Trump oder Biden?
Et ass eng Wal, wann net esouguer déi Wal, wou
Am Kontext vum éischte Joer vun der neier Legislaturperiod –
Am Kontext vum politesche Wëlle fir eng Reform vum Wahlgesetz,
Et war schonns déi véiert Biergerversammlung zum Thema „Gellé Strooss“ an den ugrenzende Stroossen. D‘Gellé-Strooss, dat eng Strooss mat Groundschoulbetrib a Schoultransport, Livraisoune fir d‘Restauranten an d‘Geschäfter, mat queeschstoende Parkplazen. Et besteet eng Zon „30“, déi seelen agehale gëtt.
Mam Opmarsch vu bal dem ganze Schäfferot, esou wéi vun de Verantwortleche vun den dofir zoustännege Gemengeservicer, sollt de Bierger vläicht emol gewise ginn, datt ee sech fir hir Problemer interesséiert. Stattdessen huet sech dat Ganzt als eng massiv Demonstratioun vu Muecht duergestallt an huet fir eng konfrontativ Stëmmung gesuergt.
Eng Biergerversammlung ass keng Schoulstonn, wou d‘Bierger an d‘Biergerinnen informéiert ginn a wou hinne verkënnt gëtt, wat geet a wat net. D‘Sëtzuerdnung, esou wéi d‘Aart a Weis wéi déi héich Vertrieder optrieden, seet vill iwwert hiert Verständnis vun der Biergerbedeelegung. An dësem konkrete Fall gouf offensichtlech, datt de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg net bereet war, mat den implizéierte Bierger a Biergerinnen op Aenhéicht ëmzegoen an hir Virschléi eescht ze huelen.
Zum engen ass et wichteg, datt bei esou engem Prozess, onofhängeg Professioneller d‘Bierger an d‘Biergerinne begleeden, esou d‘Gemeng selwer duerch de Bedeelegungsprozess begleeden. Déi sinn neutral a suergen dofir, datt jidderee seng Riednerzäit anhält. Et gëtt och ee Bericht an deem sech widderspigelt, wat beschwat a wat festgehale gouf.
Zweetens, mussen den Ufank an d‘Enn vum Prozess definéiert ginn. Jidderee soll wëssen, wéini hie sech abrénge kann a wéini eng Entscheedung fält. Si méi Entrevue virgesinn, muss vu vireran festgeluecht ginn, wéi eng Themen zu wellechem Zäitpunkt ugeschwat ginn a wéi eng Aschränkungen zum droe kommen.
Et hëlleft kengem, wann ee Projet ne viru kënnt, well déi wierklech Grënn net genannt ginn an d‘Aarbecht vun der Verwaltung ausgebremst gëtt. Et geet ëm effizient Schaffen an et soll verhënnert ginn, datt muencher schliisslech d‘Handduch geheien, well si zur Iwwerzeegung komm sinn, datt déi ugebuede Bedeelegung eng Täuschung ass.
Drëttens ass de Verlaf ausschlaggebend. Hei ass dat bekannte Konzept „Zukunftswerkstatt“ villverspriechend. (Aus Plazgrënn huet déi lénk dat hei net kënne verdéiwen, hei ee LINK – N.v.d.R)
Wat kann ëmgesat ginn, muss net insgesamt an net direkt autoriséiert ginn. D‘Bierger an d‘Biergerinnen awer vollkommen am Onkloren ze loossen, oder déi allermeeschte Virschléi ofzeblocken… dat geet guer net.
An dësem Fall war deem allerdéngs esou. No véier Biergerversammlungen ass d‘Resultat gläich null, woubäi eigentlech negativ géintiwwer der Ausgankssituatioun:
Nach eng wichteg Bemierkung zum Schluss: d‘Kanner vun der Gellé-Schoul, déi do all Dag iwwert d‘Strooss ginn an an den ugrenzende Quartiere wunnen, sinn net ëm hir Meenung gefrot ginn. Dobäi si Politiker ëmmer äifreg beméit, hir Suerg ëm d‘Kanner zum Ausdrock ze bréngen. Allerdéngs gëllt an der Stad Lëtzebuerg d‘Suerg vum Schäfferot éischter op der fräier Faart vun den Automobilisten. D‘Diskussioun ëm d‘Neigestaltung vun der Gellé-Strooss an den ugrenzende Quartier, ass eng weider Episod an dës Richtung.
Matgedeelt vum Ana Correia Da Veiga an dem Guy Foetz, Gemengeréit vun déi lénk an der Stad; d‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser
Illustratioun: © Jakob Owens