschdeg opgeruff ginn op Diddeleng an de regionale Kulturzenter „Opderschmelz“ ze kommen, wou se da sollte gewuer gi wat se vun hire Representanten an noer Zukunft ze erwaarden hunn. Déi éischt déi gewarnt goufen, waren d’Volleksvertrieder, well den André Roelgen mécht direkt ugangs eng Ausso déi sech un d’Regierungsparteie riicht an undeit wouhinner d’Rees op dësem Owend soll higoen.

Mir wäerten eis géint all Parteie verwieren, déi net däitlech Ofstand zu all Form vun Austeritéit- a falscher Spuerpolitik huelen.“ sou den OGBL-President, deen sech géint d’Schwaarzmolerei iwwert d’Zukunft vun den ëffentleche Finanze wiert. „D’Land brauch weder ee neien Zukunftspak nach en Ugrëff op de bestoende Pensiounssystem.“ Fir den André Roelgen riicht sech den Ofbau vum ëffentleche Pensiounssystem an éischter Linn géint d’Jugend an eng Verschlechterung géif et mam OGBL net ginn.

Hie weist allerdéngs zurecht dorops hin dat d’Belaaschtunge vun de leschte Joer nëmmen zum Deel konnte réckgängeg gemaach ginn. Ulass genuch fir schonns emol der LSAP am Virfeld zu de Parlamentswahle vun 2018 Réckendeckung ze ginn an der Regierung ze roden, sech net vun der CSV an dem ADR an d’Schranke weisen ze loossen. Him ass dann och onverständlech dat d’CSV esouwuel d’Steierreform wéi d’Upassung vum Elterecongé als Wahlkaddo duergestallt ginn.

Hie fuerdert dat den Ofbau vun de sozialen Ongläichheete, d’Steigerung vun der Kafkraaft an d’Stäerkung vun der Sozialversécherung an der verbleiwender Zäit dëser Legislaturperiode solle weidergedriwwe ginn. Et huet och seng Bedenken am Bezuch op d’Reform vun der Fleegeversécherung zum Ausdrock bruecht. D’Aféierung vu Fleegestufen kann näischt gudds bedeiten an, esou den OGBL-President, „De Gesetzesentworf muss a wiesentleche Punkte ofgeännert ginn.“ Den OGBL géif sech mat Nodrock enger „Celluele d’évaluation“ déi dem Sozialminister ënnerstallt ass, widdersetzen. Eng demokratesch Matbestëmmung wier esou nämlech net méiglech.

Haut nach geknoutert, muer scho gestreikt?

Am ëffentleche Gesondheets- a Sozialsecteur ramouert et zolidd an fir den André Roelgen ass ee Punkt erreecht wou Neel mat Käpp musse gemaach ginn. Hie fuerdert, natierlech och erëm mat Nodrock, dat d’Gehälterreform am ëffentlechen Déngscht och am Gesondheets- an Sozialsecteur ëmgesat gëtt. De „Patron“ wier awer a kenger Hisiicht bereet mat sech schwätzen ze loossen an et géif deemno och näischt méi ze verhandelen. Et géif sech ewell op ee Streik virbereet, seet den OGBL-President an ee Streik kéint just nach verhënnert gi wann sech all concernéiert Patrone mat de Fuerderunge géifen averstane weisen.

Et dierf een allerdéngs dervun ausgoen dat et des Kéier säitens der Regierung kaum zu enger Eenegung wäert kommen an et muss ee gespaant sinn op den OGBL dann och tatsächlech de Konflikt bis zum batteren Enn well duerchzéien. Géint d’Fuerderungen u sech ass allerdéngs och näischt ze soen, ausser vläicht dat d’Gewerkschaft probéiert d’Rechnung ouni de Wiert ze maachen. Esou sollt et dem André Roelgen dach net entgaange sinn dat et Pläng gëtt déi eng Privatisatioun vun de Spidäler virgesäit. Mat dem geplangte „Südspidol“ zu Esch Uelzecht kéint een Ufank an d’Haus stoen, Interessente jiddwerfalls gëtt et der genuch.

Mam Hummer an der Traufel op d’Strooss?

Ee weidere Secteur deen op Krawall gebiicht ass, ass dee vum Bauwiesen. Ee Konflikt deen d’Patronat sech siche geet. Voll Optragsbicher an trotz allem op enger Nullentwécklung vun de Léin bestoen ass fir den OGBL net novollzéibar . Verständlech also dat d’Mobiliséierung vun den Beschäftegten an der Baubranche ugefaangen huet an spéitstens no dem Kollektivcongé a seng „waarm“ Phase wäert antrieden.

Net besser gesäit am Bankesecteur aus, well sech d’Kollektivvertragsverhandlungen als schwiereg duerstellen. Idem bei de Gespréicher an der Stoltripartite, déi sech well iwwert sechs Méint hinzéien ouni dat een ee Schratt viru komm wier. Dem Management vun ArcelorMittal réit den OGBL den Wee vun enger proaktiver Astellungspolitik anzeschloen. An dësem Sënn bedauert den OGBL och dat an der Industrie verstäerkt op Interimsaarbecht zeréckgegraff gëtt.

Berechtegt Fuerderungen oder Wonschdenken?

Sécherlech ass et eng vun den Haaptaufgaben enger Gewerkschaft sech fir méi Loungerechtegkeet anzesetzen an hei gesäit den OGBL besonneschen Handlungsbedarf beim Mindestloun. Richteg ass dat ee Mënsch dee 40 Stonne schafft a de Mindestloun kritt, sech dovunner muss en dezent Liewe kënne leeschten. „Wann dat net de Fall ass, dann huet dat ganzt Land ee Problem.“ sot den André Roelgen, a fuerdert eng Erhéijung vun 10%.

Dat mécht Sënn an och net. Fir déi grouss Entreprisë wier et verhältnesméisseg einfach, mee grad déi hunn déi gréisste Lobby an oft setzt een oder méi Volleksvertrieder an hirem „Conseil d’Administration“ sou dat dee Schratt politesch kaum ëmzesetzen ass. Fir déi kleng a mëttelstänneg Firme sinn 10% eng Fuerderung déi ganz oft net ze erfëllen ass. Nieft dem Loun hu grad des Patrone mat extrem héije Loyeren ze kämpfen an och soss stinn se wiesentlech méi schlecht do wann et ëm Steiere oder Energieversuergung geet.

Ee weidere Punkt deen einfach muss ernimmt ginn, ass de Fakt dat den aktuelle Mindestloun fir déi meescht vun den 180.000 Frontaliere, ee richteg gutt Akommes ass a Si an eisen Nopeschlänner domadder ganz gutt iwwert d’Ronne kommen. Besser wier et wann sech d’Gewerkschaften dem Problem vun den héije Wunnkäschten hei am Land géif zouwennen a firwat net, vun der Regierung géif d’Aféiere vun enger „Negativsteier“ fuerderen.

Och huet den OGBL-President vergiess ze reklaméieren dat besonnesch déi als „Global player“ ze bezeechnend Konzerner vun der Regierung ee Steierkaddo nom aneren zougeschanzt kréien. Wou sollen also nach jonk Leit de Mutt hier huelen eng Firma ze grënnen an soumat Aarbechtsplaze schafen, wa vu viraans d’Spillregele géint se sinn? De Patron mat bis zu fënnef Salariéeën dierf net zum Spillball vun enger net zilorientéierter Gesellschaftspolitik verkommen.

Déi ganz Ried vum OGBL-President fannt der hei: http://www.ogbl.lu/blog/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017/

Nächsten Artikel Virrechten Artikel