Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pakistan späert dausende Internetsäiten wéinst Gotteslästerung
Crazy Fail Neiegkeeten

Pakistan späert dausende Internetsäiten wéinst Gotteslästerung

Laut Indymedia Informatiounen ergräift d‘Administratioun fir Telekommunikatioun a Pakistan (PTA)

Palestina gëtt vun zwou neien UN-Agencen opgeholl
Crazy Fail Neiegkeeten

Palestina gëtt vun zwou neien UN-Agencen opgeholl

Palestina, scho Member vun der UNESCO säit 2011, ass vun

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn
Crazy Fail Neiegkeeten

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn

De spuenesche Riichter, deen sech mat der Enquête zur versichter

tonguedislike

Éischt Erfolleger bei Bekämpfung vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet

Éischt Erfolleger bei Bekämpfung vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit, huet um Freideg zu Wolz an Ettelbréck déi éischt zéng Aarbechtsverträg u fréier Laangzäitchômeure iwwerginn. Am Kader vun dësen Zeremonien huet de Minister sech dann och ganz zefridde gewisen, datt et gelongen ass de Programm un d‘rulle bruecht ze hunn.

Mat éischten Aarbechtsverträg hätt een esou deene Mënschen net nëmmen eng fest Aarbechtsplaz, mee villméi hir Würd zréckginn. An fir déi 150 Plazen déi versprach goufen, hätten dann och déi bedeelegt Gemengen an Institutiounen der 45 ugemellt. Fir 34 vun dëse Plaze wieren entspriechend Kandidate fonnt ginn: 5 Fraen an 29 Männer, vun deenen der 25 méi wéi 50 Joer al sinn, dierfen sech also iwwert hir nei Schaff freeën.

Nieft Wolz an Ettelbréck hu véier weider Gemengen, aacht Veräiner, e Gemengesyndikat, zwou Stëftungen, eng sozial Entreprise, zwee Tourismus-Syndikater an och zwou Federatiounen hiren Interessi u Mataarbechter am Kader vum Programm zur Bekämpfung vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet ugemellt. De Nicolas Schmitt ass dann och zouversiichtlech, datt een nach dëst Joer déi versprachen 150 Plazen zesummekritt.

De Minister ass vun alle de Mesuren déi bis ewell ageleet goufen iwwerzeegt. Esou hätten d‘Reforme vum Aarbechtsmaart derzou bäigedroen, datt zu Lëtzebuerg de Chômage Mount fir Mount géif zréckgoen. An et ass dann och richteg, datt zanter de leschten 33 Méint eng reell Baisse ze verzeechnen ass, och wann déi positiv Entwécklung net all Kategorie vu Chômeure gläich erfaasst.

Et sinn besonnesch d‘Laangzäitchômeuren déi wéineg bis guer net vun der gudder Konjunktur profitéieren. Aktuell sinn dat 7.277 Persounen an bei deene versoen déi klassesch Mechanismen. Fir den Aarbechtsminister eng Situatioun déi een als sozial Gesellschaft net gutt heesche kann. Zudeem wier et beonrouegend festzestellen, datt hei zu Lëtzebuerg esou eng grouss Zuel u Mënschen an d‘Precaritéit geroden, ouni Hoffnung do nees erauszekommen.

Foto: Iwwergab vun den Aarbechtsverträg zu Ettelbréck © MTEES/SIP

Ähnlech Sujeten Konjunktur, Laangzäitaarbechtslosegkeet, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel