Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?
Neiegkeeten

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?

Wat richteg ass fir den Tubak, ka fir den Alkohol

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet
Neiegkeeten

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet

Et war eng gutt gefëllten Dagesuerdnung déi de Schäfferot um

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?
Neiegkeeten

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?

Läscht Woch hunn d’Ministere Lydia Mutsch, Romain Schneider, Claude Meisch

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Um 8. November 2018 bitt d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an Zesummenaarbecht mat der Police an dem Vëlo Sport Center ee Beliichtungscheck un, natierlech mat Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg. Vu 17:00 b eis 19:00 Auer ginn alleguer d’Vëlosfuerer, déi beim Rond-Point Schuman laanscht fueren, d’Geleeënheet gebueden d’Luuchte vum Drotiesel kontrolléiere, a wann noutwenneg a méiglech, se och reparéieren ze loossen.

D’Police ass ee wichtege Partner bei dëser Aktioun. Vëlosfuerer, déi ouni oder wéineg Beliichtung ënnerwee sinn, ginn, wéi Autofuerer am normale Verkéier, ugehalen. Ziel ass dobäi d’Preventioun an d’Opkläerung, an net d’Bestrofung. Et geet vill méi dorëms d’Leit an der donkeler Joreszäit ze schützen a se op d’Geforen opmierksam ze maachen. Déi meescht Vëlosfuerer ënnerschätzen tatsächlech de Risiko am Stroosseverkéier.

Unhand vun enger Checlëschtwäerten Fräiwëlleger vun LVI d’Vëloe kontrolléieren an d’Fuerer op gesetzlech Virschrëfte vum Code de la Route opmierksam maachen. De Vëlo Sport Center kann an engem klengen Atelier op der Plaz kleng Reparature maachen an iwwert d’Wichtegkeet vu passiver Beliichtung (z.B. Reflektéierend Kleedung) informéieren. D’Stad Lëtzebuerg sponsert d’Beliichtung an d’Gadgeten, déi zur Verfügung gestallt ginn.

Säit 2012 organiséiert den LVI dësen Check am Rond-Point Schuman, an dat mat groussem Succès. Esou konnte bis elo 400 Vëloe kontrolléier ginn.

Ähnlech Sujeten Beliichtung, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, Police, Stad Lëtzebuerg, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel