Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft
Auto Money Neiegkeeten

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft

Liichtverschmotzung gëtt ëmmer méi zu engem Thema. Dorënner versteet een

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas
Auto Money Neiegkeeten

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas

An enger Kierch am Texas huet e Mann, matten am

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer
Auto Money Neiegkeeten

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer

Um Mëttwoch stoungen sech an der Sportshal vu Stroossen, d‘Männer

money

Esou bëlleg waren d‘Autoen nach ni

Esou bëlleg waren d‘Autoen nach ni

Well d‘Automobilindustrie nom Lockdown am Kontext vun der Covid19-Pandemie méi Gefierer op Lager huet wéi si sech et leescht kann, gëtt elo keng Ustrengung ënnerlooss, dës Bestänn mat ganz besonnesch attraktiven Offere méiglechst zügeg ofzebauen.

Dir waart vum Autofestival 2020 net begeeschtert? Ma d‘Garagisten anscheinend och net an bei den Hiersteller ass alles am „roude Beräich“. Déi hunn – wuel och wëll et kaum aner Alternative gëtt – eng aggressiv Strategie op de Wee bruecht, fir hir Blechkarosse méiglechst séier op d‘Stroossen ze bréngen. Dëse Fait war dann och Géigestand vun der FEBIAC-Generalversammlung (17. Juni).

FEBIAC, dat ass déi belsch-lëtzebuergesch Federatioun vum Automobil an dem Zweerad, an där och d‘FEDAMO, de Lëtzebuerger Verband vun den Distributeure vun Autoen an der Mobilitéit – deen Enn 2018 aus der Fusioun vun ADAL a FEGARLUX entstanen ass – duerch hire President Philippe Mersch, vertrueden ass. Deen hat Enn Mäerz am Paperjam op d‘Situatioun higewisen.

Mat der vun der Automobilindustrie initiéierter Charmoffensiv „Et ass ee gudden Zäitpunkt sech en neien Auto ze kafen“ sollten sech d‘Garagisten an der Belsch an zu Lëtzebuerg op ganz interessant Remise freeën dierfen. D‘Vente huet nämlech den Ament déi allergréisste Prioritéit. Dat läit an der Natur vun der Saach, schliisslech mussen elo déi ganz Produktiounsiwwerschëss ofgebaut ginn.

Et muss ee sech unzeleeë wëssen

De Generaldirekter (CEO) vun Autodis, Marc Graas, huet déi schwiereg Zäit genotzt, a fir ronn 2 Milliounen Euro eng 30 Gefierer „zu attraktive Konditiounen“ bei Importateuren anzekafen. Laut dem CEO hätt sech hei 20% Rabatt séchere kënnen. D‘Vente hätt sech esou och eenegermoossen erholl, mee et dierft komplizéiert bleiwen, déi 20% Ëmsazverloscht domadder auszegläichen.

Mee och all déi aner „grouss“ Acteuren, wéi Car Avenue (Rodenbourg) oder Autopolis hi villes op Lager deem se sech nawell gären zäitno entleedege wéilten. Jee no Modell kann sech de Client op Offere mat bis zu 30% reduzéierte Präisser astellen. Et ass allerdéngs eng Offer, zumindest konnt een dat bei engem Tour duerch d‘Garage feststellen, déi net bei Elektroautoen Uwennung fënnt.

Interessant ass nach de Fait, datt fir déi Leit wou ee sougenannten „Hauskredit“ fir de Kaf vum „Neien“ an Usproch huele wëllen, mat wierklech gudden Zënssätz gelackelt ginn. Heibäi heescht et awer „opmierksam bleiwen“. Et ass kee Feeler sech um Site guichet.lu, an eventuell bei der ULC (Konsumenteschutz) ze Informéieren, iert ee säi Krop ënnert e Prêt beim Garagist setzt.

Illustratioun: Mat bis zu 30% Rabatt op en neien Auto, kann een e Geschäft maachen. Leider wierkt sech dës zimmlech „konsequent“ Offer net wierklech op de Segment „Elektro“ aus. © Eric McLean / unsplash

Ähnlech Sujeten Auto, Automobilindustrie, FEBIAC, Fedamo, Rabatt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel